Ardennen Express

Vu Wikipedia

Den Ardennen Express war en internationalen Zuch, deen op der Streck Amsterdam - Maastricht - Léck - Gouvy - Lëtzebuerg an de Summerméint samschdes a sonndes gefuer ass.

Den Zuch gouf bis 2000 vu belschen Diesellokomotiven au der Serie 55 op der ganzer Streck gezunn.

Vum 28. Mee 2000 un, goufen d'Zich tëscht Léck a Lëtzebuerg vun de lëtzebuergesche Lokomotive vun der CFL aus der Serie 3000 oder vu belsche Lokomotive vun der SNCB aus der Serie 13 gezunn. D'Voiturë koume vun der hollännescher Bunn.

Den 10. Oktober 2002 gouf bekannt ginn datt den Zuch aus Käschtegrënn net méi géif fueren. Domat waren d'Zich vum 1.September 2002 déi lescht Ardennen-Express-Zich déi gefuer sinn.

Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

An Holland:

An der Belsch:

Zu Lëtzebuerg:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit iwwer den Ardennen Express