Zeelandbrug

Vu Wikipedia
Zeelandbréck vu Moriaanshoofd aus gesinn

D'Zeelandbrug ass eng Stroossebréck iwwer d'Oosterschelde an der hollännescher Provënz Zeeland. D'Bréck gouf 1965 gebaut an ass 5.022 Meter laang.

Si verbënnt Zierikzee mat Goes.

Et ass eng Dunnebréck a besteet aus 52 Felder déi all Kéier 95 m laang sinn, an um Kapp Zierikzee ass eng Hiefbréck vu 40 Meter Längt mat agebaut fir datt Schëffer mat héije Maste passéiere kënnen.

Si huet eng Héicht iwwer Waasser vu 17 Meter, an ass 11 Meter breet.

Den Tablier gouf am virgespaante Bëtong gebaut.

Op der Säit vu Zierikzee, beim leschte Peiler, ass eng vun de beléiftsten Dauchplazen a Zeeland.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zeelandbrug – Biller, Videoen oder Audiodateien