adrenalin, déi jonk adr

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der politescher Jugendorganisatioun "ADRenalin". Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt w.e.g. Adrenalin (Homonymie).
Logo
Parteizentral
Adrenalin logo rgb.jpg Waassergaas 20

L-1449 Lëtzebuerg

Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 17. Juli 1999
Nationalpresidentin: Joëlle Giannotte
Generalsekretär: Liliana Miranda
Vizepresident: Joe Thein
Generalkeessier: Andy Winandy
Weidere Member: Sophie Goergen,
Christian Jost,
Steve Lamberty,
Claude Melchior
Internetsäit: www.ADRenalin.lu
Den ADRenalin-Nationalviratand 2012
ADR-Jugend Logo 1999-2008

D'adrenalin, déi jonk adr ass d'Jugendorganisatioun vun der adr.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

D'adrenalin gouf de 17. Juli 1999, deemools nach ënnert dem Numm ADR-Jugend resp. ADR-J, zu Réimech vum Christian Schaack an der Tania Gibéryen gegrënnt. Am Mäerz 2009 huet sech d'Jugendsektioun dunn den Numm "adrenalin - déi jonk adr" ginn an ass mat senge Membere bei de Chamberwalen 2009 eng éischte Kéier ugetrueden. D'ADRenalin ass zënter dem 23. September 2010 Deel vun der europäescher Jugendvereenegung Young Conservative Europe Group (YCEG) an zënter dem 4. Dezember 2011 Member an der Allianz vun den europäesche Konservativen a Reformisten (AECR)-Jugendorganisatioun European Young Conservatives (EYC) gin.

Presidenten [änneren]

Struktur [änneren]

Nationalkongress [änneren]

Ieweschte Gremium ass de Jugendnationalkongress, op deem d'Memberen den Nationalvirstand fir ee Joer wielen. Den Nationalkongress ass fir jiddwereen op, wielbar a stëmmberechtegt sinn allerdéngs nëmmen d'Membere vun der adrenalin. Niewent der Wal vum neien Nationalvirstand gëtt do den Aktivitéitsrapport virgestallt an d'Prioritéiten, eng 10-Punktelëscht, fir dat nächst Joer gestëmmt.

Nationalvirstand [änneren]

Dem Nationalvirstand, den sech klassescherweis aus dem Nationalpresident, dem Generalsekretär, de Vizepresidenten an dem Generalkeessier, souwéi de weidere Virstandsmemberen, zesummesetzt, ënnerläit déi effektiv Leedung vun der Jugendorganisatioun, speziell an Hisiicht op d'administrativ Aarbechten.

Allgemeng Memberversammlungen [änneren]

No dësem Nationalvirstand ginn all Mount „Memberversammlungen“ ofgehalen, op déi all Member invitéiert ass. Zënter de Versammlunge vum September 2009 sinn och Netmemberen zougelooss. Dësweidere bitt d'Jugendorganisatioun eemol am Mount e Staminee un, un deem Membere an och Netmemberen deelhuele kënnen. De Staminee ass an der Regel, all 1. Samschdeg vum Mount an huet e bestëmmt Thema.

Verbindung mat der Mammepartei [änneren]

D'adrenalin, déi jonk adr gouf a Form vun enger onofhängeger A.s.b.l. niewent der Parteistruktur vun der adr gegrënnt. Doduerch krut d'Jugend eege Statuten an eege Gremien. Am Laf vun de Joren huet sech d'Praxis etabléiert, datt d'adrenalin Representanten an d'Parteigremie vun der adr schécke kann. Um Nationalkongress vun der adr den 3. Abrëll 2011 zu Uewerkuer gouf an enger Statutenännerung festgehalen, datt d'adrenalin dauerhaft zwéi stëmmberechtegt Representanten am Nationalvirstand vun der adr an ee stëmmberechtegte Member an der Exekutiv vun der adr huet.

Am Abrëll 2011 koum et zu enger ëffentlecher Kritik[1] vun der Jugend un hirer Mammepartei, déi sech op hirem Nationalkongress ze simplistesch a mëssverständlech zur Asylpolitik geäussert huet, wat der Opfaassung vun der Jugend no e schlecht Bild op déi ganz Partei gehäit huet.

No de Gemengewalen am Oktober 2011 ass een Deel vum ADRenalin-Nationalvirstand zréckgetrueden an den deemolege President huet d'Partei verlooss.[2] De 26. November gouf een ausseruerdentleche Kongress aberuff, op dem een neien Nationalvirstand eestëmmeg gewielt gouf. Dëse gouf den 12. Februar 2012 um uerdendlechen Nationalkongress eestëmmeg bestätegt; ee Member huet e verlooss an de Christian Jost ass fir de Josh Gamaliel nogeréckelt, deen un de Suitë vun engem Autosaccident gestuerwe war. Op deem Kongress goufen och nei Statuten eestëmmeg ugeholl.

Am Mee 2012 huet d'ADRenalin hir eege Virschléi zur Stäerkung vun der Demokratie an enger Pressematdeelung publizéiert. D'ADRenalin huet sech fir méi Demokratie op nationalem, wéi och op europäeschem Plang ausgeschwat an huet verschidde Fuerderunge vun der adr iwwerhol (eng proportionnell Vertriedung am Staatsrot vun alle Parteien déi an der Chamber sinn), bzw. méi däitlech formuléiert (erkennbar duerch d'Antriede fir direkt Demokratie).[3]

Sujete vun der adrenalin [änneren]

Den aktuelle Punkte-Plang:

1. Lëtzebuergesch Kultur a Sprooch
2. Demokratie a géint Extremismus
3. Jugend a Famill (Bezuelbaren Wunnraum)
4. Bildung
5. Renten
6. Europa (Israel)
7. (Nei) Medien
8. Déiereschutz
9. Behënnertegerechtegkeet
10. Verkéiersléisungen (City-Tunnel)

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]