Anäis

Vu Wikipedia
Anäis
Pimpinella anisum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Apiales
Famill Doldebléier
Gattung Pimpinella
Wëssenschaftlechen Numm
Pimpinella anisum
L., 1753

Anäis (bot. Pimpinella anisum) ass eng Gewierzplanz aus der Famill vun den Doldebléier (Apiaceae). D'Originne vum Anäis sinn an Egypten.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm geet op dat griichescht Wuert ανηθον fir Dëll zeréck, mat deem den Anäis verwiesselt gouf.

  • fr: anis, anis vert, anis officinal, anis musqué, anis cultivé, anis sucré, pimpinelle anisée, pimprenelle d'Égypte.
  • en: bot.:anise - Gewierz: aniseed (am: aniseseed, anis) - Anäislikör: anisette, anise liqueuer
  • de: der Anis
  • it: ànice - den Anäislikör: anisetta
  • es: anis

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

D'Anäis-Planz ass eejäreg a gëtt op ongeféier 30–50 cm héich. D'Grondblieder sinn an Häerzform an um Bord gezackt, d'Blieder um Still sinn zu dräi an dräi. Déi kleng wäiss Bléie wuesse meeschtens zu zwielefstäregen Dolden zesummen a bléie vum Juli bis an de September. D'Friichten, déi am August bis Oktober gepléckt ginn, sinn 3 Millimeter laang, mat groen Heeërcher iwwerwuess an hunn d'Form vun engem Ee.

Anäis als Heelplanz[änneren | Quelltext änneren]

Uwendungsgebidder bei dréchenem Houscht, Bronchite a Blähungen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

  • De Jacobus Theodorus Tabernaemontanus schreift 1625 a sengem Kraiderbuch:
    "Es wird der Aenissaamen heutiges Tages bey uns Teutschen / wie bey den Alten nicht allein in der Arztney / sondern auch in der Speiß gebrauchet. Unserer Weiber backen den ins Brodt / und machen das Zuckerbrodt Biscoct genannt / darmit /.....

Den Anäis an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Pimpinella anisum
  • A sengen Italieenesche Mäerercher ernimmt de Clemens Brentano den Anäis am Märchen von Komanditchen:

Prosit! von Pomranzenschalen
Voll verzuckertem Anis,
Nase, nimmer zu bezahlen,
Wenn dich ab aus Hast die Tochter
Der perfekten Köchin stieß.

Ohne daß ich dich verschließ
und dich allein mit Deinem lasse
wie einen Garten mit einer Masse
von Melissen und Stern-Anis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pimpinella anisum – Biller, Videoen oder Audiodateien