Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/November

Vu Wikipedia

Wäisse Globus?[Quelltext änneren]

Mär wäerten déi eenzeg Wikipedia sinn, déi nach ëmmer keng Artikelen, a siefe se nach esou kleng, iwwer all Staaten op der Welt huet. Dëst sief kuerz virum Wanterschlof emol ernimmt. --Cornischong 11:28, 6 November 2007 (UTC)

D' Aloggen[Quelltext änneren]

Et sief nach eng Kéier drun erënnert, datt d'Aloggen absolut gratis ass. Et dreiwe sech der ëmmer méi hei an de Riddosstaangen erëm, déi (der Iwwersiicht halber) dat net kënnen oder net wëllen. Meng Mamm huet mer schonns gesot: "Géi net mat frieme Monnien!" doruechter. --Cornischong 12:59, 12 November 2007 (UTC)

Am Lassenen[Quelltext änneren]

Nodeems ech emol gekuckt hunn, wéi aner Wikipediaen mat de Kierchen ëmginn, hunn ech gemierkt, datt mär, wéi et schéngt, déi eezeg sinn, déi a Kierchartikele mat "Këschten" hantéieren. Obwuel ech ee vun de Matschëllege vun deene Këschte sinn, schloen ech vir, mer loosse bei de Kierchen (ech mengen hei net déi aner Këschten!) dat Gekëschts ewech. Et ass net schéin, et hëlt (an dat ass fir mech den Haaptgrond) de Fotoen d'Plaz ewech (op där Plaz wier e Bild vill besser), et handikapéiert den Opbau vum Artikel (Kierchartikele brauche "vill" Fotoen, well do vill ze gesinn ass!). Nach eppes: Mer sollten elo net haut missen all Kierchekëschten ofrappen. Dat léisst sech roueg "à fur et à mesure" no an no maachen. Gesäit een e Problem dobäi?--Cornischong 10:31, 13 November 2007 (UTC)

Moien, déi Argumenter si schlësseg, ech hu keng staark Meenung fir oder géint d'Këschten. Wa se éischter den Opbau oder Layout vun engem Artikel stéieren, wéi dassen se hëllefräich sinn (z.B. well d'Donnéeën, déi dra sollte stoen, net bekannt sinn, oder grad esougutt an engem Saz vum Artikel ënnerbruecht kéinte ginn), da kënnen se vu mär aus gär op der Säit gelooss ginn. An deenen Artikelen, wou schonns eng drann ass, an dës kee stéiert, soll se awer roueg stoe bleiwen. Net dass elo ee mengt, se an enger Herkulesaarbecht ewechmaachen ze missen. Wéi gesot: se stéieren net, ausser, se stéieren.--Zinneke 11:18, 13 November 2007 (UTC).
Déi Kierchekëscht wéi se elo fonktionnéiert huet souwisou eng mat der Ratsch. Wann een net oppasst wéi ee Fuuss trëllt verschiddenes durcherneen a d'Schrëfte verännere sech wann iergendwou en Ofstand net agehale gouf. An da geet d'Siche, lass wou de Bobo läit. Da grad esou gutt keng. Les Meloures 11:40, 13 November 2007 (UTC)
U sech fannen ech d'Këschten eng gutt Saach, well se einfach méi Struktur an den Artikel bréngen a séier Eckdaten iwwersiichtlech liwweren, ouni de ganzen Text brauchen duerch ze liesen an dann zum Schluss vläicht awer festzestellen, datt d'Informatioun net do ass. Vir elo onbedéngt eng Foto an eng Këscht ze knätzelen, dovun halen ech awer net ganz vill. Dofir hunn ech de Këschtelayout virdrun och besser fonnt, muss awer net onbedéngt an der Breed esou grouss sinn wéi déi virescht. Mengt den Tomateus 15:34, 13 November 2007 (UTC)
Ech schléisse mech dem Zinneke senger Meenung un: Se stéieren net, ausser, se stéieren. --Pecalux 17:11, 13 November 2007 (UTC)
Dem Tomateus säin Argument vun der Struktur am Artikel ass net diret vun der Hand ze weisen. Këschte sinn net schlecht wéinst der Informatioun. Et ass awer wichteg datt Këschten dynamesch sinn, dat heescht datt se nëmmem Zeilen uweisen wou och Informatiounen dra sinn. Dat gëllt fir all ons Këschten.
D'Struktur vun engem Artikel soll och net rigid sinn. Se soll dem Artikel ugepasst sinn. An Artikele mat zwéi Sätz kann ee net vill Struktur erwaarden. Wann net vill Info do ass kann een déi och am Text abauen ouni Këscht, da soe Fotoe méi aus ewéi Këschten, déi mat eidelen Haisercher do stinn a Plaz friessen ouin datt een eppes gewuer gëtt, a just Styropor am Artikel produzéieren.
Et soll menger Meenung dofir mol am Ufank dem Artikelschreiwer iwwerlooss sinn, fir ze decidéieren op eng Këscht wëll abauen oder net.
Këschte met fixe Breeten hunn dann nach den Nodeel datt se net op all Schierm, a bei all Opléisung d'selwecht uweisen, well ofhängeg vu Schierm, vun der Opléisung, a vun der agestalltener Policegréisst d'Këscht all Kéiers anescht ausgesäit. Ech hunn déi Tester mol mat engem 19 Zoll an engem 22 Zoll Schierm gemach mat verschiddenen Astellunge gemaach. Les Meloures 17:19, 13 November 2007 (UTC)

Ma da wier et gutt, déi Tester mol hei als Print-Screen ze gesinn, well dat wat hei driwwer steet ass zimmlech abstrakt. Kann dann een eis déi béid Méiglechkeete weisen: Deeselwechten Artikel mat an ouni Këscht. --Cornischong 19:15, 13 November 2007 (UTC)

Däitsches an der lb: Wiki[Quelltext änneren]

Gudden Owend

Lo hu mer schonns zwéin Deeg déi däitsch Systemmeldungen do stoen. Wou kann een do nofroe wou dat hierkënnt, oder wéi dat behuewe ka ginn . Les Meloures 19:49, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

"do stoen": Bei sou Hiwäiser wier et vläicht besser ze verstoe wat gemengt ass, wann de Lieser gesot krit, ëm wat et geet. --Cornischong 20:56, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Remoien

  • Et geet un op der Haaptsäit 24.000 Leute haben gespendet direkt drënner Jetzt spenden a Verkleinern
  • op den Diskussiounen Diskussion wou soss Talk stoung
  • Iwwerschrëft op de Säiten Wkimedia verändert die Welt.
  • Veränderungen amplaz Ännerungen.

Les Meloures 21:34, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


  • Op den neie Säiten : Diese Spezialseite listet alle neu erstellten Seiten der letzten 30 Tage auf. Die Ausgabe kann auf einen Namensraum und/oder Benutzernamen eingeschränkt werden.
  • + Überprüfte Änderungen

Les Meloures 21:38, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • An der Säit Artikele mat de mannsten Ännerungen: Die Aktualisierungsfunktion für diese Seite ist zur Zeit deaktiviert. Die Daten werden bis auf weiteres nicht erneuert
  • + Diese Spezialseite zeigt eine Liste von Seiten mit den wenigsten Bearbeitungen

Les Meloures 21:41, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Artikele mat de meeschte Kateogorien: Diese Spezialseite zeigt besonders häufig kategorisierte Seiten an

Les Meloures 21:43, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Benotzerlëscht: Diese Spezialseite listet alle registrierten Benutzer auf; die Gesamtzahl kann hier eingesehen werden. Über das Auswahlfeld Gruppe lässt sich die Abfrage auf bestimmte Benutzergruppen einschränken.

Les Meloures 21:44, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Bicherresourcen: Auf dieser Spezialseite kannst du eine ISBN eingeben und erhältst dann eine Liste mit Onlinekatalogen und Bezugsmöglichkeiten zur gesuchten ISBN. Bindestriche oder Leerzeichen zwischen den Ziffern spielen für die Suche keine Rolle.

Les Meloures 21:45, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Biller ouni Kategorie : Diese Spezialseite zeigt alle Dateien, die in keine Kategorie eingeordnet wurden

Les Meloures 21:47, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Spezialsäiten: Diese Seite bietet einen Überblick aller Spezialseiten. Diese werden automatisch generiert und können nicht bearbeitet werden.

Les Meloures 21:48, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Futisse Redirect: Diese Spezialseite listet Weiterleitungen auf nicht existierende Seiten auf

Les Meloures 21:52, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Lëscht vu blockéierten IP Adressen a Usernimm

Diese Spezialseite führt – ergänzend zum Benutzersperr-Logbuch, das alle manuell vorgenommenen (Ent-)Sperrungen protokolliert – die aktuell gesperrten Benutzer und IP-Adressen auf, einschließlich automatisch gesperrter IP-Adressen in anonymisierter Form.

Les Meloures 21:54, 17. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

  • Protegéiert Säiten:

Diese Spezialseite zeigt alle vor dem Verschieben oder Bearbeiten geschützten Seiten'

  • + ‎(geschützt (nur Administratoren))


Moien
Ee Merci un den Zinneke fir d'Ännerungen déi e gemaach huet.
Sou wäit ewéi ech dat matkritt hunn, sinn déi Verännerunge komm well op emol op eise Systemmessagen en däitschen Text opkomm ass, deen den engleschen ersat huet.
Et sti jo nach ëmmer e puer Messagen iwwer de Säiten op däitsch.
Wéi ass et méiglech déi ze veränneren.
Duerch wat ass dat komm datt eis Systemmessagen op eemol een däitsche Basistext kruten. Wou kann een do nofroen, datt esou Saachen an Zukunft net méi virkommen. Soss hu mer mar vläicht e pingoneseschen do stoen, an da gëtt et flott.

Les Meloures 10:00, 18. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Sinn ech den eenzegen deen déi däitsch Texter iwwerall gesäit, oder spannen ech, oder ass et vläicht jidderengem egal. Les Meloures 22:03, 18. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn s'och, ech froe mech och, fir wat dat soll gutt sinn, egal ass et mer net, mee ech hu keng Anung, wou dat hier kënnt nach, wéi et réckgängeg gemaach gëtt, ausser, et iwersetzt een eenzel déi Messagen. Vläit hängt et mat deeër flappeger Reklamm fir Spenden zesummen, dass do een a Merika mengt, d'Lëtzebuergez giffen dann éischter de Portmonni zéien? --Zinneke 23:01, 18. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]
Resalut,
Ech huelen unn datt esou Saachen wou mer virdrun Talk stoen haten, an elo Diskussion, bei de Fotoen hate mer Image stoen an elo Bild dermatter zesummenhänken datt d'Texter bei de Systemmessage vun Englesch op Däitsch geännert goufen. Wie mecht dat? Ass dat Mediawiki déi sech dorëms këmmert. Wa jo da misst jo do een opzedreiwe sinn deen eis do derbäi hëllefe kann. Les Meloures 23:10, 18. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Wie mecht dat?[Quelltext änneren]

All Kéier wann un der Servere geschafft gëtt (an déi lescht Deeg gëtt dru geschafft! Mär ass et a leschter Zäit dacks virkomm, datt mäi Gespäichers eng Zäit blockéiert war), kommen deeër Sache vir. Dat hei ass schonns déi xte Kéier! An all Kéier lafen der hei Amok, déi onbedéngt eng Erklärung wëllen hunn ob et ass well de Jupiter elo am rechte Wénkel zu der entgéintlafender Achs vum Merkur steet. Da stellt een d'Fro "Wie mecht dat?". Dat ass eng gutt Fro. Déi Fro weist och drophin, datt hien dat net mécht. Da schloen ech emol vir, amplaz dat Gemoschters mat de Kategorien an dat Gedéngels mat däitschen Wierder, datt mer eis emol mat deene Länner ofginn, déi nach keen Artikel hunn. "Wie mecht dat?" --Cornischong 23:47, 18. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech huelen un datt meng Fro schlecht verstanen gouf. Wann ech hei schreiwe wie mecht dat, hunn ech déi Verännerungen, déi am Sytem gemaach ginn gemengt.

Wien op dëser Wiki eppes mecht, dierft net schwéier sinn eraus ze fannen.

Ech fannen och, datt et schlëmm ass, datt no 4 Joer Wiki déi Länner nach net dra sinn. Wann do een dee sech dofir intresséiert all Dag nëmmen eent gamaach hätt wieren se schonns laang all dran.

Ech perséinlech fannen et ganz schlëmm wann ech hei op der Haaptsäit mat engem däitschen Text empfaange ginn. Ass dat lb:Wiki ??

D'Ursaach dofir ass mer an deem Moment egal. Dat huet einfach net ze sinn. Egal ob et een Dag oder sechs Deeg dauert bis et erëm klappt. An dofir wier et wichteg datt mer emol ee fir allemol wéisste wou dat hierkënnt an datt mer do kënnen intervenéieren.

Les Meloures 10:12, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Dat misst de Schelleknäppche sinn: [1] --Cornischong 10:51, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

ënner(t) anerem / ënner(t) aneren[Quelltext änneren]

Dat et an zwee Wierder geschriwwe gëtt, do si mer eis séier eens. Mee wann et drëm geet, fir (wéi an eisem Bespill um Krichsschëff) ze soen, datt dee Mann an nach anerer um Schëff waren, dann ass et "ënner aneren" (am Sënn vun ënner anere Leit). Dat entsprécht dann och dem Franséischen "entre autres". Den "ënner anerem" huet just d'Bedeitung vun "iwwregens", dat heescht, den Ausdrock bezitt eigentlech näisch mat dran. --Cornischong 14:22, 22. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuergesch léiere mat MP3[Quelltext änneren]

Den neie Projet vun der Stad Lëtzebuerg ass hei ( http://www.vdl.lu/Vivre+%C3%A0+Luxembourg/Bierger_Center/L%C3%ABtzebuergesch+l%C3%A9iere+mat+MP3.html ) ze fannen!! --Cornischong 02:54, 23. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]