Benotzer Diskussioun:Ioni

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
>>> NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER <<<
Moie Ioni,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moien och vu ménger Säit. Ärt Experimentéieren am Luxemdange-Testartikel gesäit tipptopp aus; Der kënnt et gär an den Artikel Ouljen, wou et higehéiert, kopéieren an do virufueren. Keng Angscht, anerer hëllefen an den Artikelen, falls emol eppes net riicht lafe sollt (bei "Luxemdange" ginn d'Leit éischter gewäerde gelooss, well do jo just ausprobéiert gëtt). Just e Mini-Tipp um Enn: Et ënnerschreift ee just an den Diskussiounen, net an den Artikele selwer. Am Versiounshistorique vun all Artikel (Reider riets uewen) kann ee jo nokucken, wee wat geännert, resp. bäigesat huet.

Moien,

merci fir d'Eropluede vun de Biller! Just eng Fro: sinn den User:Ioni an den L. Feller, deen als Auteur ugi gëtt, identesch (an anere Wierder: sidd Dir dat?) An deem Fall, ännert w.e.gl hei an hei, an der Zeil "Auteur" den Text esou: Auteur: User:loni (L. Feller). Da ka jiddereen novollzéien, datt d'Biller déi Der eropgelueden hutt, vun Iech selwer sinn, an se kënnen op "Commons" transferéiert ginn, wou se an anere Sproochversioue gebraucht kënne ginn.

Zéckt net, mer e Message ze hannerloossen, wann eppes net kloer ass. --Zinneke (Diskussioun) 08:55, 23. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Biller Betzder a Banzelt[Quelltext änneren]

Moie Ioni,

Merci fir déi Biller! Ech hu se just nees e bësse méi kleng maache missen, well se bei méi klegen Ecranen en Deel vum Text verdecken.

Nëmme lass, wanns de nach Uertschafte geknips kriss, wou et nach kee Bild gëtt. Vläit hues de och Loscht, beim Wiki Loves Monuments Concours matzemaachen? Hei geet et drëms, méiglechst vill "klasséiert Monumenter" virun d'Lëns ze kréien an déi op Commons eropzelueden. Op der Haaptsäit ass e Link bei méi Explikatiounen. Knipse kann ee schonn elo, eroplueden am September. Vill Spaass!

--Zinneke (Diskussioun) 21:30, 17. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci Zinneke,

ech sinn doran nach zimmlech gréng a frou wann en aneren et rit béit. Merci och fir den Tipp, ech weess just net, ob ech déi néideg Zäit dofir fannen.

--Ioni (Diskussioun) 22:01, 17. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Hi! Please remember to add a license to the files you upload. You can see your uploads here Spezial:Billerlëscht/Ioni. --MGA73 (Diskussioun) 20:54, 25. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Hi MGA73, can you explain how to proceed? Do I need to upload the files a second time?
Thanks, --Ioni (Diskussioun) 22:03, 25. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Foto Kapenaker[Quelltext änneren]

Moien, hat déi Foto net richteg eropgelueden oder ass de Problem am Original? --91.177.163.251 16:25, 17. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

déi Foto ass 4608 x 3456 pixel grouss (Verhältnes 4 : 3) a gëtt beim Eroplueden an en anert Säiteverhältnes (3 : 2) gesat; ech verstinn net wéisou.
Ech hunn déi Foto déi do war mol verbessert. Se hat vläicht e Feeler. --Les Meloures (Diskussioun) 05:36, 18. Mee 2018 (UTC)[äntweren]