Zugvögel - einmal nach Inari
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland Finnland |
Produktiounsjoer | 1998 |
Première | 1998 |
Dauer | 87 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Däitsch Englesch Finnesch |
Ekipp | |
Regie | Peter Lichtefeld |
Dréibuch |
Peter Lichtefeld Luisa Roger |
Fotografie | Frank Griebe |
Musek | Christian Steyer |
Produzent |
Heike Hempell Claess Olsson Jörn Rettig WDR |
Schauspiller | |
Joachim Król als Hannes Weber. Outi Mäenpää als Sirpa Salonen Peter Lohmeyer als Kommissar Frank Jochen Nickel als Lothar Nian Petri als Sekretärin | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den Hannes schafft bei engem Dépositaire. Säin Hobby ass Zuchfuerpläng auswenneg ze léieren, fir sou déi séierst Zuchverbindungen erauszefannen. Hien dreemt dovu bei engem Concours iwwer d'Fuerpläng den éischte Präis ze gewannen. De Concours ass zu Inari a Finnland. De Film begleet den Hannes op senger Rees mam Zuch a mam Schëff op Inari.
Iwwer de Film
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass eng Mëschung vu Road-Movie, Krimi a luesem Kaméidistéck. An deene meeschte Road-Movië spillt sech alles op der Strooss a grousser Vitess of, hei ass et just de Géigendeel. Am Zuch geet et net ëmmer mam Schnellzuch, an um Schëff leeft och alles gemittlech, an trotzdeem wierkt de Film ni langweileg.
Filmpräisser
[änneren | Quelltext änneren]- Däitsche Filmpräis 1998:
- Filmband a Gold: Bescht Nieweroll: Peter Lohmeyer
- Filmband a Gold: Bescht Kamera: Fank Griebe
- Filmband a Sëlwer: Beschte Spillfilm
- 1998: Nominéiert fir de Max-Ophüls-Präis