Zugspitze

Vu Wikipedia
Zugspitze

D'Zugspitze ass mat 2.962 Meter den héchste Bierg vun der haiteger Bundesrepublik Däitschland. Se läit am sougenannte Wettersteingebirge am Südweste vu Garmisch-Partenkirchen. Iwwer de Westgipfel verleeft d'Grenz tëscht Däitschland an Éisträich.

Fir d'éischt Kéier erklomme gouf d'Zugspitze de 27. August 1820 vum Vermiessungstechniker Josef Naus, sengem Assistent Maier an dem Biergführer Johann Georg Tauschl.