Astronomer Royal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Astronomer Royal war den Titel vum Royal Greenwich Observatory-Direkter zu Greenwich a senger Eegeschaft als Haffastronom vum englesche Kinnekshaus. D'Amt gouf vum Charles II. den 22. Juni 1675 an d'Liewe geruff, andeem hien dem Astronom John Flamsteed eng Pei vun 100 £ pro Joer zougestanen hat an hie chargéiert hat, „sech mat geneeëster Suergfalt a Fläiss der Verbesserung vun den Tafele mat den Himmelsbeweegungen an de Fixstärpositiounen unzehuelen, fir déi erseente Bestëmmung vum Längegrad ze fannen, wouduerch d'Konscht vun der Navigatioun sech verbessere kann.“[1]
Zënter 1972 sinn d'Fonktioune getrennt an den Astronomer Royal ass zënterhier en Éierentitel fir verdéngschtvoll Astronomen.
D'Titulare mat hiren Amtszäiten sinn:
- John Flamsteed (1675–1720)
- Edmund Halley (1720–1742)
- James Bradley (1742–1762)
- Nathaniel Bliss (1762–1764)
- Nevil Maskelyne (1765–1811)
- John Pond (1811–1835)
- George Biddell Airy (1835–1881)
- William Christie (1881–1910)
- Frank Dyson (1910–1933)
- Harold Spencer Jones (1933–1955)
- Richard van der Riet Wooley (1956–1971)
- Martin Ryle (1972–1982)
- Francis Graham Smith (1982–1990)
- Arnold W. Wolfendale (1990–1995)
- Martin Rees (zanter 1995)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ „to apply himself with the most exact care and diligence to the rectifying of the tables of the motions of the heavens, and the places of the fixed stars, so as to find out the so much desired longitude of places for the perfecting of the art of navigation.“ In: F. Baily: An Account of the Rev. John Flamsteed. Abgedruckt in: R. Walsh et al.: The Museum of foreign literature, science and art. E Litell, 1836. Bd. 28, S. 293, [1]