Bluttbuch bei der Méchelskierch

Vu Wikipedia
Bluttbuch bei der Méchelskierch
De Bam, vun der Corniche aus gekuckt (Januar 2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress 14, Rue Sigefroi
Koordinaten 49°36'40,79"N, 6°8'7,26"O
Bamaart Routbuch
Héicht 21,2 m (2023)
Duerchmiesser 1,10 m (2023)
Ëmfang 3,46 m (2023)
Vum Bock aus gesinn (Januar 2008).

D'Bluttbuch bei der Méchelskierch, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet am Gaart vum Parhaus vun der Méchelskierch an der Stad Lëtzebuerg. D'Bluttbuch (Fagus sylvatica cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) ass eng Varietéit vun der gewéinlecher Buch (Fagus sylvatica).

D'Buch bei der Méchelskierch ass bemierkenswäert wéinst hirer imposanter Kroun, mä virun allem och wéinst hirem Standuert: si steet op enger vun deenen historesch eelsten an touristesch am meescht besichte Plazen an der Stad Lëtzebuerg.

Den Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer sécherlech 100 Joer iwwerschreiden.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 19 m; Ëmfang: 1,0 m (op Broschthéicht); ëm 2023 war et en Ëmfang vun 3,46 m an eng Héicht vun 21,2 m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Aner bemierkenswäert Beem op der Corniche[änneren | Quelltext änneren]

Weider bemierkenswäert Beem an der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Bluttbuch bei der Méchelskierch fënnt een op de Säiten 78 an 79, Text a Foto).
  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 160-161, Text a Foto).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bluttbuch bei der Méchelskierch – Biller, Videoen oder Audiodateien