Wikipedia:WikiProjet 20 Joer

Hei stinn Informatiounen am Zesummenhank mam 20. Anniversaire vun der Lëtzebuergescher Wikipedia, am Hierscht 2024.
20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch
[Quelltext änneren]Den 21. Juli 2024 waren et genee 20 Joer hier, datt d'Benotzerin Briséis déi éischt Säiten op d'Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch eropgelueden huet.
Zanterhier si mer bei 64.950 Artikelen ukomm. Dosende vu benevolle Contributeuren hu ronn 240 Megabyte[1] un enzyklopedeschen Informatioune geschriwwen, verbessert, aktualiséiert oder illustréiert. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch huet sech wéi e Puzzel, Stéck fir Stéck zu enger eemoleger Informatiounsquell op Lëtzebuergesch, an absënns (ma net nëmmen) iwwer Theeme mat engem Bezuch op Lëtzebuerg, entwéckelt.

Zesumme mam Veräin Wikimedia Lëtzebuerg asbl. wëlle mer, als Benotzercommunautéit, dëse Gebuertsdag zesumme feieren.
Aktivitéiten
[Quelltext änneren]- Konferenz um Thema De Diderot à Wikipédia – la transformation de l’accès à la connaissance vum Rémi Mathis, déi de 26. September 2024 an der Nationalbibliothéik vun der BNL, an Zesummenaarbecht mat Wikimedia Lëtzebuerg, organiséiert gouf. All Mataarbechter waren häerzlech invitéiert. Umelle konnt ee sech iwwer dëse Link.
- Nos cahiers Nr 4, 2024
- Jean-Louis Gindt, 20 Joer Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch, nos cahiers, 4, 2024, S. 33-40.
- Tom Diderich, Wikipedia op Lëtzebuergesch: E Medium fir d‘Verbreedung vun Informatiounen iwwer Lëtzebuerger Kultur a Gesellschaft; e Bäitrag zum Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch. nos cahiers, 4. 2024, S. 41-60.
- Kafka-Würdigung in „nos cahiers“, Der Prager Schriftsteller, der 20. Jahrestag des Bestehens von Wikipedia Lëtzebuerg und weitere Themen in der vierten Nummer der Kulturzeitschrift., wort.lu; Luxemburger Wort (21.12.2024), S. 73
Material
[Quelltext änneren]Presserevue
[Quelltext änneren]- Diana Hoffmann: 20 Joer Wikipedia Lëtzebuerg: 64.000 Artikelen a Lëtzebuerger Sprooch, rtl.lu, 19.10.2024 (mat Ausschnëtt aus dem Journal vun RTL Tele Lëtzebuerg, 18.10.2024).
- Mélissa Petit: "Qui se cache derrière le Wikipédia en luxembourgeois?" L'essentiel.lu, 24.09.2024.
- Marc Thill: "Wikipedia Luxemburg: Das digitale Gedächtnis des Landes." wort.lu, 15.10.2024; an der Pabeierversioun als "Luxemburgs digitales Gedächtnis", in: Luxemburger Wort Nr.242 (176 Jg.), 15.10.2024, S.39, an an der englescher Iwwersetzung vum Kabir Agarwal als "The unsung heroes of Luxembourg’s online knowledge hub" op luxtimes.lu, 20.10.2024.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Baséiert op dësem Dump vun der Säit https://dumps.wikimedia.org/lbwiki/20240420/. Well de Fichier kompriméiert ass, muss een e fir d'éischt „entpaken“, fir déi tatsächlech Gréisst ze gesinn.