Wikipedia Diskussioun:Nummkonventiounen/Kyrillesch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Transkriptiounstabell ass ganz op den Duden opgebaut, wat jo och Sënn mécht. Mee bei engem Buschstaf zécken ech awer, eppes anescht ze maachen. De "ж", bis ewell mat "sch" an eiser Tabell, ka vläit net korrekt vun engem Lëtzebuerger mee just vun engem Preis ausgeschwat ginn. Net datt ech deen Androck net schonn ëmmer gehat hätt, mee elo sinn ech op eppes getoopt, wat mech ze bestätege schéngt: "Bemerkenswert ist außerdem die Verwendung von j für ein weiches ch und jh für ein weiches sch."[1]. Ech géif dowéinst elo mat Begeeschterung op de "jh" als nei Transkriptioun vum "ж" sprangen, wann eis Sproochekommissioun net gemengt hätt den Ënnerscheed tëscht "j" a "jh" wier net esou prononcéiert datt ee sech dofir eng eege Buschstawegrupp leeschte misst an den oarme "jh" 1999 gestrach. Solle mer also elo op de "j" zréckfale fir de "sch" z'ersetzen? --Otets 21:08, 9. Okt 2008 (UTC)

Moien,

Méi Russesch ass e sou schappeg datt ech hei net matpallawere kann. Les Meloures 21:15, 9. Okt 2008 (UTC)
Moien, ech hu scho méi laang déi selwescht Bedenke wéi s du. Ech wir scho fir "Jirinowsky" amplaz "Schirinowsky", well de "j" and de "sch" am Lëtzebuergeschen zwee verschidde Phonemer sinn. Änners du d'Reegelen? Du schnégs dech am Russesche méi auszekenne wéi ech (ech ka knaps d'Alphabet entzifferen). Déi "Orignialdäitsch" schreifweis giff ech awer als Redirekt stoe loossen (sou wéi ech och proposéieren, bei russeschen Nimm all Kéiers e Redirect och vun der franséischer an der englescher Transkriptioun op déi hei gebräichlech ze maachen, well een deen esou alt méi dacks dorueter geschriwwe gesäit). --Zinneke 11:39, 27. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Et ass e couragéierte Schrack, well souwäit ech dat iwwerblécke kann huet kee Sproochmates sech bis ewell ëm dat Thema vun der Transkriptioun gekëmmert, sou datt mer do quasi Neiland betrieden. Mee ausser datt nach soss kee sech do virgewot ze hu schéngt gesinn ech net wat dergéint kéint schwätzen. Lëtzebuergesch ass nun eben emol keen Däitsch, et ass einfach dat am Houfert ze soen, mee am Géigenzuch musse mer déi Wourecht och acceptéire wa se vill Oarbecht an Ëmstellunge mat sech bréngt. Ech änneren d'Regel also. D'Transkriptioune muss ech mer da lues a lues eenzel virhuelen. Natierlech alles duerch Redirecten ofgeséchert. Edit: Бердюжье elo Berdjujje ze schreiwen ass zwar ongewinnt, mee dat kann een nach intuitiv richteg ausschwätze, gell? --Otets 23:19, 27. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]