Admiral Graf Spee

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schluechtschëff Admiral Graf Spee. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Graf Spee (Homonymie).
DKM Admiral Graf Spee.jpg
Op Kiel gesat: 1. Oktober 1932
Stapellaf (Gedeeft): 30. Juni 1934
An Déngscht geholl: 6. Januar 1936
Bauwerft: Reichsmarinewerft Wilhelmshaven
Besatzung: 1150 Mann
Baukäschten: ronn 82 Millioune Reichsmark
Technesch Daten
Waasserverdrängung: Standard: 12.340 ts
Konstruktioun: 14.890 t
Maximal: 16.020 ts
Längt :
Längt Wasserlinn:
Lü.a. = 186 m
LKWL = 181,70 m
Breet: 21,60 m
Déifgang: 7,40 m
Maschinnen: 8 MAN 9-Zylinder Dieselmotore mat insgesamt 55.400 PS (40.770 kW)
Héchstvitesse: 28,5 kn (53 km/h)
Operatiounsrayon: 8900 sm bei 20 kn
Brennstoffreserve: 2756 m³
Panzerung
Gürtelpanzer: uewen: 50 mm
ënnen: 80 mm
Deck: 30–45 mm
Torpedoschotten: 45 mm
Opbauten: Oberdeck: 18 mm
Viischte Kommandostand: Decke 50 mm
Säiten 150 mm
Hënneschte Kommandostand: Decke 20 mm
Säiten 50 mm
28-cm-Geschëtztierm: Stir: 140 mm
Tuermdecken: 90–105 mm
Hannen: 170 mm
Seiten: 75–85 mm
15-cm-Eenzellafetten: Schutzschëld: 10 mm
Bewaffnung
6 × 28 cm-Kanounen L/52 C/28
an zwéin Drillengstierm
8 Kanoune 15 cm L/55 C28 an Eenzellafetten
6 Kanounen 8,8 cm L/78 C/31
méi spéit duerch 6 x 10,5 cm L/65 C/33 Kanounen ersat
Maschinnekanounen an Eenzellafetten:
Flak: 10 x 2 cm L/65 Flak-MK
8 x 53,3 cm Torpedoréier:
Kommandanten
Kapitän zur See Konrad Patzig: Januar 1936 bis Oktober 1937
Kapitän zur See Walter Warzecha: Oktober 1937 bis Oktober 1938
Kapitän zur See Hans Langsdorff: Oktober 1938 bis 17. Dezember 1939

D'Admiral Graf Spee war e Panzerschëff vun der däitscher Krichsmarine, dat no kuerzem Asaz am Ufank vum Zweete Weltkrich de 17. Dezember 1939 virun der Küst vun Uruguay bei Montevideo vun der eegener Besatzung, an enger aussiichtloser Situatioun, versenkt gouf.

Déi Ereegnesser goufen 1956 am Film Panzerschiff Graf Spee duergestallt. Säin Numm krut d'Schëff zu Éiere vum Vizeadmirol Maximilian von Spee, deen am Éischte Weltkrich d'Ostasiegeschwader kommandéiert huet.

Leschten Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. August 1939 ass d'Admiral Graf Spee aus dem Hafe vu Wilhelmshaven ausgelaf mat der Missioun fir den alliéierten Transport um Mier ze stéieren. Mat enger Spëtzevitesse vun 27 Kniet an zwou 280 mm Drillingstourellë war et e gefaarte Géigner. Den 30. September huet e viru Brasilien de Clement e britesche Cargo versenkt [1]. Doropshin huet d'Royal Navy mat Hëllef vun der franséischer Marine, ugefaange Juegd op en ze maachen. Am Ganze ware sechs Gruppen ënnerwee fir en ze sichen.

De 5. Oktober war d'Rei un engem Maistransporter der Newton Beach, déi gestoppt gouf an déi gefaange Mannschaft gouf um Schëff festgesat. De 7. Oktober Gouf dat britescht Dampschëff Ashlea dat mat enger Ladung Zocker ënnerwee war, versenkt. Den 10. Oktober Gouf dat britescht Linneschëff Huntsman dat mat enger Ladung Téi ënnerwee war, gestoppt an huet duerno als Prisongsschëff gedéngt. Wéi de 17. Oktober déi Gefaange vum däitsche Ravitaillementsschëff Altmark iwwerholl gi waren, gouf d'Huntsman versenkt. Dem briteschen Dampschëff Trevanion, dat Äerz transportéiert huet, seng Kommandobréck an dat iewescht Deck goufen den 22. Oktober mitrailléiert fir datt et keng Radiostransmissioune méi konnt maache fir ze verrode wou d'Admiral Graf Spee gesi gouf. ck

Nodeem e scho vill Schued am Atlantik ugeriicht hat, huet de Kräizer sech dunn op de Wee an den indeschen Ozean gemaach. Do huet en am Kanal vum Mosambik de 15. November den Tanker Africa Shell versenkt. Duerno war en erëm am Südatlantik wou en e Blue Star-Tranporter d'Doric Star den 2. Dezember gestoppt huet. Dat Schëff konnt awer nach en Hëllefsmessage funken a seng Maschinne sabotéieren, sou datt et net méi konnt gebraucht ginn. Den 3. Dezember gouf d'Tairo mat enger Ladung Liewensmëttel, Woll a Bläi gestoppt a versenkt. Den 9. Dezember [2] gouf d'Dampschëff Streonshahl mat enger Ladung Weess opbruecht a versenkt. Bis dohin hat d'Admiral Graf Spee néng alliéiert Handelschëffer mat engem totalen Tonnage vu 50.089 briteschen Tonne versenkt.

Ëm déiselwecht Zäit war de Commodore Harwood am Estuaire vum Rio de la Plata mat dräi Krichsschëffer op Patrull. den Harwood war iwwerzeegt datt de Langsdorff vum Schëffstrafic ëm Montevideo a Buenos Aires géif ugezu ginn. Den 13. Dezember moies um sechs Auer gouf e verdächtegen Damp vun der Wuecht um liichte Kräizer Achille bemierkt. Si haten de Graf Spee entdeckt. Obschonn en net sou séier war wéi seng Gegner hat de Graf Spee den Avantage vun enger besserer Feierkraaft. En huet mat méi staarker Munitioun geschoss an d'Reechwäit vu senge Geschëtzer war méi grouss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Admiral Graf Spee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. [Stephen, Martin SEA BATTLES in close-up: World War 2 Naval Institute Press (1988) ISBN 0-87021-556-6 Säit 13]
  2. De Stephen, Martin gëtt a SEA BATTLES op Säit 16 den 9. Dezember un. De Larousse de la seconde guerre mondiale gëtt den 3. Dezember un.