Op den Inhalt sprangen

Yoweri Museveni

Vu Wikipedia
Yoweri Museveni
Funktioun
10. President vum Uganda
29. Januar 1986 -
Virgänger Tito Okello
Biographie
Gebuer 15. September 1944
Ntungamo
Nationalitéit Uganda
Educatioun Universitéit vun Dar es Salaam,
Grinnell College,
Makerere-Universitéit
Bestuet mat Janet Museveni
Kanner Muhoozi Kainerugaba, Natasha Museveni Karugire

De Yoweri Kaguta Museveni, gebuer de 15. Sptember 1944 zu Ntungamo, ass zanter dem 29. Januar 1986 de President vum Uganda.

De Museveni huet wärend 5 Joer e Guerilla-Kampf géint de Milton Obote gefouert, woubäi hien och Kannerzaldoten agesat huet. Wéi e bis un der Muecht war, huet hie säi Regime gefestegt, andeems ë. a. keng aner Parteien zougelooss waren.

Zanterhier ass eng gewëss Stabilitéit am Land; d'Ekonomie ass zanter datt en un der Muecht ass, staark an d'Luucht gaangen. Beim Kampf géint den Aids huet de Museveni a sengem Land fréi Campagnen, déi de Gebrauch vu Kondomer propagéiert hunn, féiere gelooss.

Eréischt am Juli 2005 koum et zu engem Referendum, bei deem eng Majoritéit fir d'Aféiere vun engem Méiparteiesysem gestëmmt huet. D'Verfassung gouf geännert, an et koum 2006 zu Presidentschaftswalen. De Museveni huet déi du gewonnen, a gouf 2011, 2016, 2021 an 2026 nach eng Kéier erëmgewielt.

 Commons: Yoweri Museveni – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]