Aleng (Roman)

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Aleng. Roman fir Jonker ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vun der Cathy Clement, deen 1996 am Verlag Op der Lay erauskoum.

Et ass en autofiktionale Roman, deen op den Erfarunge vun der deemools eréischt 15-järeger Autorin baséiert a gréisstendeels a Form vun engem Tagebuch erzielt gëtt.

Wourëms geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Aleng geet ëm typesch Konflikter a Situatiounen aus dem Liewe vu Jonken: Verléiftsinn a Bezéiungssträit, éischt sexuell Erfarungen, d'Fro no der eegener Identitéit asw.

De Papp terroriséiert mat sengem onberechenbaren an aggressive Behuelen déi ganz Famill a ganz besonnesch d'Erzielerin. D'Buch handelt dovun, wéi dat jonkt Cathy probéiert, mat där schwiereger Situatioun a mat senge psychesche Problemer eens ze ginn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

An den 1990er Joren war dëst Buch en absolutte Bestseller. Et gouf fënnef Mol opgeluecht, an et gouf 2022 nach eng Kéier an der Rei Allerhand vum SCRIPT als Täschebuch erausbruecht.

Et gouf och e wéineg als e Skandalbuch rezipéiert, wéinst der ongeschéinter Beschreiwung vu Sex a Gewalt, a wéinst där zum Deel graffer Sprooch.<[1]

Et ass e Buch iwwert d'Jonksinn, spigelt awer och d'Liewensgefill vu Jonken an den 1990er Jore gutt erëm.

Kriticken[änneren | Quelltext änneren]

Et gët gewëss Lieser, déi net nëmmen d'Vergaangenheet, mä och d'Sprooch vum Cathy Clement schockéiere wäert. Dobäi verréit grad si, datt hautdesdags [...] „d"Paradies Kandheet" fir méi wéi ee Foffzéngjähregen net existéiert, ni existéiert huet. E Message, deen aus engem Buch „fir Jonker" an éischter Linn e Buch fir Erwuessener mécht. [...] Dëse Kreesch no Hëllef, dës Uklo, [ass] trotz dem dramateschen Hannergrond ni larmoyant [...], jo, [huet] esouguer Momenter vu batterem Witz a Selbstironie [...].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op heydoo.lu; nogekuckt 2023-08-15.
  2. Georges Hausemer: "Wat ass e Liewen ouni Kandheet?" In: d'Lëtzebuerger Land 31.05.1996, S. 15.