Arthur Leesch

Vu Wikipedia
Arthur Leesch
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Émile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard.
Gebuer 23. Januar 1894
Gestuerwen 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Kanner Paul Leesch


Den Arthur Leesch, gebuer den 23. Januar 1894 zu Chenoa (Illinois) a gestuerwen 1955 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller vun der Union Lëtzebuerg, an Olympionik.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[2]

Den 28. August 1920 an den 13. Januar 1924 huet den Arthur Leesch fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Arthur Leesch op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Arthur Leesch op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. D'lëscht vun de Lännermatcher vum Arthur Leesch op der Websäit vun European Football