Alphonse Weicker (Tramshalt)
Standuert vun der Statioun | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Alphonse Weicker |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'55,63"N, 6°10'14,48"O, 49°37'56,42"N, 6°10'16,07"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Luxexpo, Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale |
Alphonse Weicker ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun[änneren | Quelltext änneren]
D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Luxexpo am Norden an Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Luxexpo | Alphonse Weicker | Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale | Stadion[1] |
D'Statioun läit um Eck vun der Rue Alphonse Weicker an ass - grad ewéi d'Strooss - nom Alphonse Weicker genannt.
Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Alphonse Weicker).
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [2][änneren | Quelltext änneren]
-
De Multiplexkino Kinepolis
-
D'Skulptur Sarreguemines vum US-amerikanesche Kënschtler Richard Serra, virum Gebai 4, Rue Alphonse Weicker
-
D'Skulptur La grande fleure qui marche vum Giovanni Teconi, tëscht de Gebaier 40A an 42, Avenue John F. Kennedy
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Alphonse Weicker (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
- ↑ Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23).