Albertina (Wien)

Vu Wikipedia
Albertina
Land Éisträich
Gemeng Innere Stadt,
Wien
Koordinaten 48° 12’ 16.42’’ N
      16° 22’ 05.95’’ O
Datum vum Bau 1776

D'Albertina ass e Musée am Quartier Innere Stadt zu Wien.

De Musée huet eng vun de gréissten a bedeitendste Sammlunge vun Zeechnungen an Dréck (eng 65.000 Zeechnungen a ronn 1 Millioun Dréck vun ale Meeschteren).

Donieft gehéieren zu der Sammlung och modern Grafiken, Fotoen an architektonesch Entwërf a Pläng.

Ausserdeem ass an der Albertina eng Privatkollektioun vu Konschtwierker aus der Zäit vum spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert (ë. a. am impressionistesche Stil) ze gesinn, déi dem Musée iwwer e permanente Prêt zur Verfügung gestallt gouf.

Den Numm geet zeréck op den Herzog Albert vu Sachsen-Teschen, deen de Palais, direkt nieft der Hofburg, als Residenz benotzt huet, a wou e spéider seng Sammlung vu Grafike versuergt huet, déi e vu Bréissel dohibruecht hat, nodeems en do Gouverneur vun den Éisträicheschen Nidderlande war.

Biller[änneren | Quelltext änneren]