Wikipedia:De Staminee/Läschkrittären

Vu Wikipedia

Modeller repektiv Approchen[Quelltext änneren]

Op dëser Säit kann all Benotzer seng Propose fir Krittären op den Dësch ze bréngen.

Modell inklusiv[Quelltext änneren]

  • Et gëtt genuch Plaz; wat méi, wat besser - léiwer hei wéi guer net;
  • soss géif iwwer méi 'kleng' Sujeten näischt existéieren~;
  • Verhënnert Relevanzdiskussiounen.

Modell exklusiv[Quelltext änneren]

  • Krittäre si wichteg, fir eng gewëss Seriositéit sécherzestellen ("net egal wien oder egal wat");
  • Bitt objektiv 'Balisen'

↓↓↓ Schreift wgl. Är Krittären hei drënner ↓↓↓

Krittäre fir Saachartikelen (Géigestänn, Geographesch Artikelen a.s.w)[Quelltext änneren]

Allgemeng Saachartikelen[Quelltext änneren]

All Artikel deen an anerer enger Wiki (z.B: fr; de; en; nl; es) existéiert soll et hei ginn. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Geographiesartikelen[Quelltext änneren]

Geographiesartikelen iwwer Lëtzebuerg och wa se kleng sinn soll et hei iwwer markant Plazen oder och iwwer kleng Baache ginn oder Häff, oder isoléiert Haiser déi z.B. eng Landmaark sinn (Sou Landmaarke sollen och an enger Kategorie:Landmaarken zu Lëtzebuerg opgefouert ginn. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

An dësem Kontext däerfe mer awer net aus den Ae verléieren dass mer par Definitioun eng Enzyklopedie a lëtzebuerger Sprooch sinn a KENG Enzyklopedie vu Lëtzebuerg. --Pecalux 09:26, 5. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Allgemeng sinn ech mat där Bemierkung och d'accord, wa mer hei allerdéngs exclusiv Balise setze lafe mer d'Gefor dat verschidden intressant Saachen ënnerginn. Wa mer z.B. kleng Baachen ausschléissen oder bis elo ausgeschloss hätten, wier z.B. bis elo op d'mannst eng m.M no wichteg Informatioun verluer gaangen, nämlech d'Informatioun datt et ausser dem Anzuchsgebitt vun der Kuer nach eng Baach am Land gëtt déi net zum Anzuchsgebitt vun der Musel geféiert, am Contraire zu Léierbicher déi dat bis elo ëmmer behaapt hunn. D'Wikipedia ass fir den Ament déi eenzeg déi déi Baach dokumentéiert. Wann et och keng Ezyklopedie vu Lëtzebuerg ass, fannen ech trotzdeem datt déi puer km2 Geographie sou prezis wéi méiglech sollen dokumentéiert sinn. Vill markant Plazen hunn doriwwer eraus dacks e geschichtlechen Hannergrond deen en och net aus den Ae soll verléieren. Ech sinn awer gären domatt d'accord datt mer eng Rumm dofir kënne festleeën. Mä dofir si konkret Propose gefrot, soss komme mer do net weider, an d'Diskussiounen iwwer d'Relevanz fänken erëm bei verschiddenen Artikelen un. Setzt dofir w.e.g. Är Critèrë fir Lëtzebuergesch Geographiesartikelen hei drënner.
Krittäre fir Geographiesartikelen iwwer Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

(Gitt wgl. un, wat Dir ausschléisse wëllt)

  • Fir Häff:
  • Fir Baachen:
  • Fir Landmaarken:
  • Fir ...:

Krittäre fir Persounenartikelen[Quelltext änneren]

Allgemeng[Quelltext änneren]

  1. Leit déi net duerch eng besonnesch Leeschtung an der Ëffentlechkeet bekannt sinn hunn hei näischt verluer.--Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Kënschtler / Auteur / Fuerscher[Quelltext änneren]

  1. Leit déi weder als Auteur oder soss e Wierk opweises hunn sollen net hei stoen. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Politiker a Gewerkschaftler[Quelltext änneren]

  1. Politiker sief et lokal oder driwwer sollen hei stoe wann se Buergermeeschter waren/sinn oder Deputéierten a méi héich Funktiounen. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. Politesch oder gewerkschaftlech Aspirante gehéieren net heihinner --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Sportler[Quelltext änneren]

  1. Sportler sollen nëmmen opgelëscht sinn wann se op d'mannst am Elitekader vum C.O.S.L. oder vun hirer Federatioun sinn oder an enger Nationalequipe vetruede waren. Wann dat net de Fall ass da sollen se wéinsten eng important Leeschtung opzeweisen hunn. (Domat ass iergendeen Titel oder Gewënn vun enger gréisserer Kompetitioun gemengt. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Krittäre fir Veräiner[Quelltext änneren]

  1. De Veräi muss uerdentlech agedroe sinn, d'Statute mussen bei rezent gegrënnte Veräiner op www.legiglux.lu ze fanne sinn.[1] Associations de fait mussen deemno aner Critèrë kréien, wéi beispillsweis d'Existenz vun engem Internetsitt. --Christian Ries 07:01, 6. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. Wa genuch Informatioun iwwer d'Geschicht vum Veräin a seng Aktivitéiten do sinn, kann de Veräin en Artikel kréien --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
  3. All Sportsveräin deen an enger Nationaldivisioun spillt/gespillt huet soll opgefouert sinn --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Krittäre fir Museksgruppen[Quelltext änneren]

  1. International bekannt Gruppe sollen en Artikel hunn --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
  2. Lëtzebuergesch Museksgruppe solle wéinstens duerch vill Optrëtter als Coverband, groussen Danzorchster, oder duerch d'Publikatioun vu wéinstems engem Disk oder CD bekannt sinn. --Les Meloures 09:26, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Wat am Virfeld geschitt ass[Quelltext änneren]

Op d'Dikussioun bei verschiddene Läschproposen gouf dës Diskussioun um Staminee lancéiert.

D'Diskussioun ee fir allemol eng Lëscht opzestellen, un där een d'Relvanz vun engem Artikel moosse kann, kënnt sporadesch bei eenzelen Artikelen op.

Ech hat probéiert, esou eng Lëscht opzestellen, fir se zur Diskussioun ze stellen, hu mech dann awer gefrot, ob mer net emol den Debat vun der Etapp virdru misste féieren, nämlech deen tëscht Inklusionisten an Exklusionisten, d.h. ob mer eng Limite setzen, wat eran dierf; oder grondsätzlech alles, wat formell engem Artikel entsprécht, zouloossen.

Deemno loosse mer emol diskutéieren:

Modell Inklusiv[Quelltext änneren]

* Et gëtt genuch Plaz; wat méi, wat besser - léiwer hei wéi guer net;
* soss géif iwwer méi 'kleng' Sujeten näischt existéieren~;
* Verhënnert Relevanzdiskussiounen.

Modell Exklusiv[Quelltext änneren]

* Krittäre si wichteg, fir eng gewëss Seriositéit sécherzestellen ("net egal wien oder egal wat");
* Bitt objektiv 'Balisen'.

Eng aner Méiglechkeet wier, z.B. Lexika wéi de Luxemburger Lexikon oder Luxemburger Literaturlexikon z'analyséieren, wat do d'Relevanzcritère sinn, an déi mutatis mutandis als Riichtschnouer ze huelen...

--Zinneke 14:20, 23. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Allgemeng: Nodeems de Les Meloures eis alleguer op eng pertinent Manéier, a mech perséinlech op eng impertinent Manéier, dropp higewisen huet un dëser Diskussioun deelzehuelen, muss ech fir d'éischt emol constatéieren dass hie selwer nach kee Pipcheswuert zu dem Thema "Relevanzcritèren" hei fale gelooss huet. Mee soit:
Zum Thema: Ech si fir de Modell Exclusiv, sinn awer der Meenung eng gewësse Flexibilitéit (oder Toleranz) zouzeloossen. Et solle Riichtlinne bestoen, awer keng strikt Reegelen, well et entstinn ëmmer erëm Situatiounen déi an engem Reegelwierk net virgesi kënne ginn. Den Diskussiounen gi mer domatt natierlech NET aus de Féiss. Dat kann awer och e Virdeel hunn: Mir hunn d'Méiglechkeet flexibel ze sinn a net stur op Reglementer brauchen opzepassen, déi ënner Ëmstänn scho laang net méi aktuell sinn, wat momentan bei de Nummkonventiounen vu Literaturtitelen de Fall ass. Et kint een déi auslännesch Wiki-Relevanzcritèren als Basis huelen, se awer op eis kleng Wiki upassen. Bestehend Lexika géif ech NET mutatis mutandis iwwerhuelen. (Dëst ass eng éischt Aproche mengersäits zum Thema. Ech si gär bereet nach weider konstruktiv mat ze diskutéieren, woubäi ech konstruktiv ënnersträichen). --Pecalux 06:21, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
A) @ ad Pecalux. Ech wollt bestëmmt keen op d'Féiss trëppelen. Entschëlleg mech w.e.g wann ech mech do soll schlecht ugeluecht hunn. Ech wollt just verhënneren datt nodeems zweemol op dës Diskussioun opmierksam gemaach gouf (eng Kéier vum Zinneke an eng Kéier vu mir), nach mat Läschproposen an Diskussiounen op der Läschsäit weidergefuer gëtt, éier mol hei eppes proposéiert gouf.
B) Datt ech selwer nach soss keng Meenung hei ofginn hunn, huet dräi Ursaachen: 1) ech hu selwer keng vun deene leschte Läschpropose lancéiert an hu mech net sou direkt concernéiert gefillt; 2) war ech de ganzen Zäit nach mat enger Hällewull aner Aarbechten op der Wiki beschäftegt déi mir (an och och anere Mataarbechter) méi wichteg waren wéi déi zwou Läschproposen. Ech hunn dofir awer déi heiten Diskussioun net verschlof an 3) wollt ech mol ofwaarden datt eventuell op Basis vun de Läschproposen hei emol éischt Balisen déi am Modell Exklusiv gefrot sinn, op den Dësch kéimen.
Fir dann och bei der Kostruktivitéit ze bleiwen leeën ech mol eng Ënnersäit un op där dës Diskussioun soll weidergefouert ginn fir datt de Staminee net soll iwwerlaascht ginn: Maacht dofir och w.e.g all nei Bemierkung w.e.g. op Dëser Säit. -- Les Meloures 08:28, 4. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Legilux féiert Veräner réischt op, wa si no 1961 entstane sinn, cf. http://www.legilux.public.lu/entr/index.php