Bœuf Stroganoff

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bœuf Stroganoff mat Räis

Bœuf Stroganoff (heiansdo och Gowjadina Stroganov genannt) ass e Ragout, deen urpsprénglech aus der russescher Kiche kënnt mä haut weltwäit verbreet ass. E besteet aus Filetsspëtze vum Rand, an enger Zooss aus Ënnen oder Schalotten, saurer Rahm a Fleeschbritt.

Preparatioun [änneren]

Apaart beim Bœuf Stroganoff ass, datt d'Fleesch a reng Sträife geschnidden an da ganz kuerz ganz gliddeg gebrode gëtt, sou datt et just baussen duerch awer bannen nach rosa ass. Duerno rascht d'Fleesch bis bal ganz zum Schluss.

An d'Zooss kënne jee no Rezept nach déi eng oder aner Ingredienze kommen nieft deenen aus der uewegenannter Basislëscht: Champignonen, sauer Kornischongen, Rout Rommelen, ëmmer reng geschnidden, Moschter, Paprika, Estragon, Esseg oder Zitrounejus, a Sherry, Cognac oder wäisse Wäin.

Schliisslech ginn d'Fleeschsträifen ënnert d'Zooss gemëscht a kuerz dodra gewiermt, mä op kee Fall ze laang well soss gi se haart.

Zerwéiere kann een dëse Fleeschplat zesumme mat Räis, Gromperen, Fritten oder Deegwueren.

Origine vum Numm [änneren]

De Plat ass no der russescher Adelsfamill Stroganow benannt. Ob en awer wierklech vun engem Member vun där Famill oder sengem Kach erfonnt gouf oder just zougeschriwwe gouf, ass net bekannt. Anekdotesch genannt ginn an deem Zesummenhank dacks de Pawel Stroganow (17. Jh.), de Grigorij Alexandrowitsch Stroganow (1774–1857), oder de Sergej Grigorjewitsch Stroganow (? - 1923).

Um Spaweck [änneren]

Commons: Bœuf Stroganoff – Biller, Videoen oder Audiodateien