Wiljutschik

Vu Wikipedia

De Wiljutschik (ru.: Вилючинский вулкан - Wiljutschinski Wulkan, dofir och heiansdo Wiljutschinski genannt) ass e Vulkan am Südoste vun der russescher Hallefinsel Kamtschatka.

E läit eng 30 km süd-südwestlech vun der Stad Wiljutschinsk ewech. Et handelt sech ëm e Stratovulkan, deem seng Spëtzt op enger Héicht vun 2.173 m läit.

De Wiljutschik ass am Pleistozän entstanen an ëm 8050 v. Chr. fir d'lescht ausgebrach.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wiljutschik – Biller, Videoen oder Audiodateien