Blackpool FC
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Blackpool FC (Spëtznimm The Seasiders, The Tangerines) ass en englesche Foussballveräin zu Blackpool am Lancashire. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2008/09 am Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Bloomfield Road Stadion.
De Veräin gouf 1877 gegrënnt. D'Glanzzäit vu Blackpool FC war tëschent den 1930er an den 1960er Joren, wou si gréisstendeels an der Division One, deemools der héchster Spillklass am englesche Foussball, gespillt hunn. 1956 waren si um Enn vun der Saison op der 2. Plaz, wat si zanterhier net méi erreecht hunn. 1953 hu si de FA Cup gewonn, bis ewell de gréisste Succès an der Veräinsgeschicht.
