Op den Inhalt sprangen

Werner Thärichen

Vu Wikipedia
Werner Thärichen
Gebuer 18. August 1921
Gestuerwen 24. Abrëll 2008
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Komponist, Universitéitsprofesser, Perkussionist
Member vun Berliner Philharmoniker

De Werner Thärichen, gebuer den 18. August 1921 zu Neuhardenberg an der deemoleger Mark Brandenburg, a gestuerwen de 24. Abrëll 2008 zu Berlin, war en däitsche Komponist a Perkussionist. Hie war zanter 1948 Member vun de Berliner Philharmoniker.

Hien huet op der Hochschule für Musik zu Berlin Dirigéieren a Kompositioun studéiert a war Perkussionist an der Berliner Volksoper an de Staatoperen zu Hamburg an zu Berlin.

Dee gréissten Deel vu senge Wierker si Concerte fir een Instrument an Orchester.

Säi Jong, den Nicolai Thärichen ass Jazzpianist a Komponist.

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Konzert für Pauken und Orchester, op.34, 1954
  • Schlagzeug-Trio, op. 52
  • Bläseroktett, op.40, 1960, 20', Weltpremière 01.10.1960 op de Berliner Festwochen
  • Konzert für Oboe und Orchester, op.46, 1967
  • Konzert für Marimbaphon, Posaune und Orchester, op. 53, 1974, 24', Weltpremière den 28.02.1974 zu Bochum
  • Konzert für Schlagzeug und Orchester