Wikipedia:Forum Science Festival 2005

Vu Wikipedia

Dës Forum Science Festival 2005 -Säit ass virgesinn als Forum zum Thema. (Den eigentlechen "offiziellen Artikel ass hei Science Festival ze fannen.)

Ech denken ech geif den Artikel zum Science Festival eischter ennert Science Festival setzen oder ass dat net erwenscht? De Forum als Wikipedia:Forum Science Festival 2005 fannen ech super. Mee wat soll den Enerscheed teschend Wikipedia: and dem ouni sinn?

De Fall ass einfach: Iwwer déi aner Festivale weess ech näischt. Mer hate gëschter nach hei driwwer rieds (Korrespondenz: Otets <-> Cornischong), datt mer méi spéit den Titel géifen änneren. Ech ännneren deen elo; mee da wier et léif, wann s de e puer Saachen iwwer déi "al" Festivalen kéins draschreiwen. Den "Wikipedia: ---" Artikel huet (wéi déi aner, déi domat ufänken) näischt direkt mat der Enzyklopädie fir nozeschloen ze dinn, et ass a gewëssem Sënn eng "intern" Säit. Esou léisst sech do "allerhand" dra schreiwen. --Cornischong 10:37, 21 Oktober 2005 (UTC)

Ech gesinn du hues jo schon e puer Saachen zesummegedro. Ongefeier esou hunn ech mer dat och firgestallt gehaat. Just hätt ech et gudd fonnt wann mer den Artikel mat de Kanner/Jugendlechen am Atelier hätte kennen erställen an deen net schon existeiere geif. Natierlech kenne mer dorun elo Ännerungen maachen, ergänzen an evtuell annexeiert Artikelen erstellen. Fir Kanner/Jugendlech wier et natierlech mei flott gewiecht wann sie dei echt gewiecht wiren. Egal dat get och esou well déi zweet Grupp hätt jo och schon eppes vun der Eischter iwerholl, an esou weider. --Georges Schutz 16:01, 21 Oktober 2005 (UTC)

Wann d'Kanner/Jugendlecher gären déi éischt wieren, déi en Artikel ufänken, da looss se einfach en Artikel zu engem aneren Thema ufänken. Et gëtt jo schliisslech nach genuch Themen, iwwert déi mer keen Artikel hunn. "Wëssenschaft" wier z.B. esou eent, "Fräi Software" en anert,... --Otets 00:42, 22 Oktober 2005 (UTC)

Info zum Oflaaf vum den Atelieren[Quelltext änneren]

Zuer Info mer hunn bis elo 3 Klassen déi sech agedroen hunn: Den timing ass domat

  • 08:30-09:30 (10:00) 3eme (18P)
  • 10:15-11:15 (11:45) 11eme (17P)
  • 14:00-15:00 (15:30) T0/T1 (21P)
  • 15:45-16:45 (17:15) ass bis elo nach frai

All Klass get an 3 Gruppen opgedeelt (mat 6-7 Leit) well et jeweils drei enner Atelieren bei eis get. All enner Atelier dauert 30min. Je no der Dauer 1h oder 1h30 mecht all Grupp 2 oder 3 enner Atelieren. Ee vun den enner Atelieren ass de FOSS-Atelier (Frei an Open-Source Software). Do get et drem wat eigentlech FOSS ass an wat "Frei" an dem Kontext bedeit. No engem Branestorming an enger diskussioun zu dem Thema (max 10min) ginn dei (6-7) Leit nach eng keier gedeelt an ech maachen bzw. bastelen mat 3 vun hinnen den Science-Festival Artikel. Et bleiwen also pro Grupp 20 min fir den Wikipedia ze erklären an um Artikel ze bastelen. Ech huelen unn, dass réel esou 10 minuten pro Grupp fir den Artikel bleiwen. Dat wiren 30min pro Klass an bis elo also 1h30 iwert den Dag verdeelt wou un dem Artikel géif geschriwwe ginn. Fir weider détailer kuck um http://www.linuxdays.lu/events/sfestival/teaminfo .

A wat kennt duerno?[Quelltext änneren]

An der Hoffnung dass dei Aktioun bei e puer vun hinnen den Interesse un dem Wikipedia erwecht misst een och kucken wei een déi weider kann um ball behaalen oder evtl. hinnen Ureegungen mat ob den Wee get fir weider Artikelen ze schreiwen.

Ech hoffen dat ass esou weit alles OK fir dech/iech. Fir weider Urégungen ass nach emmer Zeit. an natierlech wir et och gudd wann ech resp. nach Aaner Leit fun eisem Team och beim Wikipedia weider geifen um Ball bleiwen. Ech hoffen ech fannen d'Zeit dofir.--Georges Schutz 16:01, 21 Oktober 2005 (UTC)