Wikipedia Diskussioun:Nummkonventiounen/Indien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"De "sch" ass déi al Schreifweis (z.B. Upanischaden), de "sh" déi modern (Upanishaden)." Wa mer elo de Laut "sch" als "sh" solle shreiwen, da si mer nees bei der "Welter-Engelmann-Shreifweis" ukomm. Prost dann. --Cornischong 10:35, 15 Januar 2007 (UTC)

Ganz d'accord sur le fond. Mee déi "shraifvais" déi s du mengs ass déi vum Felten-Margue (OLO), net déi vum Welter-Engelmann.--Zinneke 16:28, 17 Januar 2007 (UTC)

Ech hunn den Duden "Die deutsche Rechtschreibung" an der 21 Oplo "Auf der Grundlage der neuen amtlichen Rechtschreibung" an do stinn d' Upanischaden dran. Lo kucken ech emol, fir un déi allerneist Duden-Oplo ze kommen, an da kucke mer emol, ob dat wierklech nees g'ännert gouf oder net. --Cornischong 10:48, 15 Januar 2007 (UTC)

Shéin Aussichten[Quelltext änneren]

""De "sch" ass déi al Schreifweis (z.B. Upanischaden), de "sh" déi modern (Upanishaden)." Och wann déi däitsch Wikipedia hiren Artikel "Upanishaden" nennt, vläicht well dat "modern " ass:
Am aktuellsten "Duden Die deutsche Rechtschreibung" Oplo 24 mam Stand vum 1.8. 2006 steet "Upanischaden" an näischt anescht! A fir déi, deenen hire Psychiater verbueden huet, den Duden ze huelen a léiwer de Wahrig ze gebrauchen. An der ganz neier Oplo vum grousse Wahrig (2006), dee komplett iwwerschafft gouf, steet nëmmen "Upanischaden" dran a keen Auswee op eppes anescht. Ech hat déi zwee Bicher haut se Mueren selwer am Grapp, a konnt mech dovun iwwerzeegen.
Et schéngt mer méi wéi logesch ze sinn, datt mer hei déi däitsch Schreifweis iwwerhuelen; da froen ech mech: Wat soll deen Trilitti mat dem "sh", dee mer zënter der Welter-Engelmann Schreifweis net kennen. Wann dat sollen eis "Nummkonventioune" sinn, da maachen ech mer Suergen.
Wéi kënnt et, datt mer Duden & Kompanie vollfleeten an eis onbedéngt wëlle lächerlech (a wann et domat duergeet) maachen. Ech traue mech net, déi aner "Konventiounen" ze kucken. Also nach eng Kéier: Wou kënnt deen à%ä*£ hier? A wat soll dat? --Cornischong 15:49, 17 Januar 2007 (UTC)