Ban Ki-moon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ban Ki-moon (woubäi Ban de Familljennumm ass), gebuer den 13. Juni 1944 am Landkrees Eumseong vun der südkoreanescher Provënz Chungcheongbuk-do, ass e südkoreanesche Politiker. Hie war vu Januar 2004 bis November 2006 Aussen- an Handelsminister vu sengem Land. Den 1. Januar 2007 huet hien de Kofi Annan als Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.
De Ban Ki-moon ass bestuet mat der Yoo (Ban) Soon-taek, déi hien 1962 op der Universitéit kennegeléiert hat. Si hunn zesummen ee Jong an zwee Meedercher. Nieft dem Koreanesch schwätzt de Ban Englesch a Franséisch.
De Ban Ki-moon ass den aachte Genralsekretär vun der UNO no:
- Trygve Lie aus Norwegen (1946 - 1952)
- Dag Hammarskjöld aus Schweden (1953 - 1961)
- U Thant vu Myanmar (1961 - 1971)
- Kurt Waldheim aus Éisträich (1972 - 1981)
- Javier Perez de Cuellar aus dem Peru (1982 - 1991)
- Boutros Boutros-Ghali aus Egypten (1991 - 1996)
- Kofi Annan aus Ghana (1996 - 2006)
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Ban Ki-moon – Biller, Videoen oder Audiodateien |