Wiessel (Schäin)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Wiessel (däitsch: Wechsel; franséisch: lettre de change) ass en Handelsdokument, eng Aart Scholdschäin (franséisch: effet de commerce), deen op Drëttpersounen iwwerdroe ka ginn. Déi kréien dann d'Recht, fir um Verfallsdag d'Aléisung vum Scholdschäi vun deem, op deen e gezunn ass, ze fuerderen. De Wiessel gëtt vun engem Tireur, dem Verkeefer, ausgestallt a stellt eng Opfuerderung un den Tiré, de Keefer, duer, den entspriechende Betrag um Verfallsdag un de Verkeefer oder de Porteur vum Wiessel ze bezuelen.
Um Wiessel steet:

  • Den Numm vum Verkeefer, fr.: Tireur, deen de Schäin ausstellt;
  • Den Numm vum Keefer, Tiré, deen de Géigewäert um Verfallsdag schëlleg ass;
  • Den Numm vum Beneficiaire, dem Verkeefer oder enger Drëttpersoun;
  • D'Akzeptatioun vum Keefer, um Verfallsdag de Wiessel un deen, deen e presentéiert ze bezuelen.

Duerno huet de Verkeefer verschidde Méiglechkeeten:

  • Um Verfallsdag presentéiert hien dem Keefer de Wiessel fir ze bezuelen;
  • De Verkeefer léist de Wiessel bei enger Bank an (Endossement), déi him de Wiessel escomptéiert, dat heescht datt se him no Ofzuch vun enger Provisioun an den Zënse bis zum Verfallsdag de Betrag guttschreift. De Virdeel vum Wiessel besteet doran, datt en erlaabt Scholden ze mobiliséieren an doduerch d'Roll vun engem Kreditinstrument spille kann.

Fir d'Bank stellt en eng Sécherheet duer. Si huet och hirersäits d'Méiglechkeet, fir hir Wiesselen ze reescomptéieren, ënner anerem bei der nationaler Emissiounsbank a sou, wann noutwenneg, een Deel vun hire Kreditter ze mobiliséieren. Wann de Keefer net bezuelt, da gëtt de Wiessel iwwer en Dierwiechter protestéiert a kënnt op d'Lëscht vun de Protêten, eng Lëscht, déi reegelméisseg verëffentlecht gëtt.