Op den Inhalt sprangen

Wikipedia Diskussioun:Sandkaul

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 13 Deeg vum Les Meloures am Sujet „Sandkaul“ oder „Sandkëscht“?

Dëst ass d'Diskussiounssäit vun der Sandkaul. Hei kënnt der iwwer technesch Problemer diskutéieren, déi der an oder mat der Sandkaul hat. Tester sollen awer exklusiv an der Sandkaul selwer duerchgefouert ginn! Merci!

„Sandkaul“ oder „Sandkëscht“?

[Quelltext änneren]

Hei op translatewiki huet de @Les Meloures d'Fro opbruecht, ob mer eng sandbox op Lëtzebuergesch léiwer „Sandkaul“ oder „Sandkëscht“ nenne sollen; den éischtgenannte Begrëff wier méideiteg.

Fir de Kontext: Op der lbwiki heescht et „Sandkaul“ (cf. dës Säit an déi no hir benannte Säiten an der Kategorie:Sandkaulen), wougéint op translatewiki sandbox meeschtens mat „Sandkëscht“ iwwersat war. Doropshin hunn ech op translatewiki alles op „Sandkaul“ geännert, fir et eenheetlech ze hunn.

D'Fro, déi sech stellt, ass, ob et net besser eenheetlech „Sandkëscht“ wier.

Wa soss keen eppes dozou seet, maachen ech näischt, mee wann de Wonsch zur „Sandëscht“ duerchschénge sollt, amüséieren ech mech gären, dat iwwerall ëmzesetzen. --Volvox (Diskussioun) 22:20, 6. Jan. 2026 (UTC)Äntweren

Moien, ech perséinlech sinn eenzeg an eleng an d'"Sandkaul" spille gaangen, eng "Sandkëscht" ass fir mech eng hëlzen oder kartongs Këscht, wou Sand dra gelagert gëtt (fir wat och ëmmer). Wéi de Sproochgebrauch bei méi jonke Generatiounen ausgesäit, weess ech net; duerch däitschen TV-Afloss kinnt d'Këscht méi verbreet sinn, wat ech awer u kengem konkrete Beispill festmaache kann. Ech déit dofir soen: Bleiwe mer bei der Kaul. --Zinneke (Diskussioun) 08:17, 7. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Moien och, wa mer op der lb:wiki Artikelen iwwer déi zwéi Begrëffer hätten´, sou wéi z. B. de:Sandgrube an de:Sandkasten da wier den Ënnerscheed séier kloer. --Les Meloures (Diskussioun) 08:43, 7. Jan. 2026 (UTC)Äntweren
Moien. Ech sinn zefridde mat der Sandkaul; och Sandkëscht kann zweedeiteg sinn: eemol op der Spillplaz an eemol nieft der Strooss, eng Këscht mat Sand dran (änlech wéi eng Salzkëscht). |