Wuessfaarf

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wuessfaarwe vu Crayola

Eng Wuessfaarf ass e Molinstrument a meescht ronner Sëftform, dat aus faarwegem Wuess besteet.

Den Uerspronk vun der Wuessfaarf ass net ganz kloer. Gewosst ass datt schonn déi al Egypter d'Technik vun der Enkaustik perfektionéiert hunn, bei där waarme Beiewuess mat faarwege Pigmenter gemëscht gi fir d'Faarf u Steen oder Holz ze bannen. Duerno gëtt d'Bild mat engem extrem waarme Géigestand (z. B. enger gliddeger Eisestaang) agebrannt. Déi Technik ass och vun de Réimer, de Griichen a souguer vu philippinneschen Urawunner benotzt ginn a gëtt och haut nach gebraucht. Dee Prozess huet et awer net erlaabt, Stëfter ze maachen, déi ee kann am Grapp halen a mat deenen ee mole kann.

Richteg Wuessfaarwe stamen aus Europa, wou éischt zylinderfërmeg Wuessfaarwen aus Holzkuel a Pëtrol gemaach goufen. Méi spéit hu Pigmenter a Pudderform an a verschiddene Faarftéin d'Holzkuel ersat, an et gouf erausfonnt, datt een de Stëft méi handfest a liicht benotzbar maache kann wann ee Wuess amplaz vu Pëtrol benotzt.[1] Déi éischt Firma, déi déi modern Wuessfaarwen op de Maart bruecht huet, war 1903 déi US-amerikanesch Binney & Smith Company, déi haut Crayola heescht an nach ëmmer de weltwäit gréisste Produzent ass.

Beim Mole mat enger Wuessfaarf bleift e siichtbare Wuessfilm um Ënnergrond zréck. Déi staark Deckkraaft suergt fir liichtend Faarwen, an d'Zeechnunge si relativ luucht- a waasserfest. Ausser op ganz glaten Uewerfläche wéi Glas halen d'Wuessfaarwe bal iwwerall.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wuessfaarwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. crayola.com: Who invented the crayon? (gekuckt den 29. Januar 2013)
  2. faber-castell.de: Wachsmalkreiden (gekuckt den 29. Januar 2013)