Wilhelm Michel

Vu Wikipedia
Wilhelm Michel
Gebuer 9. August 1877
Metz
Gestuerwen 16. Abrëll 1942
Darmstadt
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Schrëftsteller

De Wilhelm Michel, gebuer den 9. August 1877 zu Metz, a gestuerwen de 16. Abrëll 1942 zu Darmstadt) war en däitsche Schrëftsteller.

Hien ass zu Frankenstein an der Pfalz opgewuess an huet Philologie an Droit zu Würzburg a München studéiert. 1901 huet e sech als fräie Schrëftsteller zu München néiergelooss.

1925 krut en de Büchner-Präis iwwerreecht.

Säin ëmfangräicht Schaffen ass der Nowelt awer praktesch net an Erënnerung bliwwen.

Seng Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Apollon und Dionysos. Dualistische Streifzüge, 1904
  • Rainer Maria Rilke, 1905
  • Der Zuschauer. Gedichte, 1907
  • Friedrich Hölderlin, 1912
  • Der Mensch versagt, 1920
  • Hölderlins abendländische Wendung, 1923
  • Hölderlin und der deutsche Geist, 1924
  • Das Leiden am Ich, 1930
  • Das Leben Friedrich Hölderlins, 1940