Wiesener Viadukt

Vu Wikipedia
De Viadukt, wou grad eng Ge 4/4 II vun der RhB e Pendelzuch driwwer zitt.
Dem Kirchner säi Bild dovun.

De Wiesener Viadukt ass eng Eisenbunnsbréck südlech vun Davos Wiesen am Schwäizer Kanton Graubünden. D'Eisebunnslinn Davos Platz–Filisur déi vun der Rhätische Bahn (RhB) exploitéiert gëtt, féiert iwwer d'Bréck.

De Viadukt ass 88,9 m héich an 210 m laang. En huet en 3,7 m breeden Haaptbou dee 55 m iwwerspaant, an 2, repektiv 4 Niewebéi à 20 m. Am ëstlechen Deel ass eng liicht Kéier agebaut.

E gouf vum Oberingenieur vun der RhB, dem Friedrich Hennings, entworf, an tëschent 1906 an 1909 gebaut. En ass aus Betongssteng, mat enger baussenzeger Verkleedung aus Natursteen. En huet 1926 de Moler Ernst Ludwig Kirchner zu sengem Bild Brücke bei Wiesen inspiréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gesellschaft für Ingenieurbaukunst (Hrsg.), Peter Marti, Orlando Monsch und Massimo Laffranchi: Schweizer Eisenbahnbrücken. 1. Auflage. vdf Hochschulverlag AG, Zürich 2001. ISBN 978-3-7281-2786-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wiesener Viadukt – Biller, Videoen oder Audiodateien