Bellevaux (Malmedy)

Vu Wikipedia
Bellevaux
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Malmedy
Koordinaten 50° 23’ 21’’ N
      06° 00’ 38’’ O

Bellevaux ass eng Uertschaft an der Gemeng Malmedy an der belscher Provënz Léck.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bellevaux läit an engem Südhank um rietsen Uwänner vun der Amblève.

Kuckeswäert an der Uertschaft sinn ddéi klasséiert Kierch vun ëm 1500 déi dem hellegen Aubin geweit ass, d'Maison Maraite aus dem Joer 1592, an déi al Mille vun 1387, déi 1963 fir d'lescht gemuelen huet. Op der Westgrenz vun der Uertschaft leeft d'Warche déi um Lieu-dit Tiôu, ënner dem Viaduc vu Bellevaux an d'Amblève leeft. Z'ernimme sinn nach d'Bummenziichtereien, d'Brauerei vu Bellevaux, an d'Fielse laanscht d'Warche an deene Biergkloterer trainéiere kënnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Geschicht ass Bellevaux ënner verschiddenen Nimm bekannt: Géint 1131 ass et als Belluois ernimmt, 1210 als Belevaz. Op Wallounesch heescht et Belvâ, an déi Zäit wéi et zu Preisen gehéiert huet gouf et Schönenthal genannt.

Bellevaux huet zanter dem 7. Joerhonnert der Abtei Stavelot gehéiert, a vum 9. Joerhonnert un, hunn d'Lännereien um lénksen Uwänner vun der Amblève zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. Am 10. Joerhonnert hunn d'Äbt vu Stavelot déi déizäit do d'Soen haten, aus Bellevaux eng Seigneurerie gemaach déi eng Sektioun vun der Meierei Malmedy am Fürstentum Stavelot-Malmedy war. Am 18. Joerhonnert goufen déi Lännereien opgespléckt a Bellevaux gouf 1796 ënner de Fransousen, eng eegestänneg Gemeng am Departement Ourthe.

Nom Wiener Kongress 1815 gouf et vun de Preisen am Ufank als eege Gemeng an duerno vum 10. Mee 1872 bis nom Éischte Weltkrich vu Recht aus verwalt, awer ouni als Sektioun un déi Gemeng ugeschloss ze sinn.

1922 di Ligneuville a Bellevaux sech zesumme fir d'Gemeng Bellevaux-Ligneuville ze forméieren, déi bis 1977 gehalen huet.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi nei Brauerei déi 2006 opgeriicht gouf.
  • d''Maiso Maraitte, e Fachwierkhaus vu 1592.