Wichser

Vu Wikipedia

Wichser (ëmgangssproochlech och als Wixer geschriwwen) ass eng ausschliisslech ofwäertent Bezeechnung fir eng männlech Persoun, déi sech masturbéiert, am Sënn vun enger Persoun déi näischt kann an et zu näischt bréngt. De Begrëff gëtt als Beleidegung a Frechheet benotzt.

Den etymologeschen Ursprong vum Wuert ass net vulgär, mee kënnt vum däitsche wachsen, einwachsen d. h. d'opschmieren a blénkeg reiwe vu Wichs sief dat op Biedem, Schong, Stiwwelen, Schi, Päerdsgeschir, oder och Miwwelen.

Am Zaldotejargon vum Éischte Weltkrich krut d'Wuert Wichsen dunn awer eng aner Connotatioun, an zwar fir déi männlech Masturbatioun, an implizit och fir d'Versoen, well d'Botzen (d'Wichsen) vun de Stiwwelen vun den Offizéier oder der ganzer Mannschaft eng beléift Erniddregung war, fir Zaldoten ze disziplinéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]