Äerdneizäit
D'Känozoikum oder d'Äerdneizäit besteet aus zwou Perioden: den Neogen (Quartär) an den Paläogen (Tertiär). Et ass d'Äerdzäitalter dat nom Äerdmëttelalter, dem Mesozoikum kënnt. D'Äerdneizäit huet ongeféier viru 65 Millioune Joer ugefaangen an dauert nach bis haut.
Fauna a Flora [änneren]
Di eelst echt Primate sinn opgetrueden an d'Bléieplanzen an d'Insekte fänken u sech ëmmer méi auszebreeden, genee esou wéi d'Vullen an d'Mamendéieren. Géint Enn vum Zäitalter ass de Mënsch opgetrueden.
Kontinentalverschiebung a Klimawiessel [änneren]
Indien kollidéiert mat Asien an den Himalaya entsteet. D'Nordkontinenter dreiwen auserneen. Fir d'éischt herrsche méi kal Temperaturen, duerno gëtt et erëm tropesch waarm. Duerch de Klimawiessel an d'Kontinentalverschiebung ännere sech d'Liewensräim, d'Savanne gi méi grouss an d'Bëscher méi kleng.