Winnetou

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Winnetou (lénks) op der éischter Winnetou-Duerstellung aus dem Joer 1879, eng Illustratioun zu der Erzielung Im fernen Westen
Sëlwerbéchs, Biereflënt an Henrystutzen (vu lénks) am Karl-May-Musée Radebeul

De Winnetou ass e fiktiven Häuptling vun de Mescalero-Apachen, deen a ville Wëlle Weste-Romaner vum däitschen Erfollegsauteur Karl May virkënnt. E verkierpert de Personnage vun engem edlen, gudden Indianer, dee fir Gerechtegkeet a Fridde kämpft.

Geschichten[änneren | Quelltext änneren]

Nom Karl May senge Geschichte begéint den Ech-Erzieler Old Shatterhand (en Alter Ego vum Karl May) dem Winnetou, an no ursprénglech dramateschen Evenementer ensteet eng déif Frëndschaft tëscht deenen zwéin, a si gi souguer Bluttsbridder.

A sëlleche Situatioune stelle se hir kämpferesch Talenter ënner Beweis, mä awer och hiert Matgefill mat hire Matmënschen. De Karl May zeechent e Bild vun der ugebuerener Guttheet vun der Mënschheet, déi awer ëmmer erëm vu béiswëllege Feinde bedreet gëtt. Net-dogmatesch chrëschtlech Gefiller a Wäerter spillen eng grouss Roll, an d'Helden an de Geschichte sinn dacks als Däitschamerikaner beschriwwen.

De Winnetou gouf de Chef vum Vollek vun de Mescalero-Apachen (a vun den Apachen alleguer, d'Navajo abegraff), nodeem säi Papp Intschu tschuna a seng Schwëster Nscho-tschi vum wäisse Bandit Santer ermuert goufen. Hien ass op sengem Päerd Iltschi (Wand) geridden an en hat eng faméis Flënt, d'Sëlwerbéchs (eng duebelleefeg Flënt där hire Kolwe mat sëlwere Beschléier dekoréiert war). Den Old Shatterhand ass um Iltschi sengem Brudder geridden, dem Hatatitla (Blëtz).

Dacks eng wichteg Roll spillen nach d'Westmänner Sam Hawkens, Dick Stone a Will Parker.

Texter mam Winnetou[änneren | Quelltext änneren]

Reeserzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Old Firehand (1875)
  • Winnetou (1878, Titelheld Inn-nu-wo, der Indianerhäuptling (1875) gëtt ersat)
  • Im fernen Westen (1879, Beaarbechtung vun Old Firehand, spéider editéiert a Winnetou II)
  • Deadly Dust (1880, spéider editéiert a Winnetou III')
  • Die Both Shatters (1882)
  • Ein Oelbrand (1882/83)
  • Im »wilden Westen« Nordamerika's (1882/83, spéider editéiert a Winnetou III)
  • Der Scout (1888/89, spéider editéiert a Winnetou II)
  • Winnetou I (1893, zäitweileg och Winnetou der Rote Gentleman I)
  • Winnetou II (1893, zäitweileg och Winnetou der Rote Gentleman II)
  • Winnetou III (1893, zäitweileg och Winnetou der Rote Gentleman III)
  • Old Surehand I (1894)
  • Old Surehand II (1895)
  • Old Surehand III (1896)
  • Satan und Ischariot I (1896)
  • Satan und Ischariot II (1897)
  • Satan und Ischariot III (1897)
  • Gott läßt sich nicht spotten (an Auf fremden Pfaden, 1897)
  • Ein Blizzard (an Auf fremden Pfaden, 1897)
  • Mutterliebe (1897/98)
  • „Weihnacht!“ (1897)
  • Winnetou IV (1910)

Jugenderzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Im fernen Westen (1879, Beaarbechtung vun Old Firehand)
  • Unter der Windhose (1886, spéider och an Old Surehand II)
  • Der Sohn des Bärenjägers (1887, zanter 1890 an Die Helden des Westens)
  • Der Geist des Llano estakado (1888, zanter 1890 an Die Helden des Westens)
  • Der Schatz im Silbersee (1890/91)
  • Der Oelprinz (1893/94, Buchausgaben vun 1905 u. d. T. Der Ölprinz)
  • Der schwarze Mustang (1896/97)

Liwwerungsroman[änneren | Quelltext änneren]

  • Auf der See gefangen (1878/79, och Auf hoher See gefangen)

Am Kader vun de Gesammelte Wierker daucht de Winnetou an engem weidere Band op: "Im Tal des Todes" (1934), eng Beaarbechtung vum Kolportageroman Deutsche Herzen – Deutsche Helden (1885–87).

Verfilmungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter den 1920er-Jore gouf et Versich fir de Winnetou-Stoff ze verfilmen.

D'Marie Versini (Nscho-tschi) an de Pierre Brice (Winnetou) 2005 zu Luzern

Déi populäerst waren awer déi aus den 1960er Joren. Si goufe "fräi nom May" gedréint, d'Figur vum "Winnetou" gouf exklusiv vum Pierre Brice duergestallt an deelweis däitlech anescht ugeluecht wéi an de Romaner. De Kinosfilm "Winnetou" mat der Musik vum Martin Böttcher gouf no "Der Schatz im Silbersee" 1962 mat am erfollegräichsten. E regelrechte Kult ëm d'Fimserie ass entstanen, souguer mat entspriechendem Merchandising. Spéider goufen déi Filmer eng sëlleche Kéieren am Fernseh widderholl.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Karl May Filmer

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Winnetou – Biller, Videoen oder Audiodateien