Alcázar vu Sevilla

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Alcázar di Siviglia.jpg

Den Alcázar vu Sevilla (Spuenesch: Reales Alcázares de Sevilla) ass e befestegte Palais (alcázar) zu Sevilla. De Bau gouf 844 ënnert dem Emir Abd al-Rahman II ugefaangen a gouf an de Jorhonnerten dono ëmmer nees ëmgbaut.

Am 13. Jorhonnert huet den Alfonso X. vu Kastillien e gotesche Palais op der Plaz vum muslimeschen Alcazar baue gelooss. Am 14. Jorhonnert, nom Äerdbiewe vun 1356, huet de Pedro I. vu Kastillien e Palais am Mudejar-Stil bäibaue geloss. Am 15. Jorhonnert huet de Karel V. nach eng Kéier Ëmbauaarbechte maache gelooss.

Den Alcazar vu Sevilla ass zënter 7 Jorhonnerten eng kinneklech Residenz a gëtt nach haut vun der kinneklecher Famill genotzt.

Den Alcazar vu Sevilla ass, zesumme mat der Kathedral Notre-Dame vu Sevilla an dem Archivo de Indias op der Unesco-Lëscht vun de Welt-Kulturierfschaft agedroen.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Alcázar of Seville – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen