Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/August

Vu Wikipedia

(a wou ass d'Foto??) :-) :-)[Quelltext änneren]

Daat waat ech elo hei schreiwen soll emool der zou beidroen fir de Stamminet mol erem méi ageabel ze gesinn. Ech verspriechen hamat héich an hellëch dass soubaal wéi ech Congé kréien direkt an d'Auvergne rennen an eng Photo vum Kéis maachen. Mat e bësselche Chance kann ech dann och nach eng vun engem Messer maachen oder vun de Kéi déi d'Mellech liwweren et sinn nämlich ganz besonnesch schéiner mat laangen Haaren. Et deet mer leed, mee deen leschten Kéis hun ech géiess eier ech dru geduecht haat eng Photo ze maachen. Mee bei mengem nächsten Artikel ass eng Phot derbäi. Iwwregens beim Artikel iwwer de Goss hun ech hun keng Photo dragesaat wëll ech hu keen Goss méi. :-):-) Les Meloures 17:31, 1 August 2006 (UTC)

Pletschette gehéiert zu der Gemeng Miedernach[Quelltext änneren]

Den Duerchschnëtt vun der Zuel vun de Wierder an den Artikelen iwwer lëtzebuergesch Uertschaften oder Gemengen wäert manner wéi zéng sinn. Bei ville steet emol net d'Awunnerzuel dran. Wa mer et net fäerdeg bréngen, spezifesch lëtzebuergesch "Saachen" hei ze "recherchéieren", wie soll dann nach eppes an der lb-Wiki nokucke wëllen? --Cornischong 00:17, 4 August 2006 (UTC)

Zweifelen ass schonn eng Sënn[Quelltext änneren]

Aus der däitschsproocheger Wikipedia (et geet iwwer déi lëtzebuergesch Versioune vum "Windows xp" an dem "office xp":
"ist das ein witz oder gibt's das wirklich? Oder meinst du die spracheinstellung deutsch(luxemburg)?? ich kann mir jedenfalls beim besten willen nicht vorstellen, dass es so etwas geben sollte.Spanish Inquisition 00:03, 10. Jul 2006 (CEST)
--Cornischong 17:24, 4 August 2006 (UTC)

Rout Garen[Quelltext änneren]

Vun den iwwer siwenzeg Garen am Lëscht vun den CFL-Garen sinn der zwou blo. Wann de Kollektivcongé eriwwer ass, wäert et besser ginn, oder waarde mer, bis datt d'en-Wiki d'Gare "behandelt"? --Cornischong 11:48, 7 August 2006 (UTC)

Wikisource[Quelltext änneren]

Den Domain lb.wikisource.org gouf vu mir ugefrot, fir datt mer déi Saache wou mer ëmmer soen "déi gehéieren eigentlech op Wikisource" (Liddertexter etc.) och endlech passabel dohinnerstelle kënnen.

=> Hei ënnerschreiwe goen. Ech hu mer den éischte Bureaucrate-Status emol direkt mat ugefrot, fir den technesche Krom wéi d'Tabell op der Säit etc. direkt kënnen ze änneren. Wéivill Zäit mir am Endeffekt alleguerten doranner stiechen ass an deem Sënn emol egal, mee dann hu mer wéi gesot emol eis "Ressourcen-Datebank" do stoen.

Also all dohinner an derfir stëmmen, datt dat séier iwwert d'Bühn geet :-)

--Briséisβρισεισ 13:44, 17 Juli 2006 (UTC)

Wat een esou um Spaweck fënnt[Quelltext änneren]

[1] --Cornischong 11:50, 7 August 2006 (UTC)

Sënnvoll fir Wierder an ëmgangssproochlech gebrauchten nei Wierder aus Hip-Hop an Jugendkultur opzeschreiwen?[Quelltext änneren]

Salut, ech froe mech op et sennvoll ass dei nei Wierder aus der HipHopkultur oder eben Jugendkultur, also am grousse ganzen dei Wierder oder 'Redewendungen' dei ennert Jugendlechen entstinn ze "wikidigitaliseieren" (also entpsriechend Artikelen ze verfaassen). Ech geiff dat dann dee Moment uffaenken an meiglechst vill daer Ausdreck anzedroen. Fier e Beispill ze ginn hunn ech schon den eischten Artikel geschriwwen an zwar iwwert den Ausdrock "Flowen". ech soen ierch am viraus merci fier aer kommentaren. Max

Ech mengen dass et net sënnvoll ass fir fir all eenzelnen, sougenannten neien Ausdrock e ganzen Artikel ze schreiwen. Dës nei Ausdréck, déi haut "megacool" sinn, kënne muer schon iwwerliewt sin absolut net méi "flowen". Et wier awer sënnvoll fir en Artikel am Allgemengen iwer dës Subkultur ze schreiwen mat, ënner anerem, evt. Beispiller vu sou Ausdréck. D'Meenung vum Pecalux 09:55, 8 August 2006 (UTC)
Salut Max. Wéi ech den Artikel gesinn hat, hunn ech mer déi Fro och gestallt. De Problem, deen ech gesinn: Wéini kann ee soen, datt deen "neien Ausdrock" an der Jugendzeen "gebraucht" gëtt? Mer riskéieren, datt iergeneen "egal wat" hei feelbitt, an eis wëll iwwerzeegen, datt dat Wuert oder den Ausdrock zum "Standard" gehéiert. D'Iddi ass op alle Fall ganz interessant. Looss mer mol e bësse waarden, bis d'Vollek sech "ausgedréckt" huet. An der Tëschenzäit wier et wuel wichteg, wanns de dech wéils un en Artikel ginn, deen dat Ganzt, also sou eppes wéi "Neologismen an der Jugendsprooch" oder "Jugendsprooch zu Lëtzebuerg" oder sou, iwwerbléckt. Ee muss jo domat ufänken, da léiwer direkt hei. Ech si gespaant!! Da fuer mol lass, seet de Grufti --Cornischong 09:59, 8 August 2006 (UTC)
Salut Max. Ech schléissen mech der Meenung vum Pecalux an vum Cornischong un, och an deem Sënn dass een 1 Artikel iwwerdaat Ganzt soll schreiwen an d'Explikatiounen zu deene Wieder alleguer an deem Artikel soll maachen. Soss ass d'Idi gudd. Les Meloures 10:15, 8 August 2006 (UTC)
Relax, ech si frou d'ass ierch d'Idee gefaellt, Recht huet den Pecalux op alle Fall. Dat heescht ech waerd also uffaenken een Artikel iwwer dest Phenomen ze verfassen an dann quasi als Beispiller op verschidden eenzel Ausdreck zereckgraifen. Iwwerhaat keint een och e bessen mei op Jugendkulturen agoen. Ech kenne mech dermat aus, vu que dass ech (19 joer aal) do matzendran sinn. de Max

--Max 18:02, 8 August 2006 (UTC)

Ech sinn dergéint, esou Artikelen an der Wikipedia ze hunn. Wikipedia ass kee Wierderbuch. Esou Saache gehéieren op de Wiktionary. --βρισεισDisk 16:58, 9 August 2006 (UTC)

--Dat ass natierlech wouer, mee et gett dann einfach een Artikel iwwer Jugendkultur ech wees awer nach net wei ech deen nenne soll, iergendeppes wei Jugendlanguage oder sou wou dann vill Beispiller dran illustreiert ginn.--Max 12:35, 10 August 2006 (UTC)

Jo als allgemenge "Jugend-Kultur"-Artikel ass et eng aner Saach. Ebe just di eenzel Wierder brauchen ned wierklech en Artikel :) --βρισεισDisk 00:18, 11 August 2006 (UTC)

"ech waerd also uffaenken een Artikel iwwer dest Phenomen ze verfassen" - "Ech sinn dergéint, esou Artikelen an der Wikipedia ze hunn": Zitater chronologesch getässelt. Domat ass dann de Fall geléist. --Cornischong 08:04, 24 August 2006 (UTC)

Endlech och op Letzeburgesch![Quelltext änneren]

Hun gescht den DOK gekuckt an mat Freed mattkritt das ett WIKIPEDIA och a Letzeburgescher Sprooch gett. Och wann ech selwer nik perfekt Letzeburgesch schreiwen esou fanne ech ett gudd dat eis Mammesprooch nik vergies gett. An enger Welt vun Globaliseierung as et wichteg seng Wuerzelen ze kennen fiir das een seng Identiteit nik verleiert. Wärd mech an Zukunft öfters hei erm dreiwen a probeieren mat mengen bescheiden Moieen dese Site mat um liewen ue haalen. Lew Adminen vilolmols Merci fiir är wärtvoll Aarbech. En zefridenen User. (vum 88.207.225.202)

Gudden Owend 88.207.225.202. Hei schreift kee "perfekt Lëtzebuergesch". Dofir, maach mat! Maach mat, well dat déi eezeg Manéier ass, datt et weidergeet. Looss dech net ewech halen, wells de mengs, dài Lëtzebuergesch wier net gutt genuch. Mell dech un, a fuer duer. Wann et um Ufank Problemer mat der Sprooch gëtt, da kriss de gär gehollef. Op alle Fall, Merci fir däi Kommentar, dat deet engem gutt. Wann s de eng Fro hues, da looss se kommen. --Cornischong 22:23, 16 August 2006 (UTC)

Artikel ABCXY an Homonynie an (Inter-) Wikilinken[Quelltext änneren]

Ech wollt hei just emol op eppes opmierksam maachen:

Wann et een Artikel ABCXY schonns gëtt, a wann een dann op eemol mierkt, datt de Begrëff "ABCXY" awer méi Bedeitungen huet: "ABCXY" (Bedeitung 1) an "ABCXY" (Bedeitung 2).

Wann een dann den Artikel ABCXY op Artikel ABCXY (Bedeitung 1) réckelt dann schreiwt d'Wiki automatesch an den Artikel "ABCXY" #REDIRECT [[ABCXY]]. An dëst huet zur Konsequenz dat all d'Linken (inklusiv déi an den auslänneschen Wikien) déi op eisen Artikel "ABCXY" verweisen automatesch op den neien Artikel ABCXY (Bedeitung 1) ëmgeleet gin. An domat all Linken och nach richteg fonktionéieren.

Wann een elo den Homonymie Artikel fir de Begrëff "ABCXY" kreeéiert an dann einfach den Artikel ABCXY adaptéiert mat dem Hiwäis vun deene verschiddene Bedeitungen vun "ABCXY", dann zerstéiert een domat automatesch déi redirecten an dëst huet zur Folleg datt een nët nëmmen all Artikeln déi an eiser Wiki op den Artikel "ABCXY" verweisen verbessere muss an de Link op "ABCXY" (Bedeitung 1) adaptéiert, et muss een och nach an deenen anere Wikien d'Interwikilinken op eisen Artikel ABCXY verbesseren fir datt déi sougenannt Boten eis net och duerno nach falsch Interwikilinken op déi nei Versioun vum Artikel ABCXY setzen.

Dofir fir eis alleguer d'Liewen méi einfach ze maachen schloen ech vir, datt wann een elo esou een Artikel ABCXY entdeckt an engem bewosst gëtt, datt dee Begrëff "ABCXY" méi Bedeitungen huet, dann ass et am einfachsten fir den Artikel ABCXY (Homonymie) ze schafen an all eis (Inter-) a Wikilinken fonktionéieren weider ouni dee geréngsten Opwand.

Alles kloer? Wann nët einfach nofroën. --Robby 17:44, 21 August 2006 (UTC)

Alles kloer ! Mee wier et nit gudd déi do Erklärung op d'Hëllefsäit, bei Hëllef fir Homonymien ze setzen. Les Meloures 17:56, 21 August 2006 (UTC)
eng gudd Iddi, ech warten just nach of ob nach vläicht een eng Precisioun oder méi kloer Formulatioun huet Robby 18:03, 21 August 2006 (UTC)
Schéngt mer kloer. A Merci un de Robby. --Cornischong 18:22, 21 August 2006 (UTC)

Ech hunn de ganzen Owend scho Problemer fir op d'Wiki ze kommen, egal op wat fir eng. Hudd (oder heescht dat Hutt? dir dat och? -- Myriam 22:06, 22 August 2006 (UTC)

Jo Les Meloures 22:18, 22 August 2006 (UTC)

Ech nët zumindest nët bis 20:20 an no 23:30 --Robby 22:30, 22 August 2006 (UTC)

Lo geet et mat Problemer weider. Accèsproblemer, Späicherproblemer op en, de, fr, an lb. Sinn ech deen Eenzegen?? --Cornischong 09:14, 23 August 2006 (UTC)

Nee, ech hat der de moien och nach. -- Myriam 09:18, 23 August 2006 (UTC)

Ech och zweemol enregistréiert ugewiss a néischt geschitt, alles fir d'Kaz Les Meloures 10:23, 23 August 2006 (UTC)

wäertvoll Mataarbecht[Quelltext änneren]

Ech soe menge Mat-Adminnen en décke Merci fir hir wäertvoll Mataarbecht an der Lämmes-Affär. --Cornischong 10:17, 25 August 2006 (UTC)

E puer frëndlech Wierder un d'Kategorie-Fetischisten[Quelltext änneren]

Mär hunn am Ament zweedausendfënnefhonnertafënnef (an Zifferen: 2.505) Kategorien, vun deenen der all gudden Dag nees ëmgedeeft ginn. Dat heescht op eng Kategorie kommen 4,1904 Artikelen! Wier et net nees un der Zäit, fir un d'Artikelen ze denken? 580,000 rout Filmtitelen an 38 Kënschtler (Mudam) waarden drop. Dat war et. --Cornischong 01:57, 27 August 2006 (UTC)

Eng Chance fir de Bunnes?[Quelltext änneren]

Et geet ëm den Artikel mam Text vun der "Hesperkutsch" Dës Diskussioun kënnt vun der Diskussiounssäit vum geläschten Artikel.


Wann iwwerhaapt, dann ass deen Artikel éischter fir Wikisource. Ech proposéieren, en hei ze läschen. --Zinneke 08:15, 29 August 2006 (UTC)


Am Prinzip sinn ech absolut derfir, d'Texter an der Wikipedia selwer ze loossen. De Grond misst aliichten: HEI gëtt no "Saache" gesicht, an net an enger Wikisource. D'Texter vun den Nationalhymne stinn an de Wikipediaen! Den Text vun "Where Have All the Flowers Gone?" steet AM ARTIKEL a gëtt do erklärt, an dat ass och gutt esou. Den Text vu "Strange Fruit" steet an der de-Wiki an engem (aussergewéinlech gudden) Artikel. An dat ass gutt esou.
An elo zu der Hesperkutsch:Dat wat mech dobäi schockéiert ass net den Text, mee datt ausser dem Zinneke (!) keen Admin a kee "Mataarbechter" reagéiert. Ofgesi vun deenen, déi dout sinn, sech net weisen, net do sinn, um Tour sinn, fort sinn, sech net mellen, mengt anscheinend jiddereen, datt deen Text hei an der Rei ass. Wie wëll och schonns als "Hanner dem Bësch " gëllen. Wéi ech d'Mohammed-Karikaturen geläscht hat, huet keen dat an deem Moment, ënner deenen Ëmstänn, an der Rei fonnt. Och an deem Fall war et eng Marionett, déi no hirem groussen Optrëtt hei nees an d'Këscht geklommen ass. Wann ech Material fir d'Wikipedia sammele ginn, hunn ech zimmlech vill Kontakt mat Leit, deenen ech dat Seriöst un der Wiki erklären. Déi Méi brauch ech mer, wéi et schéngt, net méi ze maachen. --Cornischong 11:50, 29 August 2006 (UTC)

ech hunn den Text dann elo emol eng Kéier iwwerflunn: dat ass kee Goût méi,dat ass schonns Dégoût a sollt geläscht ginn.--Marcus 12:37, 29 August 2006 (UTC)

Den Text vum Lidd ass secher net no jidderengem sengem Gout, wat ech duerchaus verstinn. Ech sinn awer der Meenung dat wann Texter vu lëtzebuergesche Lidder an d'Wikipedia stoe kommen, da soll och d'"Hesperkutsch" drableiwen.--Fliedermaus 13:05, 29 August 2006 (UTC)

Waat soll schlech un engem Text vun engem Lidd sinn daat baal all jonke Lëtzebuerger a senger Jugend gegrölt huet an daat haut och nach bei munche geléenheet vun nit sou jonke gesong gëtt. D'Hesperkutsch ass zwar nit de Wilhelmus an et ass keen sou een durchduchtend Stedentelidd wéi d'Praisen se hun. Et solleen hei keng Falsch Schimmt opkomme loossen an se stoe lossen. Déi Leit deenen den Text net gefällt brauchen e jo nit ze liesen Les Meloures 13:17, 29 August 2006 (UTC)

Et ass net eng Fro vu Goût a Gefalen, mee vu Prinzip. Da froe mer mol esou: Ween ass Auteur an/oder huet de Copyright op dat Lidd? Oder ween huet en ofgetrueden? Ass den Auteur scho 60 Joer dout an ass et deemno Domaine public? A wéiwäit "stëmmt" deen Text, oder ass et just eng Héiere-Soen-Transkriptioun? Wou gouf e scho publizéiert?

Wa mer méi Stéchfestes (wat e Minimum un enzyklopedescher Deontologie viraussëtzt) iwwert déi "warscheinlech 60er Joren" (!) a presuméiert "Studentekreesser" (?) hei gewuer géifen, giff d'Saach interssant ginn, an et kinnt ee vläit en Artikel, deen dësen Numm verdingt, draus maachen. Wann net, sinn ech weiderhi fir d'Läschen, soss kënne mer och all aner anonym Kabineesdier-Véierzeiler oder soss Ergëss vu Wiertschafts-Poeten hei ophuelen.

--Zinneke 13:31, 29 August 2006 (UTC)

Domat huet den Zinneke nit sou onrecht en hätt daat just direkt als Begrännung bei der Propositioun fir ze läsche solle maachen. Dann ass d'Diskussioun eng ganz aaner. Les Meloures 13:40, 29 August 2006 (UTC)

Ech schléisse mech dem Zinneke senger Meenung un. An ech stelle mer eng Fro: Firwat ass den Auteur vum Artikel anonym bliwwen? Schummt e sech vläicht? Oder wollt e just senge Komilitone vun der Uni (Tréier?) beweisen wéi dichteg dass en ass?

--Pecalux 13:56, 29 August 2006 (UTC)

Och ech sin fir d'Läschen vum Text vum Gedicht, wëll all Texter ménger Meenung no an d'Wikisource gehéieren an dann ass jo do och nach d'Fro nom Ursprong vum Text. Den 1. Abschnitt kéint een stoeloossen wann een e Link op d'Wikisource drasetzt wou deen Text dann ofgespäichert wier. --Robby 17:35, 29 August 2006 (UTC)

Wann hei vu Wikisource Rieds geet, da wier et un der Zäit fir ze kucken, wat do gesammelt gëtt: An der en: "Wikisource or Wikipedia? While Wikipedia is an encyclopedia, Wikisource is a library. Wikipedia contains articles about books, while Wikisource includes the book itself. To some extent both may include bibliographical material about the author." Dat wat hei gemengt gouf huet domat aabsolut näisch tze dinn! E Beispill: An der de-Wiki steet en aussergewéinlech interessanten Artikel "Horst-Wessel-Lied" mat allem drëm an drun. Et fält dach kengem am Dram an, fir dat op d'Wikisource ze setzen. Do kommen Quellentexter dran. Well hei kee well eng kloer Decisioun huelen, soll dat "Déngen" lo an d'Wikisource kommen, ma do waarde se schonns drop. Iwwregens stellen ech mer dem Pecalux seng Fro, firwat den Arasetzer anonym wollt bleiwen, net. Sämtlech "Weltbierger" waren an deem Sënn anonym.
--Cornischong 18:20, 29 August 2006 (UTC)

An datt emol jidderee ka kloer schreiwen, wat e gär hätt:[Quelltext änneren]

  • Wien ass derfir, datt den "Artikel" Hesperkutsch geläscht gëtt?
    • --Cornischong 18:20, 29 August 2006 (UTC)
    • Ech sinn derfir wann domat Wikiregelen ugewandt ginn, mee da sollen déi konsequent bei all Artikel ugewandt ginn, dann hu mer der maar 200 manner. Les Meloures 18:45, 29 August 2006 (UTC)
    • --Zinneke 19:35, 29 August 2006 (UTC) (kuckt ënnendrënner).
    • --Pecalux 06:16, 30 August 2006 (UTC)
  • Wien ass dergéint, datt den "Artikel" Hesperkutsch geläscht gëtt?

A Rou nach eng Kéier driwwer nogeduecht[Quelltext änneren]

Bon, de Moien hat ech net terribel Zäit der Saach op de Fong ze goen. Meng éischt Iwerleeung war, dass en Artikel, dee virun allem aus engem längere Liddertext besteet, problematesch als Lexikonslemma wier; dofir mäin éischte Reflex, ze proposéieren, en ze läschen, oder, "wann iwwerhaapt", a Wikisource ze setzen. De Cornischong huet richtegerweis drop higewisen, dass et esou Artikelen duerchaus ka ginn, allerdings gëtt sech dann an esou Artikelen och, a virun allem, inhaltlech mam Text, der Geschicht, der Rezeptioun asw. auserneegesat. Nationalhymne sinn eng Kategorie fir sech; si si gemenkerhand Domaine public an duerch Gesetz festegluecht.

Am heite Fall hu mer weeder nach: En anonymen Text, ouni Referenz, vu wou deen hir ass, vu weem en ass (eropgesat vun enger anonymer IP, mee dat ass hei Niewesaach), dee mat e puer wage Behaaptungen dekoréiert ass. Wann dat, wat do steet ("(e Lidd), dat séng Wuerzelen warscheinlech ufanks de 60er Joeren huet") stëmmt, ass deen Text theoreetesch copyright-geschützt, et sief, ee beweist d'Géigendeel (z.B., andeems den Auteur en an den Domaine public iwwerdréit, oder, le scoop!, d'anonym IP sech mam Numm als Auteur z'erkenne géif, an dat och beleeë kinnt). Ouni Referenzen, dass dat *den* Text vum Lidd ass, ka jidderee kommen a behaapten, déi Versioun vum Text, déi hie kennt, wier "méi" richteg, oder selwergedichten Topegkeeten an d'Wikipedia sëtzen, ënnert der Begrënnung, dass se "et ënner jonken Lëtzebuerger zu enger gewësser Popularitéit bruecht" hätt.

Solle mer elo och Säiten opmaache vu Kannerreimer a -klappspiller, vun deenen et Dosende saisonal Variante ginn? Vu Fussballsfanhymnen, Wandsprëch, Bauereweisheeten, Schoulbänkgekritzels a soss "spontaner" "Volleksdichtkonscht"? Wou giff dat ufänken a wou ophalen? Aus deem Grond zéien ech och d'eventuell Propose ("wann iwwerhaapt") vun engem Geplënners a Wikisource zeréck.

Bref: aus grondsätzleche Grënn sinn ech dezidéiert dofir, deen Artikel hei, esou wéi en ass, net stoen ze loossen.

--Zinneke 19:35, 29 August 2006 (UTC)

Rout Lëschten[Quelltext änneren]

Lo kënne mer net méi wäit vun 80.000 Filmtitele sinn. - - Nee, keng Angscht, net Artikelen iwwer Filmer! Mee Artikelen iwwer Regisseuren, Filmschauspiller an esou. Praktesch all Artikel huet ee Saz Text an e ganze Kazeschwanz vun Titelen mat Joer a Regisseur. Just, 999 Promille si rout. Gëtt dat e Sënn? Et gëtt schonns eng Filmdatebank, d'IMDb. An dobäi géif e Link op déi Säit engem eng Lëscht mat allem Pipapo bidden. Beim Vëlosport leeft de selwechten Zeenario of: Lëschte vum Asthma bis zum Zipperlein. Datt d'Wikipedia keng Sammlung vu roude Lëschten ass, ass net gutt engem kloer ze maachen. --Cornischong 20:48, 29 August 2006 (UTC)

Beim Vëlosport leeft de selwechten Zeenario of: Lëschte vum Asthma bis zum Zipperlein. Datt d'Wikipedia keng Sammlung vu roude Lëschten ass, ass net gutt engem kloer ze maachen. Secher wier et méi schéin fir bei all Vëlosportler a bäi all Coursse e puerhonnert Wieder Text ze hunn. Et muss een awer en Ufank maachen. Elo si mol all Coursen vum UCI ProTour an eng 20 aner an der Wikipedia. Vu lëtzebuergesche Vëlosportler sinn der iwwer 50 dran. De Palmarès vum Vëlosportler an d'Gewënner vun enger Course gehéieren awer och zum Artikel. Och wann een en Text schreift kommen vill Nimm vu Coursse a vu Vëlosportler dra fir déi rout sinn. D'Zuel vun de rouden Nimm wier secher méi kleng wann ee prioritär Artikelen iwwer grouss auslännesch Vëlosportler geschriwwen hätt an en plus wier et méi einfach fir Material ze fannen. Matt nëmmen e puer Léit déi méi oder manner reegelméisseg hei schreiwen, kann een a kuerzer Zäit och keng Wonner vollbréngen, mä lues a lues misst awer méi blo an d'Artikele kommen.--Fliedermaus 08:32, 30 August 2006 (UTC)

Wa mer scho bei roude Lëschte sinn, bei den Herrscher ass et och net anescht, bei de Kricher net asw. Mee den Dag huet nëmme 24 Stonnen an d'Interessegebidder si verschidden. Zum Beispill Vëlossport ass eng fäi Saach, do fale mir alt nach Tour de France an de Gaul an, an da wor et dat. Et sinn eben deelweis Lëschten, déi sinn och net esou séier opzefëllen, wéi se do sinn. Bei den Herrscher lo als Beispill fannen ech et awer gutt, datt et der iwwerhaapt e puer (wann och rouder) ginn, aus dem einfache Grond datt den Artikel, wann een e schreift un Hand vun der Lëscht, och scho richteg heescht, an een net nach 20 mol muss erkläeren "Eis Herrscher heeschen am Prinzip ëmmer "Jempi X. vun Hannerkleng... asw". --βρισεισDisk 23:22, 2 September 2006 (UTC)