Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/August

Vu Wikipedia

Merci an Informatioun iwwer Systemmessagen[Quelltext änneren]

Ech wollt och hei nach emol all dene merci soen déi meng wiel as Administrater ënnerstëtzt hunn.

An da wollt ech dorophiweisen datt wann an der Zukunft hei Systemmessage vu mir geläscht ginn dat virun allem da geschitt wann entweder déi Messagen geännert gi sinn (an der englescher Originalversioun) respektiv da wann den Text vun eisem message (op der lb-wikipedia) identesch oder bal identesch at dem ass wéi en op der Beta-Wiki definéiert ass, an den op allen anere Wikimedia-Projeten ugewise gëtt, wann een als Bentzersprooch Lëtzebuergesch wielt.

--Robby 09:22, 2. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech stellen d'Relevanz vun dësem Artikel a Fro. Ass dësen "Event" tatsächlech esou wichteg dass en enzyklopedesch op lb:wiki muss erfaasst sinn? Ass et net éischter eng Publizitéit fir d'Fans vum Schilafen? --Pecalux 09:57, 5. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Manual for new and small Wikipedias[Quelltext änneren]

Hello, at Meta there is the project of a Manual to help new and small Wikipedias, and a set of Wikipedia pages and help pages every Wikipedia should have. You have experience in these questions, when building up your language edition, and I would like you to have a look and comment. Kind regards --Ziko 11:19, 9. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]


Zäitdonnéeën a Sportsatikelen[Quelltext änneren]

Moien,

Wier et net flott wa mer ons kéinten eens ginn a Sportsartkelen ëmmer de selwechten Zäitschema ze hunn no dësem Modell eventuell:


6 Stonnen 48 Minuten 10 Sekonnen = 6:48:10 h

48 Minuten an 20 Sekonnen = 48:20 mn

10 Sekonnen an 62/100 = 10,62 s

Mat deem Geschéck wiere mer anengems eng Hällewull vun Eifelerfeeler lass, well ee sech net méi brauch tëscht dem a an an ze decidéieren.

Les Meloures 07:43, 16. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien
Jo, dat wier flott.
--Pecalux 09:24, 16. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Template help needed[Quelltext änneren]

Hello, sorry for writing in English, I don't speak your language, but I guess this is not a problem :-)

Today I've fixed several old image usages of Disambig.png to Disambig.svg. This would have been much easier if the articles in question all used one of the three disambiguation templates {{Homonymie}}, {{Aner Bedeitungen}} or {{Aner Bedeitungen op Mooss}} instead of the "hard coded" text, as you can note e.g. on this version (the stuff at the top). – I would have fixed this myself, but I don't know which template you use on which occasion.

Well, there are nearly 120 articles that still don't use a disambiguation template, but should. So it would be nice if one (or more) of you could fix these articles now. You can use my contributions ("png > svg") as a list to work on.

I hope this helps. Many thanks --:bdk: 21:44, 17. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien
Kleng Info fir am Fall, wou ee sech wonnert :-)
Ech lueden an der nächster Zäit fransséisch Modeller erop fir ze kucken op deenen hir Tricken och bei ons fonktionnéiren. Fir de Problemer mat de Linken aus de Féiss ze goen, behalen déi och emol am Ufank déi franséisch Iwwerschrëft, bis ech festgestallt hunn op et fonctionnéiert. Wann et klappt ginn se duerno iwwersat.
Les Meloures 20:19, 19. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

RTL futéiert sech vun de Lizenzbedengungen[Quelltext änneren]

Et ass jo an der Rei datt RTL dës Foto vum Benoît Joachim bei Wikipedia erofluede koum fir hieren Artikel z'illustréieren, mä et wier net schlecht wann se sech och un d'Lizenzbedengungen hale géifen.--Fliedermaus 11:09, 26. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Vläit hëlleft e klengen E-mail un hir Online-Redaktioun, mam Hiwäis, dass beim Kopéieren Auteur a Lizenz musse genannt ginn. --Zinneke 07:47, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]


Wann ech mir dës Säit ukucken dann ass dat fir mech een Zeechen datt zumindest an dësem Fall (Paul Katow) den Auteur an d'Source genannt sinn. Da feelt zwar ëmmer nach d'Lizenz mee do ginn ech emol vun Onwëssenheet aus (et sollt een net systematesch aner Grënn ënnerstellen). -- Robby 08:39, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Huet RTL schonn op deng Email g'äntwert, Fliedermaus? --Otets 14:32, 9. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

RTL krut keng Email vu mir geschéckt, an ech hunn dat och net virgesinn. Ech hunn awer näischt dergéint wann een aneren dat wellt maachen.

Et ka sinn datt et éischter e Lapsus, wéi w bewosst ingnoréiere vun de Linzenzbedéngungen ass, d'Resultat ass awer dat selwecht.--Fliedermaus 07:46, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Extension:Collection[Quelltext änneren]

Mojen, wéi ech den Artikel iwwert de PDF de mojen nei geschriwwen hunn ass mir agefall, dat et flott wier, wann een en Artikel kéint schéi formatéiert direkt als PDF produzéieren. Ech sinn dunn op den Tool wikitype gestouss deen erstaunlech flott Resulater bréngt, speziell bei gréisseren Artikelen, z.B. de Schetzel. Elo sinn ech op eng Extensioun speziell fir Wikimedia-Software gestouss wou een sëch kann eng Kolletioun vun Artikelen uleen an déi als PDF généréieren kann. De Layout ass immens flott an dëst kéint fir den Asaatz vun der Lb-Wiki an de Schoulen en immense Plus sinn. Mir hunn jo elo kee Bürokrat, mais kuckt Iech dat emol un, vläischt kann de Robby oder soss een Expert dat an der Lb-Wiki implementéieren.

--PlayMistyForMe 11:29, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]