Brahin (Meteorit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Meteorit Brahin gouf 1807 am Woblast Homel a Wäissrussland, vu Bauere fonnt.
Hie war nom Meteorit Krasnojarsk am Joer 1749 deen zweete Meteorittefonnt a Russland. D'Haaptmass hat ronn 850 kg gewien. De Meteorit staamt aus der Asteroidenceinture a gëtt als Pallasit, eng Grupp vun Steen-Eisemeteoritten, klassifizéiert.
Chemesch Zesummesetzung: 36,5 % SiO2; 13,7 % FeO; 43,2 % MgO; 0,3 % MnO; 3,82 % P2O5