Bratzel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Bratzel | |||||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
|
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
| Allium schoenoprasum L. |
|||||||||||||||||||
D' Bratzel ass eng aromatesch Planz déi an Europa, Asien an Nordamerika doheem ass.
Si gehéiert zu der Famill vun den Ënneplanzen an et gëtt ongeféier eng 700 Zorten.
D'Bratzel gëtt och als Gaardeplanz geziicht, an hir Blieder, déi bis 35 cm laang sinn, ginn als Gewierz benotzt. D'Blieder hunn eng zylindresch Form, sinn huel an der Mëtt, an hunn eng donkelgréng Faarf.
D'Bléien hunn d'Form vun enger Kläckelchen a stinn zesummen op engem kugelfërmege Kapp deen en Duerchmiesser bis zu 3 cm kann hunn. Et kënne bis zu 30 Bléien op engem Kapp sinn. Meeschtens sinn se blazeg purpurrout, kënnen awer och wäiss sinn.
D'Gaardebratzel huet de wëssenschaftlechen Numm Allium schoenoprasum L.
| Commons: Allium schoenoprasum – Biller, Videoen oder Audiodateien |