Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/September

Vu Wikipedia

Translation request[Quelltext änneren]

Hello, I have made a template on fr: it's the french version of commons:Template:User SUL. This template show to us where is the main account of an user, with a link to this account. It's useful for leave an important message to a contributor. Could someone here translate this template for this local wikipedia? Thank you very much. Otourly 07:35, 31. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Thank you very much Zinneke ! (Schabloun:Benotzer SUL) Otourly 10:55, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Säitenëmbroch beim Späicheren[Quelltext änneren]

Gude Moien,
Ech hunn a leschter Zàit vill Schwieregkeeten, wann ech eng Säit späicheren. Da geet nämlech den Ëmbroch a besonnesch de Carriage return verluer. Dat ass mer neierdengs rëm mat der Säit Entwécklungsland geschitt.Luest mol ran. Wat kann een do mache?.

Merci fir all Hëllef

--ernmuhl 07:11, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien Ernmuhl,
ech hu leider keng Erklärung parat fir dat mysteriéist Verschwannen, mee hunn den Text emol op déi lescht Versioun zeréckgesat, wou den Ëmbroch nach dra war. Has de vläit den Text, fir drun ze schaffen, an en Textveraarbechtungsprogramm eriwwerkopéiert, an dann nees hannescht? Dat kinnt ee Grond sinn. --Zinneke 07:44, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Betawiki update[Quelltext änneren]

"Ziel eis iwwer Är Wikipedia"[Quelltext änneren]

... gouf dës lescht op Wikimedia gefrot.

Hei, wat ech g'äntwert hunn. Nom Wikiprinzip kann dat nach g'ännert/ergänzt ginn. --Zinneke 16:43, 10. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat Ganzt mat e puer Blumme méi schéi gemat, kuck just op ech net ze optimistesch war. --Otets 13:32, 16. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Kann een de C***** net definitiv spären?[Quelltext änneren]

Gët et keng Méiglechkeet, fir den C**** alias Cornischong, Eisenstein, Pegalux & co aus der Lb-Wiki ze sperren? Dat wat hien mat dem Jean-Claude Juncker sengem Artikel opféiert ass jo sëcher an enger Wiki nët zougelooss. An, éierlech gesot, et nervt, sou dass een (ech) kaum nach Loscht hunn an d'Rezent Ännerungen kucken ze goen an déi stupid Kommentairen ze liesen. Dee Stil hängt engem zum Hals eraus, an all déi Zäit wou hien nët do war, war et immens angenehm fir ze schaffen. Ech hoffen et fënnt sech eng Léisung, --158.64.59.137 09:35, 11. Sep. 2008 (UTC) sorry, ech war net ageloggt: --PlayMistyForMe 09:36, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Vu datt en eng dynamesch IP dierft hu kéint een e mat engem gewësse Succès just spären andeems ee säi Provider spärt. Vu datt een domat awer all Mënsch späre géif dee bei deem Provider ass kënnt dat net a Fro. D'Äntwert ass also: neen. En plus si seng Ännerunge jo an der Rei, just seng Kommentare wieren net néideg, op d'mannst net op 11 verschidden Edite vum selwechten Artikel verdeelt. Ech fir mäin Deel liesen déi Kommentare guer net a ginn dowéinst och gär an d'Rezent Ännerungen kucken - sou einfach kann d'Liewen heiansdo sinn. Op een awer elo de Benotzernumm Pegalux sollt spären oder em en aneren Numm gi fir datt en net mam Pecalux

verwiesselt ka ginn ass eng aner Saach, mee dozou ka just de Pecalux selwer eppes soen. --Otets10:07, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Wann Een Artikele verbessert, ass näischt dergéint ze soen. Wann Ee mengt, déi aner giffen engem seng Verkleedungen net erkennen, huet en e Probleem mat der Realitéit. Wann ee mengt, seng Optrëtter als penibele Méckepéilert giffen aner Leit beandrocken oder belëschtegen, iert e sech. A wann e mengt, dat giff konstruktiv zu engem Projet bäidroen, och - se nerve just.
Mäi frëndschaftleche Rot un de Mann mam Kasperltheater: Du weess besser wéi vill Anerer, wéi de Buttik hei leeft. Hal Dech un d'Spillreegelen, da léisst jiddereen Dech gewäerden. Sinn déi Der ze blöd oder net gutt genuch, dann iwwerlee Der, et léiwer ze loossen.
Als Lektür un all empfeelen ech Asterix - La Zizanie. E schéinen Nomëtteg. --Zinneke 12:56, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech fannen dem Kasperl seng Commentaire ganz amüsant well e confirméiert domat just d'Meenung déi mir vun him hunn. Wann hie sech elo eng Identitéit als Pegalux wëllt ginn, da stéiert dat mech absolut net. Et ass nëmmen eng kleng Revanche well ech hie gëschter an engem Commentaire Cornistein vernannt hat. --Pecalux 13:46, 11. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]


Iwwersetzen[Quelltext änneren]

(vum user:Robby senger Diskussiounssäit eriwwerkopéiert)

E Kolleg vu mer huet eng Iwwersetzungsmaschinn programméiert, e wëll domat awer net méi weiderfueren an dofir huet e mer erlaabt fir se weiderzentwéckelen. Bei deenen Artikelen déi ech gelescht hunn ass déi Iwwersetzungsmaschinn zum Asaz komm. Leider ass se nach net perfekt an dofir hunn ech vill missen manuell nokorrigéieren. Awer am Allgemengen hëlleft se besonnesch bei laangen Texter fir Zäit mam Iwwersetzen ze spueren. Dofir meng Froen, grad un iech well dir iech hei ëm d'Boten ze këmmeren schéngt. Wëll dës Wikipedia Iwwersetzungen aus dem däitschen? Wann jo, gëtt et Leit déi mer beim manuellen nokorrigéieren hëllefe wéilten? Wann jo, da géif ech déi Iwwersetzungsmaschinn ëmmer besser maachen bis datt souvill wéi méiglech automatesch geet. Ech hunn iech den Artikel "Molerei" als Beispill gemaach, wat d'Iwwersetzungsmaschinn momentan ouni iergend eng manuell Nokorrektur kann. Hutt dir Intressi un esou enger Iwwersetzungsmaschinn? De Kueder


Moien
Ech hu mer emol just déi zwéin éischt Sätz erausgepléckt : D'Molerei zählt nieft der Architektur, der Bildhauerei, der Grafik an der Zeechnung zu den klassesche Gattungen der Bildenden Konscht. Molerei ass d'Anbringen vu Farben mëttels Pinsel oder Spachtel oder aneren Gegenstände op enger Fläche.
Wann ech mech net verzielt hunn, stinn an deenen 2 Sätz 12 Feeler. Do kan ee sech d'Fro stellen ob d'Nokorrektur net méi Aarbecht mécht, wéi direkt selwer richteg schreiwen. Et wier vläicht ubruecht nozekorrigéieren éier een esou eppes op d'Wiki setzt. Les Meloures 16:38, 14. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien,
Deen Iwwersetungsprogramm ass sécher eng intressant Saach. Allerdengs ass mäin Urteel vum Resultat dat selwescht wéi dat vum Les Meloures: Wann d'Hallschent vun de Wierder esou stoe bleiwe wéi se sinn, an och d'Syntax an de Sazbau nach mussen ëmgeschriwwe ginn, fir eppes Liesbares draus ze maachen, da geet et fir méch perséinlech méi séier, en Text selwer z'iwwersetzen. Wann s Du, Kuerder, awer gutt dermatt eens gëss, da soll keen dech drun hënneren, deen als Viraarbecht unzejummen. Allerdéngs géif ech och dervun ofroden, "hallefgebakent" Däitschebuergesch heihinner ze setzen. Fir d'éischt misst dat virum Eropluede schonns säi Schlaff kréien. --Zinneke 18:51, 14. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Salut,
och a mengen Aen ass esou eng Iwwersetzungsmaschinn eng interessant a nëtzlech Saach. Mee wéi bäi de meeschten Iwwersetzungsprogrammen, kënnt een och bäi dësem net derlaanscht fir all Text genee nozekucken den esou e Programm erausspäizt. An e sollt een op kee Fall esou halleffäerdeg Texter a grosser Zuel hei eroplueden. Desweidere sollt een och versichen fir déi Feeler déide Programm produzéiert am Laf vun der Zäit ze reduzéieren. --Robby 21:29, 14. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech zielen am Les Meloures sengen zwee Beispillsätz 27 korrekt iwwersate Wierder, 10 net iwwersate Wierder an 0 Feeler. E Feeler ass fir mech eppes wéi "Strëmungen", wat falsch ëmgeännert gouf. Deemno si bal 3/4 vun de Wierder an der Rei, wat anert grousst Online-Iwwersetzungs-Geschir net fäerdegbréngt. Dofir emol Chapeau, dat dierft effektiv vill Zäit spueren hëllefen. Mee déi effektiv Feeler wéi "Strëmungen" musse prioritär verschwannen, eréischt duerno kann de Vokabular dann no an no ëmmer méi ausgebaut ginn. Mee ech wier frou wann de Kueder, wéi scho vum Zinneke gefrot, virum Eroplueden eng éischte Kéier selwer "manuell nokorrigéiere" géif. Wann dann nach Saache reschtbleiwe sollten da mengen ech datt d'Kommunautéit sech abrénge kéint fir e bëssen nozebotzen. Elo bréichte mer da just nach eng Wonschlëscht mat Artikelen déi iwwersat solle ginn (well e puer Artikele wëlle mer sécher jo nach selwer schreiwen). --Otets 13:47, 16. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
"Artikelen, déi et op all Wikipedia sollt ginn" ass sécherlech eng "Wonschlëscht", déi drop waart, gebléitst ze ginn. --Zinneke 14:03, 16. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo bei der Molerei en zweete Programm lafe gelooss, dee vum Nobeschaffen, och just als Test fir ze weise wat d'Maschinn kann, well et soll een deen normalerweis eréischt no der manueller Nokorrektur lafe loosse wéinst der Eifeler Reegel. Ech si frou datt ech esouvill Support an Hëllefangeboter kritt hunn. Natierlech kucken ech d'Feeler erauszekréien, mee meeschtens falen déi just bei Tester op a wéi bei der Eifeler Reegel ass et leider onméiglech fir ze verhënneren datt Nimm och nobeschafft ginn. Molerei war nëmmen als Beweis fir d'Fähegkeete vun der Maschinn geduecht, natierlech maachen ech an Zukunft wéi och bei den alen Artikelen ëmmer selwer eng manuell Nokorrektur ier ech eppes eroplueden, mee leider kann d'Maschinn scho besser Lëtzebuergesch ewéi ech an dofir brauch ech trotzdem bei all eropgeluedenem Artikel Schreifweis-Hëllef vun iech (Arnaut Daniel). An och Hëllef beim Weiderentwéckele vun der Maschinn brauch ech, besonnesch Grammatikëmwandlungsregelen ouni (zevill) Ausnamen si wëllkomm. Soll ech meng weider Froen heihinner schreiwen oder bei de Robby oder den Zinneke? De Kueder
Merci, Kueder, fir déi Explikatiounen. Ech kucke gär deen een oder aneren Artikel no, deen deng Maschinn (huet déi en Numm?) an Du verschafft hutt. Virun allem "allzedäitsche" Sazbau muss menger Meenung no geännert ginn, an och d'Wiki-Linken deem ugepasst, wéi et hei heescht. Stell d'Froen am beschten hei am Stamminet, do gi se vun alle gelies. --Zinneke 19:13, 16. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]


Wuer wëlle mer hin?[Quelltext änneren]

Am Kader vun dëser Diskussioun iwwer Wonschlëschten a gemeinsam Efforten hunn ech 100 Zoufallsartikelen ausgewäert a sinn op déi follgend gerënnte Chiffre komm:

  • 15% eidel Joreszuelenartikelen
  • 15% franséisch a spuenesch Stied a Kantonen
  • 5% Lëschten
  • 35% extrem kleng bis kleng Artikelen
  • 30% mëttel bis grouss Artikelen

Well mer elo stracks op de 25.000sten Artikel zousteiere kéint ee sech nees d'Fro stellen, wou mer an Zukunft hi wëllen. Sécher net an deem Sënn datt jidderee sech un e Plang ze halen hätt, mee wann alt 3-4 Leit sech d'Halschent vun der Zäit wou se zécken op se deen een oder aneren Artikel sollen ufänke sech un déi vun der Kommunautéit favoriséiert Zukunftsvisioun giffen erënneren, dat wier scho genuch. D'Froe si wéi ëmmer: Wëlle mer méi Qualitéit oder méi Quantitéit? Wëlle mer méi Contenu iwwer Lëtzebuerg oder méi allgemeng Artikelen? D'Äntwerte si sécher net schwoarz oder wäiss mee leien iergendwou dertëschent, et geet also drëm a wéi enger Proportioun een dat gewiichte soll. Ech giff bei der dach beachtlecher Zuel vu bal 25.000 Artikele vläit ufänke méi un d'Qualitéit ze denke wéi un d'Quantitéit: vu datt keng Joreszuelenartikele méi derbäikommen hëlt deenen hire Prozentsaz mat der Zäit souwisou of, an d'Artikelen iwwer franséisch a spuenesch Stied a Kantone kéint ee vläit all Mount just esouvill der derbäimaachen datt et 10% vun den aneren neien Artikelen ausmécht. Beim Contenu sinn ech gedeelter Meenung, et kéint ee vläit déi national Wonschlëscht zu deene selwechten Deeler favoriséiere wéi déi international, woubäi ech bei deer leschtgenannter nëmme bei ganz wichtegen Themen e Batz wéi d'Molerei geséich an am Normalfall vläit éischter e stattlechen Introsparagraph mat e puer Opzielungen oder externe Linken. Wat mengt de Rescht vun der Kommunautéit? --Otets 18:57, 18. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci, Otets, e bëssen Introspektioun ass hei an s do net onwichteg. Well dee ganze Projet nun eemol vu Fräiwëllegen ofhänkt, an deemno deenen hirer Bereetschaft, eppes ze schreiwen, ass deen ieweschte Critère, wat soll geschriwwe ginn, nach ëmmer: Dat wouriwwer d'Auteure Loscht hunn ze schreiwen. Wann ech mech selwer kucken, sou sinn ech der Meenung, datt déi Artikele mat der héchster Valeur ajoutée déi sinn, iwwer déi bis ewell näischt bis net vill (oder just doruechter Verspreetes) am Internet ze fannen ass. A well eng Wikipedia op Lëtzebuergesch sech praktesch nëmmen, par la force des choses, u Leit riicht, déi e Bezuch zu Lëtzebuerg hunn, sinn et Themen, déi domat zesummmenhänken, déi fir mech prioritär sinn. D'Zil wier eng Zort consolidéiert "Lëtzeklopedie" (kléngt blöd, ech weess) wou een, wann een z.B. vun engem Artikel iwwer d'Geschicht vun der Siderurgie ausgeet, zu den Uertschaften, wou d'Schmelze stinn, zum Fonctionnement vun engem Héichuewen, zu der Biographie vun de Schmelzhären (an hire Bezéiungen ënnereneen), zu de Regierungen, an deenen se souzen, zu de Schlässer, an deenen se gewunnt hunn, den Architekten dervunner, de Beem, déi derbäi stinn, dem Gedéiesch, dat op deene Beem lieft, dem Biolog, deen et beschriwwen huet, dem Moler, deen d'Schlass gemoolt hunn, de Schoulen, déi e besicht huet, asw. asv. mat een, zwee Klicken "alles" gewuer ka ginn. Dat gëtt et soss néierens.
Do dernieft ass et natierlech nëtzlech (an néideg?) déi wichtegst allgemeng Themen och ze traitéieren, fir dass den Numm Enzyklopedie net eng Farce ass. Ech stëmme mam Otets iwwereneen, datt mer do roueg manner grouss Bréidecher bake sollen, einfach, well bei deenen Artikelen et eng Abberzuel Publikatiounen an Informatiounen schonns gëtt, an et praktesch just e sproochlechen Exercice wier (deen, ceci dit, ë.Ë och intressant ka sinn), déi op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen, mee weider keng nei Informatioun bréngt. Mee dat hu mer scho bei munnech engem "allgemengen" Artikel gemaach: Eng Synthes vun deem wat, op de:, fr: oder en: do steet, a kënnen domat viru fueren.
Dat alles fir ze soen: D'accord mat dem, wat uewendriwwer steet.--Zinneke 09:19, 19. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
D'Qualitéit ass fir mech méi wichteg wéi d'Quantitéit. Mir mussen awer och am A behalen dass d'lb:Wiki keng Enzyklopedie soll si fir Lëtzebuerger mee fir all déi, déi lëtzebuergesch schwätzen, egal watfir eng Nationalitéit dass se hunn an egal wou se doheem sinn. Dat heescht dass mer och mussen iwwert eis Grenzen erauskucken. Ech wëll just nach un e Saz erënneren deen en User virun 2 Méint gesot huet: "Et wier net schlecht wa mer mol d'Lëtzebuerger Gemengen an Uertschaften kinnte kompletéieren éier mer eis druginn fir d'Dierfer an d'Stied am Ausland alleguer z'ernimmen". --Pecalux 15:58, 22. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Och ech schléisse mech der meenung un datt d'Qualitéit wéi wichteg ass wéi d'Quantitéit. Wat elo awer d'Sujeten ugeet vun den Artikeln esou ass dat eng quokeleg Fro. Sécher sollte mir versiche lëtzebuergesch Sujeten favoriséieren. Dobäi sollte mir awer déi Leit net decouragéieren déi sech ganz besonnesch fir e bestëmmte Sujet intereséieren an doriwwer Artikelen an eiser Wiki schreiwen. Mir sollten och op kee Fall Diskussioune driwwer ufänken ob elo dësen oder dee Sujet sech besser fir eis lëtzebuergesch Wiki eegent (Beispiller: Astronomie, Vëlossport, Geographie, ...) well all dës Säite beräicheren eis Wiki. Wat elo déi kuerz a ganz kuerz Säiten ugeet esou ass och dat a mengen Aen kee Problem esoulaang dat wat do steet korrekt ass, well schlieslech kann nom wiki-Prinzip all Sàit zu all Moment erweidert a komplettéiert ginn. --Robby 15:43, 3. Okt 2008 (UTC)

'Sichen' e Krack méi héich[Quelltext änneren]

Moien, an ëmmer méi Wikien ass d'Mask fir ze sichen (an der lénkser Kolonn) ewell ganz uewen, nach iwwer der Këscht "Navigatioun". Weess ee, wou een dat ëmbaue kann (oder kinnt een, deen et weess et maachen)? Merci am viraus! --Zinneke 11:40, 22. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Op der en-wiki ass dat net de Fall, do ass et nach wéi bei eis. Ech fannen et esou wéi et momentan ass och méi strukturéiert, soss entasséiere sech d'Textkëschten einfach eng iwwert déi aner an et huet ee méi Krempes blannemännches déi gewollten ze fannen. --Otets 19:01, 26. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Tageblatt Wiki[Quelltext änneren]

Scho gesinn? Tagebatt Wiki--Fliedermaus 17:09, 26. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Déi Wiki gëtt et anscheinend och eréischt zënter kuerzem, den 20. September 2008 ass se fir de Public opgaangen. Leider ass de Contenu op Franséisch, mee wéinstens kann een d'Systemmessagen op Lëtzebuergesch an de Preferenzen astellen. Lëschteg, datt ënnen op all Säit nach steet "À propos de Wikipedia". Mee se fëllt sech, se wëlle vum Tageblatt hier als éischt mat Politiker, Athleten a Gemengen ufänken: Lëscht vun allen Artikelen. Intressant fir eis kéinte virun allem hir Fotoe sinn, mee momentan feelen do nach d'Auteuren an d'Lizenzen (verfollegt d'Diskussioun op hirem Stamminet). D'Texter dogéint sinn eendeiteg ënnert GFDL. An da soe se, d'Redaktioun géif d'Contributioune stänneg verifiéiere sou datt se eng fiabel Informatiounssource wieren - mol dovun ofgesinn datt se reng materiell net all eenzel Contributioun vun Drëtte kënne kontrolléieren a sech wéinst hirer Garantie bei Falschinformatioune rechtlesche Konsequenzen aussetzen, sou wier et och eng gutt Saach fir eis bei onsécheren Donnéeë se mol vun der Tageblatt-Redaktioun verifiéieren ze loossen. --Otets 17:27, 26. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Aller Anfang ist schwer... Et gesäit aus, wéi wann ee vun hire Redakteuren einfach emol säin Archiv online gesat hätt. Zimmlech onstrukturéiert an oneenheetlech, z.B. wat d'Presentatioun vun de Biographien ugeet. Och Wikilinken, ee vun den Haapt-Atoutë vun der Wiki, feele ganz. Fotoen ouni iergend eng Lizenz an Auteur: Als Zeitung missten se wëssen, dass dat net geet. Am Intressantsten wäert et sinn, ze gesinn, wivilll fräiwëlleg Mataarbechter se do fannen (fir e Projet vun egem kommerzielle Verlagshaus). --Zinneke 19:54, 26. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Nimm vu Schoulen, Instituter, asw[Quelltext änneren]

Nodeems ech d’Nimm vun enger Rei vu Schoulen op e Lemma mat klenge Buschtawen (ausser deen éischten) geréckelt hat, schreift de Baulpi (iwwregens : firwat sech net ‘propper’ ausweisen ? … Problemer mat der Réalitéit...) op 'menger' Diskussiounssäit folgendes:

Moien. Wat déi Verbesserungsroserei mat de Schoulnimm ugeet, "wonneren ech mech". Wien huet da bestëmmt, wat hei fir "richteg" verkaaft gëtt? De Grevisse? Den Hanse? Den Dictionnaire de l'Académie Française? De Robert? Wéi wier et mol mat engem Argument? Den Hanse op alle Fall ënnerstëtzt dee Kräizzuch net! --Baulpi 09:58, 27. Sep. 2008 (UTC)

Fir datt dës Diskussioun net ëmmer erëm muss gefouert ginn, äntweren ech hei um Stamminet.
An der gefleegter franséischer Schreifweis ginn d’Nimm vu Schoulen, Instituter, Associatiounen, Sociétéiten, Ministèren, asw mat engem groussen Ufangsbuschtaf an duerno klenge Buschtawe geschriwwen.
Allerdéngs: dës Schreifweis ass (nach) net iwwerall zu Lëtzebuerg, besonnesch net an de Schoulen :( an an de Ministèren ukomm.

Quellen:
1) De Petit Robert 2 schreift, z.B.:

  • École nationale d’administration (E.N.A.)
  • École normale supérieure de l’enseignement technique (ënner Écoles)
  • Institut national de la statistique et des études économiques (I.N.S.E.E.)
  • Institut catholique de Paris.

2) An der Zeitung Le Monde, z.B., kann een all Dag dës Schreifweis fannen. Le Monde schreift iwwregens och: le ministre de l’environnement, le ministère de l’intérieur, asw.

3) Déi franséisch Wiki:
a) ënner École normale [1] steet follgend Lëscht:
• École normale supérieure • École normale supérieure (rue d'Ulm) • École normale (Québec) •École normale de musique de Paris

b) Ënner 'Institut' steet dës Lëscht:[2]: • Institut catholique de Paris • Institut universitaire de technologie • Institut français de géopolitique • Institut français du pétrole • Institut de radioprotection et de sûreté nucléaire • Institut canadien • Institut des techniques informatiques • Institut kurde de Paris • Institut de management public et de gouvernance territoriale • Institut de géographie.

c) an och, z.B.:

  • École supérieure d'ingénieurs en électronique et électrotechnique
  • Collège royal des médecins et chirurgiens du Canada.

4) Iwwregens: zum Deel ass dëst och zu Lëtzebuerg de Gebrauch. Kuckt z.B. um Web:

Fazit: ech schloe vir, datt mir op der lb-Wiki déi ‘richteg’ (=gefleegte) franséisch Schreifweis fir déi franséisch Nimm vu Schoulen asw iwwerhuelen.... och wann zu Lëtzebuerg nach net all Schoulen, Administratiounen asw dat maachen. Menger Meenung no soll d'Wiki och d'Funktioun vun enger Referenz fir 'gutt Schreiwen' hunn. (Ech selwer beméie mech weider dat ze léieren :-) --Cayambe 16:12, 28. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

  • 'Nowend. De Baulpi huet an deem Sënn recht, (wéi de Cayambe jo och schreift), dass "richteg" am heite Fall en deenbare Begrëff ass (sousätzlech Infoen zum Thema op der fr:wiki hei. Dofir begréissen ech dem Cayambe säi Virschlag, eis un "eng richteg" ze halen, an dat, wat hei driwwer steet, mécht mer keng Problemer. A wéi de "Redirect" fonctionnéiert, wësse mer jo och all. --Zinneke 18:10, 28. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
  • Ech intresséiere mech éischter fir déi lëtzebuergesch Nimm, mee vu datt et nu mol och franséischer gëtt fannen och ech et gutt wann de Cayambe déi fir hiren Deel norméire wëll esou wéi en et virgeschloen huet. --Otets 15:09, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Ok, ech zéien dat no a no eenheetlech duerch. --Cayambe 16:47, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Komesch Manéiren[Quelltext änneren]

Wann een enzwou nei as, verläft e sech mol gären, mais et kritt en der net gläich op t´Maul. Ech hat ënner "Eesbech" eng Remark gemach, déi krut e vun de Useren hei(PlayMistyForMe)offensichtlech an de falschen Hals. (der kënnt et do noliesen, wann der wëllt) Fir den déiwere Sënn vun dem ze verstoen (an dat war net ganz einfach), wat hien a sengem jugendlechen Äifer gemengt hat, hun ech mech emol duerch är Diskussiounen derduerch gelies an sin dobäi och e bessi méi "gescheit" gin. :lol:

Eigentlech wollt ech an der Wiki matschaffen, mais ech sin elo der Meenong, dat ech schon e bessi ze aal sin, fir an eng Spillschoul. Domat well ech soen, dat, wann se hei alleguer sou bornéiert oder schlecht erzu sin, wéi den "PlayMistyForMe", sin ech am falsche Film .... oder hien. Ech hat hien gebieden seng Ekulubratiounen ze erklären an se zréckzehuelen. Ech waarden nach emmer!! Wéi gesot hun ech e bessi an den Dikussiounen gelies a mär mäin eegene Reim gemaach. Ech si keng oder keen "Cornichong", mä ech gi sauer wéi en Cornichong, wann e mech mat senge kulturelle Plattféiss op t´Zéiwen treppelt. Wat ech wollt wessen, as, op se hei alleguer dem PMFM senger Meenung sin (wat ennert Erwuessenen jo kaum méiglech as)oder op hien net dat Néidegt an der Box huet, fir säi Mëssverständnis kloer ze stellen?

Léiwe PMFM, jidfereen ka sech ieren, och Dir. A jiddwereen kann dat erem verbesseren oder zréckhuelen. "Léiren an deelen" as jo de Motto op der Wiki, mä dat huet Dir secher nach net matkritt.

léif Gréiss un Iech all Azeton

Don't feed trolls.--Zinneke 08:11, 30. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]