Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Juli

Vu Wikipedia

CC-nd Lizenz[Quelltext änneren]

De Les Meloures huet mech op eppes quokeleges gestouss: d'CC-nd Lizenz. Si erlaabt nämlech keng Verännerunge vun engem Bild wat ënnert deer Lizenz steet. Mol dovun ofgesinn, datt dat géint de Wikiprinzip ass, erlaabt esou eng Lizenz och net e Bild als Thumbnail an en Artikel anzebannen. Ech géif dofir virschloen, {{Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu}} an deer Plaz ze gebrauchen. --Otets 12:25, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut
Ech wess net ob den Thumbnail eppes domatter ze dinn huet?
Wou ass d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu um Netz ze fannen?
Merci am Viraus wanns de dat Renseignement hues.
Les Meloures 13:21, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Wann een e Bild an enger méi klenger Resolutioun representéiert an/oder reproduzéiert (z.B. als Thumbnail), da setzt dat viraus, datt een d'Original op deem Punkt verännert huet, respektiv duerch d'Wiki-Software automatesch verännere gelooss huet. An dat ass bei enger CC-nd Lizenz net erlaabt. Obwuel ee sech froe kann op d'CC-nd Schabloun wierklech fir eng CC-nd Lizenz stong, well bei de License rdf vun der Schabloun stong datt een d'Biller verännere kann. Dowéinst fannen ech et net nëmme gutt mee och an der Rei datt s de dee Problem pragmatesch geléist hues. Merci.
De Link op d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu ass a menger neier Schabloun schonn dran. Hei ass en da fir all d'Stamminetslieser: CC-by-nc-sa/3.0/lu. Leider gëtt et den Text net op Lëtzebuergesch.
Otets 22:21, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Resalut:

Ech ginn nach net klug dorausser well am Text vum Link steet http://creativecommons.org/licenses/by-nc-nd/3.0/lu/

Am Text hunn ech näischt vun sa fonnt. Linkt meng Maschinn falsch, oder verstinn ech eppes net. Dat wier natierlech och méiglech :-) Les Meloures 22:31, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech kann net richteg mat copy/paste ëmgoen, dat war de Problem ;-)) Ech hunn de Link hei driwwer verbessert, elo misst et klappen. --Otets 22:35, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Fein, elo ass déi Saach méi kloer. Lo bleift nach just eng Fro: Gi mer déi al Lizenz an d'Biller änneren oder losse mer se stoen.
Do misst am Fong jiddereen dee Biller ënner der nd stoen huet seng Meenung derzou soen. Les Meloures 22:44, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Vergiess et. Iwwer de Redirekt weist se jo elo dës Schabloun. Et wier just fir de Redirect lass ze ginn. Ech ännere meng emol mar an da gesi mer wéivill datt der bleiwen. Les Meloures 22:49, 1. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Wann een op der lb-Wikipedia beim Eroplueden vun eegene Photoen eng bestëmmte Creative-Commons-Lizenz soll gebrauchen, da wier et net schlecht wann een déi beim Eropluden och proposéiert kriet an dann d'Méiglechkeet hätt fir se auszewielen. Ass et méiglech fir déi Lizenz op d'Lëscht vun den ugebuedene Lizenzen dobäizesetzen? --Fliedermaus

Jo, ass méiglech a virun e puer Minutten och geschitt. --Otets 15:45, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci, dat ass gutt gemaach. Ech gesinn awer e Problem mat där Lizenz wann een e Wierk wéi eng Skulptur fotograféiert. Mecht een dann de Wee net op fir datt d'Skupltur um Bild geännert ka ginn?--Fliedermaus 16:04, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Jo natierlech, virausgesat awer datt de Sculpteur dat erlaabt huet.
Ech gesinn elo net direkt wou de Problem do soll sinn, ausser vläit datt e Sculpteur zwar vläit näischt géint eng Foto op der Wiki hätt, mee awer eppes dogéint, datt en anere Kënschtler d'Foto vu senger Skulptur z.B. an e Collage setzte kéint. Mee vu datt dee Collage dann och ënnert deerselwechter Lizenz misst sinn, kéint de Sculpteur higoen an dee Collage a seng nächst Skulptur abauen, asw. En plus kéint de Kënschtler keng Sue mat oder duerch säi Collage verdingen. An de Kënschtler misst stänneg indirekt Reklamm fir de Sculpteur maachen dee jo mat vollem Numm genannt muss ginn. Dofir géif ech mer als Sculpteur do net zevill Suerge maachen.
--Otets 16:15, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

De Problem hu jo just déi, déi Fotoen eroplueden. Wéi soll dann de Schulpteur dat erlaben oder net erlaben? Soll elo jiddereen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculptueren (fir emol déi ze nennen) wëll eroplueden, mam Kënschtler e Vertrag maachen? Soll deen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculteure mécht, dat mam Kënschtler duerschwätzen? Si mer nach an der Realitéit oder net méi sou ganz? --Cornischong 16:41, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat ass d'Ideal-Realitéit, du hues et erfaasst. A schwätze geet u sech net duer, de Beweis ass schrëftlech ze bréngen. Datt d'Praxis dacks eng aner ass an de Sculpteur dee Moment och net onbedingt (mee ausschléisse kann een dat natierlech ni, dat ass dann dem Eroplueder oder dem Jimbo säi Risiko) op seng Rechter pocht (oder wann en et mécht da läsche mer d'Bild dee Moment op seng Ufro hin), dat ass jo grad dat wat ech dem Playmistyforme an der Fliedermaus wollt erklären. Also elo net direkt Panik op der Titanic. --Otets 18:21, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech sinn net domat averstanen dat déi Fotoen déi vu mir mat der Lizenz "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" (déi Lizenz gëtt et nach ëmmer) eropgelude goufen, elo mat engem Redirect op eng aner Lizenz firugeleet ginn. Wann dat bestoe bleift, da bestinn ech drop datt eng ganz Rei vu menge Fotoen geläscht ginn. Wann d'Lizenz et erlaabt eng Foto wéi d'Bild:MJKerschen-Homm-JE--w.jpg (d'Photo ass net vu mir, mä vum Cornichong) ze änneren, misst dat och enger Persoun erlaben den Text op der Skulptur ze änneren an dat neit Bild ze verëffentlechen. Ech ka mir virstellen dat vill Konschtschafender näischt dergéint hu wann eng Foto mat hierem Originalwierk obtaucht, esoulaang dat net kommerziell gebraucht gëtt, awer net "amused" wieren wann een hiert Wierk op der Foto manipuléiert an dann esou publizéiert.--Fliedermaus 17:04, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Do huet de Fliedermaus recht. Daat do muss reckgäengeg gemaat ginn, et kann nët eng Lizenz duerch eng aaner déi klöer onkompatibel as ersaat ginn. Daat mam Thumbnail gesinn ech och eigentlech nët als eng verennerung (d'Proportiounen äennere jo och nët, soss wier jo all betrachten ob engem Computer och eng Aennerung, d'Resolutioun äennert jo vu User zu User), also wier juste d'Fro ob esoueng Biller héi erwënscht sinn. Wann nët da mussen déi aal gelëscht ginn, mee nët einfach d'Lizenzen äenneren. Perseinlëch benotzen ëch deser Deeg (ob Commons, nach nët vill hei agelinkt och wann et logescherwais mat heihi gehéiert) nëmme nach duebel GFDL mat cc-by-sa-all Lizenzen.--Caranorn 17:25, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
An der Lizenz "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" war zwar eng Referenz op "cc-by-nc-nd/3.0/lu", mee gläichzäiteg stong do "permits rdf:resource="http://web.resource.org/cc/DerivativeWorks"". Ween d'Schabloun "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" benotzt huet ier de Redirect gemaach gouf huet eng widerspréchlesch Ausso an d'Welt gesat.
E Thumbnail ass eng verännert Reproduktioun, dat géif ech net mat enger Ecrans-Resolutioun wëlle vergläichen, déi héchstens eng verännert Representatioun ass.
Et huet wuel nach keen dru geduet, datt "nd" op der publizéierter Foto de Sculpteur näischt dingt wann de Fotograf seng Foto beschaffe kann ier e se ënnert "nd" verëffentlecht setzt.
Een dee spéider en "sa" Bild ännert muss kloer uginn datt eng Ännerung geschitt ass an en dierft net behaapten dat wier d'Orignalfoto vun der Skulptur sou wéi se vum Fotograf verëffentlecht gouf.
Vu datt de Kënschtler d'Foto net autoriséiert huet, huet e reng rechtlech gesinn och net autoriséiert den Text op der Skulptur ze änneren, egal wat de Fotograf als Lizenz derbäisetzt. Dem Sculpteur seng Rechter sinn also net beréiert.
An och souguer wann ech d'Skulptur géif kafen dierft ech net mam Meessel den Text eraushaen, ausser ech hätt eng ausdrécklech extra Autorisatioun.
An da gëtt et ëmmer nach den Droit moral immuable datt keen e Gebrauch vum Sculpteur sengem Wierk ka maachen deen dem Sculpteur senger Éier oder Reputatioun schuede giff.
No souvill Geschreifs eng salomonesch Propositioun: loosst är Fotoen ënnert "sa", mee schreift bei Skulpturefotoen derbäi datt deen "sa" just fir d'Foto gëllt (z.B. Resolutioun änneren, ophellen, Kontraster erhéijen), mee de Sculpteur säin Droit moral ne cedéiert huet, fir sech z'opposéiere géint d'Deformatioun, Mutilatioun oder soss eng Verännerung vu sengem Wierk, an e souwisou ëmmer d'Recht huet sech z'opposéiere géint all Atteinte u säi Wierk déi senger Éier oder Reputatioun géif schueden.
Ënner Ëmstänn kéinte mer da fir Skulpturen eng extra Lizenzschabloun ma wou all dat direkt drasteet: {{Bild-Konscht-Architektur}}. Oder mer maachen et wéi op der de-wiki.
--Otets 18:21, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Gudden Owend,

Eng Äntwert un de Cornischong an un d'Fliedermaus.

Dat heite gouf den 1. Juni geschriwwen.

Lo bleift nach just eng Fro: Gi mer déi al Lizenz an d'Biller änneren oder losse mer se stoen.
Do misst am Fong jiddereen dee Biller ënner der nd stoen huet seng Meenung derzou soen. Les Meloures 22:44, 1. Jun. 2008 (UTC).[äntweren]
Ech fannen et schued datt datt är Bemierkungen elo eréischt 6 Deeg nom Maart kommen, an dann nach an engem ganz komeschen Toun. Wann elo kee vun iech an deene 6 Deeg aktiv gewiescht a meng Fro doduercher net hätt kënne gesinn, kéint ech dat verstoen. Esou awer net.
Fir de Cornischong wéinst senger Bemierkung iwwer d'automatesch Ëmleedung ze berouegen, déi um 00.37 (7. Juni) Auer koum, kann ech em soen, datt dat déi automatesch Ëmleedung um 21.44 (6. Juni) erëm réckgängeg gemaach gouf.

Déi gutt Réit, déi schlamm Geessen, an onnëtz Reklamatioune kommen nawell gären ëmmer ze spéit :-). Trotzdem näischt fir ongutt, seet de Les Meloures.

Nach e Wuert zu der flemmzecher Flemm. Wann ee sollt d'Flemm hunn, da soll e wa méiglech mat sech selwer eens ginn, an net aner Leit déi wëlle fir d'Wiki schaffen, fir se mol iergendwéi e bësselchen dem internationale Wikisniveau unzepassen, d'Flemm och nach anzedrewien. Dat erënnert mech un déi Diskussioun vun der viller Aarbecht virun zwee Joer, déi just net vun deene gemaach gouf. déi driwwer diskutéiert hunn.
Les Meloures 23:20, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Huel et nët perséinlech les Meloures. Ech haat déng Fro den 1. gelies mee wuel falsch verstaan. Vilaicht sinn ech duerch verschidden Aktivitäiten ob commons oder der daitschsprocheger wiki och reicht zënter deem ob Lizenz Problemer obmierksam ginn. Mee am Endeffekt as et einfach, mer kënne Lizenzen nëmmen äennere goe wann se patent falsch sinn (als PD deklareiert wann et wierklech e copyvio ass etc.). Wann'd Lizenz sou nët notzbar ass dan hu mer zwou Meiglechkeete, mer froen den Auteur se ze äenneren (daat huet och seng legal Grenzen, kann nët vu PD ob eng méi restriktiv, ausser natierlech de PD waar falsch, mee mer weilte jo eh nët vu PD ob CC-BY-NC-ND oder sou); oder mer lëschen daat Bild. Mee sinn elo e bëssen ze mid fier weider ze schreiwen.--Caranorn 23:43, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Eng Lizenz déi souwuel "däerf net modifizéiert" seet wéi "permits...DerivativeWorks", déi ass patent falsch. A wann och mat vill Beharrlechkeet de latente Thumbnails Problem ignoréiert gëtt, da muss een egal wéi soen datt de Cornischong sech definitiv kee gudden Dingscht mat "nd" Lizenze leescht, well domat verbitt e sech gutt gemengten an och gutt ëmgesate Verbesserungen u Fotoen (Bild:Bettel_Xavier_2008 - Bild:Bettel Xavier 2008--w.jpg), well dat sinn dann och Lizenzviolatiounen. Entweder huele mer d'Lizenzen eescht a respektéiere se oder mer kënnen direkt hannert all Bild "mysteriéis Schlumpf Lizenz" schreiwen. Ech woarden op deen éischten deen d'Iddi kritt fir seng Artikelen ënnert "nd" Lizenz ze setzen. --Otets 00:09, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Eng Lizenz déi souwuel "däerf net modifizéiert" seet wéi "permits...DerivativeWorks", déi ass patent falsch.
Wann ech dat richteg vertinn hunn déi Leit déi déi gesetzlech verankert hunn eppes falsch gemaach, oder schwätzt de nëmme vum Gebrauch op der Wiki.
Ech fäerte fir drun ze denken wéivill Fotoe mat falsche Lizenzen doruechter stinn, net nëmmen op der lb:Wiki, ouni vun deenen ze schwätzen déi guer keng hunn, dat sinn der och nach en etlech honnert. Op dee Problem hat ech schonns virun engem Joer opmierksam gemaach. Reaktioun dräimol NULL.
Mat dem Thumnail gesinn ech kee perséinlech kee Probleem, well wann ech eng Foto déi ech selwer gemaach hunn, eroplueden, däerf ech se wuel och selwer veränneren, an ech wäert och kaum engem annere Benotzer eng Schuedensklo un den Hals hänken, wann en se e puer Pixele méi kléng oder méi grouss mécht.
Dofir ass et scho gutt dat e puer Leit sech d?Méi maachen an hir Artikele mat eegene Fotoen dokumentéieren, et ginn der Gott sei Dank lues a lues méi. Les Meloures 06:06, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Mat falsch hunn ech eis "nd" Schabloun gemengt, net d'Lizenz op der offizieller CC Säit. Dat ass bis elo kengem opgefall, well d'Hallschent net um Ecran ugewise gëtt - mee e gehéiert dozou soss géif et net do stoen.
Wéivill Biller guer keng Lizenz hu weess ech net, ech wëll do just dozou soen, datt ganz vill Biller eng Lizenzangab hunn, mee just ass déi net duerch eng Schabloun agebonnen an da si se dowéinst net an enger Lizenzkategorie erëmzefannen. Déi aus der Kategorie "Lizenz onbekannt", dat sinn der just e Grapp voll, dat kann een nach lit iwwerblécken.
Natierlech kanns du deng eegen "nd" Foto duerch e Thumbnail an en Artikel abannen. Mee vu datt de Thumbnail net mat der Originalfoto identesch ass kann ee sech d'Fro stellen, op deen dann och elo déi selwecht Lizenz huet oder guer keng Lizenz. An ausser där selwer kann och keen dem Thumbnail eng aner Resolutioun ginn oder beim Original en Artefakt eraushuelen (wéi z.B. bei der Boettel-Foto). Wann s du net drun denks, fir eppes géint een z'ënnerhuelen, deen dat awer mécht, jo da muss ech just de Kapp rësele firwat s de deng Foto dann iwwerhaapt ënnert "nd" gesat hues wann et der jo awer egal ass op een d'Foto verännert oder net.
Duerch dës Diskussioun soll elo kee sech dovun ofgehale gesinn, weider Fotoen ze maachen a se op d'Wiki eropzelueden. Et wier awer gutt, wa wéinstens an Zukunft kee méi déi "nd" Lizenz gebraucht mee just nach soss eng déi mer am Dropdown-Menü offréieren. Fir sécherzegoe kënne mer d'nd Lizenz och fir d'Zukunft desaktivéieren, also just nei Biller déi nom Beschloss vum (z.B.) 15. Juni 2008 eropgeluede gi wieren dann trotz Schabloun net "nd" mee hätte guer keng Lizenz, al Biller déi virum Datum "x" eropgeluede goufe wieren awer ëmmer nach ënnert "nd" Lizenz a fir all Resolutiounsännerungswonsch gëtt den Auteur soulaang ugeschriwwe bis datt deen dat selwer mécht. Sollt trotzdem ee weider op "nd" schwiere wëllen, da soll dee mär konkret erklären, firwat e seng Texter souguer kommerziell verwäerte léisst, awer bei senge Biller de Wiki Prinzip net méi wëll applizéieren a souguer net emol d'Resolutioun geännert gären hätt. --Otets 04:19, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Dës Diskussioun ass schwiereg fir Nëtspezialisten mais a mengen Aen ganz wichteg a misst, wann se färdeg ass, zu engem einfache Guide fir Dummies zesummegeschrauwt gin. Dat mat den Thumbnails ass keng richteg Verännerung, well den Thumbnail nëmmen eng Referenz zum eigentleche Bild ass mat deem keen eppes kann ufänken. --PlayMistyForMe 07:45, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech schreiwen nach esou e Guide, mee soulaang EM ass muss de mer méi Zäit ginn ;-) En attendant kanns de d'de-wiki FAQ scho liesen, bei eis ass et d'selwecht bis op de Fait datt bei eis d'Panoramafräiheet vill méi restriktiv ass a mär "Fair use" an "net-kommerziell" Lizenzen erlaben. Wa meng Erklärung elo méi konfus war wéi dat wat ech erkläre wollt, dann huel einfach just eng Lizenz déi mer op der "Eropluede-Säit" am Dropdown-Menü ubidden an zousätzlech fir Skulpture kanns de {{Bild-Konscht-Architektur}} huelen. Mat de Thumbnails hues de awer net Recht, well z.B. dëst Bild ass esou e Thumbnail, deen um Server en anere Fichier duerstellt wéi d'Originalbild, an deen d'Copyrightinfo riets ënnen esou kleng duerstellt datt kee se méi liese kann, wat sécher net gewollt war vun deem deen d'Bild ënnert "nd" gesat huet, well wann et iergend eng Wiki géif ginn déi "nd" erlaabt da kéint ech soss jo do just de Thumbnail eroplueden an da gëtt et keng Weiderleedung méi op en Original mat der kompletter Copyrightinfo. --Otets 04:19, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Ersatz fir d'-CC-by-nc-nd-Lizenz[Quelltext änneren]

Dës Lizenz huet sech als net Wiki-kompatibel erwisen. Sollen déi 152 Biller, déi déi Lizenz hunn, geläscht ginn, oder ëmlizenzéiert ginn?

Geläscht goufen der jo schonns e puer (kuckt uewendriwwer). Ëmlizenzéiere missten d'Auteure selwer. Fir déi ënnert eis, déi am Fall sinn, dofir en Opruff: iwwerleet iech, op äer Biller, deenen der déi Lizenz ginn hutt, och ënnert enger "waasserdichter" (am Sënn vu Wikipedia-Kritären) Lizenz stoe kéinten. Well der se heihigesat hutt, an de Sënn vun der Wiki jo d'Deele vu fräier Informatioun ass, sollt dat a mengen Ae keen allzegrousse Probleem sinn, mee wéi gesot, dat muss jidderee selwer décidéieren.

Falls dat de Fall ass, giff ech Iech bieden, dat bei Geleeënheet - dat muss net direkt sinn - ze maachen.

[Hei] an der Lëscht (et sinn dëst "Billersäiten mam Fändel" als Sichcritère) si se mengen ech all.

Falls dat keng akzeptabel Léisung wier, da sot et hei; da ginn se geläscht; mee da wier et gentil, Der gifft an den Artikelen déi eidel Këschten ewechhuelen.

--Zinneke 13:22, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Däi Link op de Fändel ass net gutt, well och d'cc-by-nc-sa/3.0/lu Lizenz dee Fändel benotzt. De Link op d'nd Schabloun selwer ass besser: hei klicken. Wann d'Auteuren hir nd Biller selwer ëmlizenzéiere géifen, dat wier natierlech dat bescht. Wa speziell Grënn dat an Eenzelfäll verhënnere géifen, do hat ech scho virgeschloe gehat fir dann aplaz radikal ze läschen en A zouzedrécken, soulaang ebe wéinstens keng nei Biller méi als nd eropgeluede ginn. --Otets 19:26, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi ass dat dann elo mat enger cc-by-nc-sa-Lizenz? Däerf déi prinizipiell benotzt ginn?

Wat d'Biller ugeet, déi vu mir photographéiert goufen, wier ech frou wa keen déi an nächster Zäit läsche géif, och wann se elo nach eng Wikipedia-inkompatibel Lizenz hunn. Ech probéieren esouwäit ët méiglech ass, deene Photoen eng aner Lizenz ze verpassen.--Fliedermaus 15:28, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

keng Angscht, et gëtt näischt geläscht, ouni dass et virdrun ugekënnegt, erkläert a wann néideg diskutéiert gouf, firwat. Eng Hickecht voll nokturn Spontanläschungen ass méi wéi genuch gewiescht.

Wann ech déi Kierzele richteg verstanen hunn, steet "ND" fir "non derivative", d.h. keen dierf iergend eppes drun änneren - d'Faarwen, oder en Ausschnëtt dervun, z.B., an "NC" fir "net kommerziell", d.h. et schränkt een a béide Fäll de potentielle weidere Gebrauch an. Wann ech eng Exeges vun der Wiki-Philosophie maachen, déi "fräie" Contenu postuléiert, da giffen no mengem Versteesdeméch esou Lizenzen am Widdersproch dozou stoen, well ënnert "fräiem" Gebrauch nun och eemol abegraff ass, datt "een" theoreetesch déi Foto an engem Buch oder enger Zeitung publizéieren a domatter Sue maache kann (et muss just den Numm vum Auteur ugi ginn).

Deemno: wann s De selwer deng Fotoe verrubbele wëlls (z.B. plangs, se a Form vun engem Fotosband erausginn), da wier et virdrun z'iwwerleeën ob s de se fir d'éischt als "fräi" op d'Wikipedia setze wëlls. Falls net, d.h. et der Freed mécht, ze wëssen, dass se op der Wikipedia "der Mënschheet en Dingscht leeschten" (a Form vun enger Inforamtioun liwweren, an andeems de op d'Rechter drop verzichs), dann hues de d'Wikiprinzip applizéiert.

Mee allgemeng gëllt souwisou (dat hate mer schonns eng Kéier bei enger virechter Diskussioun): Eng Foto, déi een an d'Internet sëtzt, egal ënnert wat fir enger Lizenz, ass de Facto "vogelfrei" - wéi wëll ee wëssen, dass d'Lokalblat aus dem Ostparaguay eng Foto vun engem "gezoppt" huet, fir en Artikel z'illustréieren?

Dat géng och heeschen, dass am Drop-down- ("Erofgehei-"?)Menü op der Eroplued-Säit déi Méiglechkeet ("net kommerziell" ewechgemaach misst ginn.

Mee dat ass schonn erëm eng nei Diskussioun fir sech.

--Zinneke 16:56, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat déi kommerziell Notzung ugeet, wier ech net frou driwwer wann ee géif eng Photo, déi ech geaach hunn, benotzen géif fir se da selwer virunzeverkafen. Wann een awer elo "share alike" an der Lizenz ugëtt, misst dat awer net erlaabt sinn, oder?
Déi aner Saach ass déi vun enger Persoun oder engem Konschtwierk op der Photo. Et ass net onproblematesch, wann esou eng Photo kommerziell genotzt géif ginn. (Beispiller: eng Reklamm fir e Produit mat der Photo vun enger Persoun oder e Kalänner fir ze verkafen mat Photoen vu Konschtwierker.) --Fliedermaus 17:28, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Well et ebe vill Benotzer oder och Kënschtler gëtt, déi mat enger kommerzieller Notzung vun hire Wierker e Problem hätten, hu mer déi "nc" Lizenzen zwar net recommandéiert, mee se awer erlaabt oder op d'mannst breetflächeg toleréiert. Effektiv kann een da kee Buch a keng DVD vun der lb-wiki mat deene Biller dra verkafen, mee datt dat jee ee Wëlles wäert hunn doru gleewen ech perséinlech souwisou net. --Otets 19:26, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech weess elo, firwt ech en Déjà-vu-Effet hat: Virun 3 Joer hate mer e bal identesche Probleem, wou ech déi follgend Remarquë geschriwwen hunn:

Wikipedia:De_Stamminet/Archiv2005/September#Nom_Billerstuerm. Meng Aschätzung ass nach ëmmer déi nämlecht. --Zinneke 22:34, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Weiderleedung vun der Schabloun Bild-CC-by-nc-nd/3.0 op d'Schabloun Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Dëse Message addresséiert sech un all déi Benotzer déi Biller ënner der "Bild-CC-by-nc-nd/3.0 eropgeluet haten.

Ech hat fir déi Schabloun den 1. Juni géint 00:44 eng Weiderleedung op d'Schabloun Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu, gemaach. Déi Weiderleedung gouf de 6. Juni um 21:44 erëm vu mir réckgängeg gemaach.

Heimatter entschëllegen ech mech, fir déi Weiderleedungsaktioun, déi vu mir zwar gutt gemengt war, am Sënn fir jiddrengem Aarbecht bei der Ëmännerung vun där net kompatibler Lizenz ze spueren, awer net korrekt war.

Am Fall, wou engem ee Schued doduercher sollt entane sinn, geet dat op meng Kap, an ech sti richt dofir.

Les Meloures 17:00, 29. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Gebrauch vun "NC"[Quelltext änneren]

Zu diesem Thema: Spezial:Logbicher/upload zeigt, dass weiterhin Bilder mit einer nc-Lizenz hochgeladen werden. Bitte weist die Benutzer darauf hin, dass diese Lizenz nicht mit der GFDL-Lizenz vereinbar ist, d.h. alle Artikel mit diesen Bildern widersprechen den Grundprinzipien der Wikimedia-Projekte, die eindeutig eine kommerzielle Weiternutzung vorsehen. Auch wenn es schade ist, aber falls die Benutzer die Bilder nicht umlizenzieren, müssen sie gelöscht werden (oder dürfen zumindest nicht in Artikeln verwendet werden). Bitte weist die Benutzer auch darauf hin, dass es besser wäre, die Bilder auf Commons hochzuladen, damit alle Wikimedia-Projekte sie benutzen können. Beste Grüße, --Thogo (Diskussion) 07:04, 9. Jul. 2008 (UTC) (p.s.: Bitte übersetzt diese Nachricht ins Luxemburgische.)[äntweren]

Danke Thogo,
Übersetzung ist nicht nötig, das versteht jeder der Beteiligten/Betroffenen.
Leider confirméiert dat meng Bedenken, déi ech schonns méi wéi eng Kéier an der Vergaangenheet geäussert hunn: dass et potentiell (a wéi mer elo gesinn:reell) Probleemer mécht, wann ee Lizenze gebraucht, déi "net-fräi" sinn, a mer eis vill Misär, kleng Dramen, an Aarbecht spueren, wa mer eis méiglechst einfach a kloer Reegele setzen, un déi vun elo u jidderee sech ze halen huet.
Ech huelen elo emol déi Optioun aus dem Drop-Down-Menu eraus, fir ze verhënneren, dass se virugebraucht gëtt. Ech proposéieren och, d'Säit mat de Lizenzschablounen grëndlech z'iwwerschaffen, an do ee fir allemol kloer drann ze schreiwen, wat fir Biller hei stoe kënnen a firwat. Wann ech Zäit kréien, maachen ech eng Test-versioun, ün deer jidderee matschaffe kann.
--Zinneke 10:16, 10. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Also nach eng Kéier[Quelltext änneren]

Fir virun ze kommen, e Résumé:

"NC" (eng Lizenz, déi nëmmen eng net-kommerziell Notzung erlaabt), a wat fir enger Form och ëmmer, widersprécht - sou sot eis den Thogo - dem Wikiprinzip vum (Mat)deele vu fräier Informatioun. Sou wéi textuell Informatiounen, déi vun eis heihigeschriwwe ginn, vu jidderengem virugenotzt kënne ginn, sou soll dat och mat bildlechen de Fall sinn.

Verschidde Mataaarbechter hu Bedenke geäussert, hir Biller heihin ze stellen, wann si d'Méiglechkeet net hätten, eng méiglecherweis kommerziell Notzung ze verbidden. Dat ass eng verständlech Reaktioun. Hei, wat ech virun 3 Joer (!) dozou geschriwwen hunn (liicht editéiert vun Wikipedia:De_Stamminet/Archiv2005/September#Nom_Billerstuerm):

Wat schwätzt dergéint, seng eege Biller ënner eng fräi Lizenz (GFDL oder cc-sa-by) ze setzen? Sou wéi ech verstanen hunn, sinn hei Wikipediainer, déi nët grad erbaut dodroiwwer sinn (fir et emol virsichteg auszedrécken), dass do egal ween dohir kinnt kommen, an hir Fotoën, fir déi se vill Zäit a Méi investéiert hunn, fir kommerziell Zwecker mëssbrauche kinnt. Och mär mécht déi Virstellung, dass do, platt gesot, iergend esou e Säckdréier kinnt op eisem Bockel, mat eiser Oarbecht, sech d’Täsche vollstiechen, fir d'éischt emol en ongutt Gefill.

Mee da froen ech méch: 1. Wéi reell ass déi Warscheinlechkeet, dass do eng vun de Fotoe vun der lb-wiki um Cover vum nächsten Dan Brown opdaucht? Net dass d’Biller vu schlechter Qualitéit wiren, am Géigendeel, mee si déngen dach virun allem derzou, d’Artikelen z’illustréieren, déi e staarke Lokalbezuch hunn, an dofir kaum Sujetë sinn, wou lo een dermatter d’Gelddréckmaschinn ugeheie kinnt. An anere Wierder: wann elo d’Fraen a Mamme vu Konsdref (dat ass just e Beispill!) géife méng Foto vun der Konsdrefer Kierch op hiirt Bichelche setzen, dat se fir hire 75. Anniversaire drécken a verkafen, fir d'Kaffiskees e bëssen ze fëllen, da kréien ech do zwar keen Cent Droits d’Auteur, mee bon, dat wosst ech vu fir eran an hunn dat a Kaf geholl, wéi ech d'Bild eropgelueden hunn.

2. Wee *wëll* Biller aus dem Internet kopéieren a reproduzéieren, dee kann dat maachen, egal ob oder wat fir eng Lizenz do drop ass. D’Geschichte vu Leit, déi vergiewens probéieren, d’Zirkulatioun vu 'Skandal'fotoen oder -videoen ze verhënneren, schwätze fir sech. A fir engem e Prozess wéinst enger geklautener Foto ze man, dee wa méiglech iergenwous an engem anere Land sëtzt... - also, do gesinn ech dach wéineg Chance. Eemol am Internet, ob Wiki oder eegen Homepage, gehéiert e Bild de facto "der Welt" - sou ass dat nun eemol.

Dofir gesinn ech déi hei Approche am realisteschsten:

Ech proposéieren, vun elo un all nei selwergemaache Biller just nach ënner enger fräier Lizenz ze maachen. Bei Biller, vun deenen den Auteur mengt, dass se e "kommerziellt Potential" hunn, besteet jo ëmmer d’Méiglechkeet, dës an enger Opléisung ze formatéieren, déi héichwäerteg Reproduktioune vu vir eran ausschléisst (an z.B. op der Billersäit ugëtt, fir Biller a méi héiger Opléisung soll een den Auteur kontaktéieren), oder, dass z.B. en diskret "Waasserzeechen" drop ass, fir dass potentielle "Spëtzbouwen" den Intressi vergeet (An da bleift nach ëmmer d’Troisième option, dës Foto ganz einfach nët op d’Wikipedia ze setzen, mee bei en Editeur oder eng Agence ze bréngen, well een iwwerzeegt ass, dass dausende Leit bereet sinn, Suen dofir ze bezuelen, fir déi Foto ze kafen).

Well schlussendlech dréit sech alles em d’Fro: Firwat schaffe mer hei mat? Ech huelen un, een, deen Texter schreift a Fotoe mécht, fir seng Kuuscht dermatt ze verdingen, dee mécht dat net hei, mee bei enger Publikatioun, engem Verlag oder enger Billeragence, déi en dofir bezillt. Et ass deemno méi fir den "ideelle Wäert" (d’Meenung, et kinnt eng Kéier "engem nëtzlech sinn", a sief et nëmmen eis selwer, déi mer bei all Artikel, dee mer schreiwen, eppes derbäi léieren) dass hei eng allgemeng zougänglech Wëssensquell opgebaut gëtt. Da gehéiert och derzou, dass mer "der Welt" net nëmmen "eisen Text", mee och eis Biller iwwerloossen, oder villméi, déi Biller vun eis, déi mer décidéiert hunn, mat aneren ze deelen (jidderee ka jo "nierwelaangscht" e Fotosband iwwer z.B. Lëtzebuerger Reliéis Gebaier publizéieren, wou (och) Fotoen dra sinn, déi hei net publizéiert gi sinn...

A fir nach hannendrun ze soen: Et si mär a menge bal véier Joer Wikis-carrière ganzer zwou "kommerziell" Publikatioune bekannt, wou je ee Bild vun engem lb-Wiki-Mataarbechter reproduzéiert gouf: an enger Antologie an enger éisträichescher Zeitung...

--Zinneke 09:34, 14. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Ech schléisse mech dem Zinneke senger Meenung un, a ginn esou guer nach e bësselche méi wäit. Ech wäert an Zukunft meng Biller op Commons eroplueden.
Et ass jo schlisslech esou, datt doduercher ons gutt Biller op den anere Wikie bekannt ginn, a benotzt ginn. Schliislech sollen d'Auslänner, och e puer flott Biller vun onsen Uertschaften oder Perséinlechkeete matkréien. Wat déngt eng Superfoto vun engem lëtzebuergesche Politiker z.b. op der lb:Wiki wou ausser de Mataarbechter vläicht all Dag eng hallef Dose Läit kucke kommen.
Menger Meenung no notze mer dem Image vu Lëtzebuerg méi, wann déi Biller op alle Wikie duerch de Commonsautomatismus kënne gebraucht ginn, amplaz datt mer kléngkaréiert an onsem Eck sëtzen an hoffen datt net zevill Leit déi Biller gesinn, well mer fäerten et kéint jo schlisslech e clevere Geschäftsmnann aus Pingonesien oder vu Gott wees wou op d'Iddi komme fir mat engem Kierchttuerm, oder engem Bam oder enger Baach vu Lëtzebuerg, d'Milliounegeschäft vu sengem ze Liewe maachen. Ech mengen éier dat virkënnt hu mer schonns e puer Sechser am Lotto gehat.
Les Meloures 10:41, 14. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Nach eng kleng Nobemierkung, déi d'Angscht viru méiglechem "kommerziellem Mëssbrauch" nach relativéieren hëlleft: E Bild, eemom ënner fräier Lizenz, behält déi fräi Lizenz "fir ëmmer". Dat heescht, souguer am hypothetesche Fall, wou ee giff e Bild vun der Wikipedia huelen, an domatter Pousteren oder Postkaarten drécken, déi e verkeeft, kann e keen drunn hënneren, dat selwescht ze maachen: D'Lizenz ass jo fräi. Deementspriechend kleng ass dës Gefor... --Zinneke 13:08, 28. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Betawiki update[Quelltext änneren]


Biller eroplueden[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Ech hu Problemer beim eropluede vu Biller.

D'Maschinn gëtt deen heite Message:

Interne Feeler

De Webserver kann net an den Upload-Repertoire (public) schreiwen.

Huet nach een de selwechte Problem?

Les Meloures 10:04, 23. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hat en e Méinden den Owend. Op "Commons" krut ech d'Biller dunn ouni Probleem eropgelueden. --Zinneke 12:22, 23. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Info. Les Meloures 17:02, 23. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Net genuch Rechter[Quelltext änneren]

Nodeems ech wollt kucke wéi dat mam "Eroplueden" funktionéiert, krut ech (direkt nodeems ech op "Eroplueden" gedréckt hunn) den Text "D'Aktioun déi dir gewielt hutt, kann nëmme vu Benotzer aus de Gruppen Registréiert Benotzer, Administrateuren duerchgefouert ginn." Wou soll ech mech dann nach "registréieren?? Liesbrëll

Moien
Bass de sécher datts de ageloggt wars Les Meloures 13:17, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Wann uewen Liesbrëll - Meng .... asw a ganz riets "Ausloggen" steet, da muss ech ageloggt gewiescht sinn. Liesbrëll

Moien,
bei mär ass d'Eroplueden an der Lescht och e puer Mol net gaangen. Probéier emol op "Commons", dat misst ouni Probleem goen. --Zinneke 14:36, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Wanns de just hei uewendriwwer kucks mierkst datt et schonns bal de selwechte Problem virun e puer Deeg gouf. Dat muss awer net bei all Benotzer d'selwecht sinn. Et kënnt fir datt emol e Server den Hick huet. Dann einfach en Dag méi spéit nach eng Kéier probéieren. Et ka sinn datt de Server déin Aloggen net erfaasst hat.

Les Meloures 15:32, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Äntwert op dem Liesbrëll seng Reklamatioun am Artikel Roy Sentjes datt en hei net séier genuch g'äntwert krut.[Quelltext änneren]

Moie Liesbrëll
Vu weem has du um Staminet eng Äntwert erwaart?
Et ass esou datt jiddereen deen hei mathëlleft grad esou wéi s du, dat fräiwelleg mécht, net ëmmer aktiv ass, a scho guer net nëmmen op der Lauer sëtzt fir engem sou séier wéi méiglech eng Äntwert um Staminet ze ginn.
Et gëtt deemno vill Méiglechkeeten, firwat datt s de d'Äntwert net séier genuch kruuts:
  1. Et hat nach keen deng Fro gelies
  2. Et woust keen eng Äntwert, dat schreift en dann net extra dohinner
  3. Et wollt keen äntwerten dat ass och alt schonns virkomm

Les Meloures 15:26, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Uuuuuu... ech mengen, de Liesbrëll ass e Kolleeg vu mir! Oder iren ech mech?? --Kasperlek 16:28, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

an ech mengen hei steet d'Erklärung firwat de Benotzer Liesbrëll zur Zäit näischt eropluede kann et läit einfach dorunn dat e fir Fichieren eropzelueden e confirméierte Benotzer (autoconfirmed User) si muss an dat gëtt een eben eréischt no dem e méi wéi 4 Deeg ugemeld ass. Ech huelen unn datt déài Regel aus der englescher Wikipedia per defaut och bei eis gëllt (warscheinlech kéinten Administrateure, Bürokraten oder Stewarden dat maachen, mee dat misst ee sécher nofroen). Also an e puer Deeg misst dat klappen a wann net bleiwt ëmmer nach d'Méiglechkeet dat iwwer Commons ze probéieren. mat beschte Gréiss --Robby 17:40, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


E Merci un de Robby fir seng kloer a frëndlech Äntwert. Froe wéi "Vu weem has du um Staminet eng Äntwert erwaart? " oder "Et wollt keen äntwerten" an Intermezzi wéi "Uuuuuu... ech mengen, de Liesbrëll ass e Kolleeg vu mir! Oder iren ech mech??" hu mech awer dovun iwwerzeegt, mech mat anere Saachen ofzeginn, da kommen ech mer vläicht manner veraa...t vir. Liesbrëll


Mir soen all dem Robby Merci fir seng Nosich an d'Informatioun déi e konnt ginn.
Wann e sech veraa...t virkënnt ass dat deem seng Saach.
Wann ech hei uewendriwwer déi méiglech Ursaachen opzielen, firwat datt net direkt eng Äntwert koum, ass bestëmmt keng Ursaach fir sech vera...t virzekommen.
A jiddereen däerf sech mat Saachen afginn déi him gefalen, et gëtt kee forcéiert fir hei matzemaachen. Déi panikarteg Reaktiounen, wann net direkt eng Äntwert kënnt, sinn ons hei schonns vun engem bestëmmte Benotzer bekannt, deen d'selwecht wéi de Liesbrëll grouss Kommentaren iwwer d'Schreifweis gemaach huet, an d'Feeler a sengen eegenen Artikelen net gesinn huet, a sech dacks wann een eng Fro zu engem Problem bei engem Artikel vun him hat, doud gestallt huet.

Mat allem Respekt fir d'Schantjesschëld am Artikel Bibliothéik Eschduerf dat aner Benotzer soll dervun afhalen fir drun z'änneren, stellen ech fest, datt op d'mannst e Link do ass, deen net fonktionnéiert, an op d'mannst véier Wierder déi, wéi de Liesbrëll sou schéi selwer bei senge Verbesserunge seet, net der offizieller lëtzebuergescher Schreifweis ugepasst sinn. Do freet ee sech wat seng Kommentare bei Verbesserungen an aneren Artikele sollen.

Les Meloures 19:01, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]