Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Babel

Vu Wikipedia
Den Tuerm vu Babel, gemoolt vum Pieter Bruegel dem Eeleren (1563)

De Babel-System op der Wikipedia erméiglecht et de Wikipedianer, op hirer Benotzersäit mat Hëllef vu klenge Bausteng unzeginn, wat fir eng Sprooche se kënnen a wéi gutt se se beherrschen.

Dës Iddi, fir dem Sproochechaos Meeschter ze ginn (et huet jo kee Wäert engem Benotzer e Message ze schreiwen an enger Sprooch, déi e guer net kann), ass als éischt op Wikimedia Commons opkomm an duerno vu Meta-Wiki an nach méi spéit vun deenen eenzele Wikipediaen iwwerholl ginn.

Sproochniveau uginn

[Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Méiglechkeete fir Sproochekëschten ze setzen:

  • Déi éischt Méiglechkeet ass den ale System mat der Schabloun {{Babel}} ze benotzen, andeems een {{Babel|xx-n|...}} op seng Benotzersäit setzt.
  • Déi zweet Méiglechkeet ass d'Parserfunktioun #babel ze benotzen, andeems een {{#babel:xx-n|...}} op seng Benotzersäit setzt.

Dobäi ass xx den zweestellege ISO-639-1-Sproochcode (Beispiller: lb fir Lëtzebuergesch, de fir Däitsch, fr fir Franséisch etc.) an n steet fir de Sproochniveau.

Eng vollstänneg Lëscht vun de Sproochcode fannt Dir z. B. op dëser Säit vun der Library of Congress. Déi méiglech Sproochniveaue sinn:

  • 0: De Benotzer versteet d'Sprooch guer net oder just mat grousse Schwieregkeeten.
  • 1: De Benotzer huet Grondkenntnisser an der Sprooch.
  • 2: De Benotzer huet e mëttleren Niveau an der Sprooch.
  • 3: De Benotzer huet an fortgeschrattenen Niveau an der Sprooch.
  • 4: De Benotzer beherrscht d'Sprooch um Niveau vun engem Mammesproochler.
  • 5: De Benotzer huet professionell Kenntnisser an der Sprooch. Dësen Niveau sollt just benotzt ginn, wann een d'Sprooch studéiert huet an/oder an engem professionelle, op d'Sprooch fokusséierte Kader mat där Sprooch schafft, wéi zum Beispill als Journalist oder Iwwersetzer.
  • M resp.N: D'Sprooch ass eng Mammesprooch vum Benotzer. Wann een dësen Niveau fir eng Sprooch ugi wëll, schreift ee just de Sproochcode an d'Schabloun resp. Parserfunktioun, ouni Code fir den Niveau. An der Sproochkategorie gëtt „M“ benotzt, an der Sproochkëscht vun der Parserfunktioun „N“ an an där vun der Babelschabloun näischt.

Beispiller

[Quelltext änneren]

{{Babel|lb|de-4|fr-3}} gëtt

Wikipedia:Babel
Dësem Benotzer seng Mammesprooch ass Lëtzebuergesch.


de-4
Dieser Benutzer beherrscht Deutsch annähernd auf Muttersprachniveau.


fr-3
Cette personne peut contribuer avec un niveau avancé de français.

{{#babel:lb|de-4|fr-3}} gëtt

Babel-Benotzerinformatiounen
lb-N Dësem Benotzer seng Mammesprooch ass Lëtzebuergesch.
de-4 Dieser Benutzer beherrscht Deutsch auf muttersprachlichem Niveau.
fr-3 Cette personne dispose de connaissances avancées en français.
Benotzer no Sprooch

Ënnerscheed tëscht de Methoden

[Quelltext änneren]

Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Babelschabloun an der Babelparserfunktioun? Bei der Babel-Schabloun muss fir all Sprooch plus Sproochniveau eng eenzel Këschteschabloun hei op der lëtzebuergescher Wikipedia ugeluecht ginn a wee probéiert, eng Sprooch unzeginn, fir déi et hei nach keng Schabloune gëtt, dee kritt e roude Link ugewisen, bis een dat nohëlt; ausserdeem muss een déi néideg Sproochniveauskategorien och selwer uleeën. D'Sproochniveausschabloune fënnt een an der Kategorie:Babel-Sprooch an d'Kategorië fir d'Benotzer no Sprooch a Sproochniveau an der Kategorie:Benotzer no Sproochen.

D'Babel-Parserfunktioun dogéint ass eng MediaWiki-Erweiderung an d'Sproochkëschte mussen net manuell ugeluecht ginn[1]. Wann een eng Sprooch ugi sollt, déi op der lëtzebuergescher Wikipedia nach net virkënnt, gëtt déi entspriechend Kategorie automatesch vum Benotzer:Babel AutoCreate ugeluecht[2].

Aner Benotzerkëschten

[Quelltext änneren]

Et kann een d'Babelkëschten op senger Benotzersäit och mat Këschte kombinéieren, déi näischt mat Sproochekenntnisser ze dinn hunn. Dat kënnen all Schabloune sinn, déi mat „Benotzer“ ufänken. Sou kann een zum Beispill d'Schabloun {{Benotzer SUL}} abannen, andeems ee {{Babel|lb|de-4|fr-3|SUL}} resp. {{#babel:lb|de-4|fr-3|SUL}} setzt (et muss een de „Benotzer“ um Ufank vum Schablounentitel genau sou wéi bei de Sproochschablounen ewechloossen).

D'Schabloune fir Benotzerkëschte fënnt een an der Kategorie:Schablounen:Babel a fir selwer nei Benotzerkëschteschablounen opzebauen, hëlt een d'Babelfield-Schablounen. Am einfachsten ass et sech bei besteeënde Schablounen z'inspiréieren.

Benotzerkëschte mat Parameteren

[Quelltext änneren]

Wann een eng Benotzerkëschteschabloun mat Parameteren – wéi z. B. {{Benotzer Bot-Bedreiwer}}, wou een den Numm vum Bot ugi muss – benotze wëll, féiert déi uewe beschriwwen Approche net wäit. Dofir gëtt et awer Léisung mat de Schablounen {{Userboxtop}} a {{Userboxbottom}}, zum Beispill:

{{Userboxtop}}
{{#babel:plain=1|lb|de-4|fr-3}}
{{Benotzer Bot-Bedreiwer|BeispillBot}}
{{Benotzer SUL}}
{{Userboxbottom}}

Mat Userboxtop a Userboxbottom gëtt de Gesamtkader gesat a mam Parameter plain=1 gëtt de Kader ënnerdréckt, deen anerwäerts vun der Babelparserfunktioun ronderëm d'Sproochkëschte geluecht gi wier. Mat der Babelschabloun ass dat (aktuell) net méiglech.

  1. Den Text vun de Sproochkëschte gëtt zentral op translatewiki.net definéiert: https://translatewiki.net/wiki/Special:MessageGroupStats?group=ext-babel.
  2. Déi lokal Konfiguratioun vun der Babel-Erweiderung ka vun Administrateuren op der Spezialsäit Spezial:CommunityConfiguration/Babel geännert ginn.