Buchen um Houwald

Vu Wikipedia
Buchen um Houwald
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper
Plaz Houwald
Adress Rue Henri Entringer
Koordinaten 49°34'45,16"N, 6°8'47,58"O
Bamaart Bichen
Héicht 27,3 m (2023)
Duerchmiesser 0,89 m (2023)
Ëmfang 2,80 m (2023)
Buchen um Houwald (Lëtzebuerg)
Buchen um Houwald
Buchen um Houwald
Lag vun de bemierkenswäerte Beem

D'Buchen um Houwald sinn eng Koppel Buchen déi um Houwald an der Gemeng Hesper stinn an zënter 2023 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Beem stinn um Houwald laanscht der Rue Henri Entringer, am Bësch tëscht dem Houwalder Bëschkierfecht an dem Waassertuerm.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et ass beandrockend ze gesinn, wéi dës zwéi Beem zesummegewuess sinn. Op englesch gëtt esou eng Fusioun “Husband and Wife tree” (Mann-a-Fra-Bam) genannt. Wärend et zimmlech heefeg ass, datt Beem mat de Wuerzelen zesummewuessen (besonnesch bannent derselwechter Aart), sou ass et awer net gewéinlech, datt Beem mat den Äscht fusionéieren; esou eng Fusioun gëtt Anastomos genannt.

D'Verbindung tëscht den Äscht vun zwéi Beeem geschitt doduerch, datt bei Äscht, déi souwisou schonn no beienee gewuess sinn, déi zwou Extremitéite sech stänneg widderenee reiwen. Des Reiwung, dacks wéinst der Beweegung am Wand, hannerléisst Blessen, déi hirersäits den Tissu ënner der Schuel fräileeën. An dësem Tissu gëtt et Zellen a Gefäässer. Wann e Bam blesséiert gëtt, probéiert en d'Wonn zouzemaachen andeems en nei Zelle produzéiert, déi en iwwer seng Gefäässer mat Närstoffer a Waasser alimentéiert. Bei de Beem um Houwald hu béid Beem sech selwer a gläichzäiteg een deen anere reparéiert. Hir Tissuen an d'Gefäässer hu sech verbonnen.

Eng vun den zwou Buchen wiisst zimmlech riicht a produzéiert Blieder op ganz héijen Äscht, déi gutt vun der Sonn profitéiere kënnen. Den anere Bam huet eng manner gutt entwéckelt Kroun an e konnt sech tëscht den anere Buchen an der Héicht och net esou gutt Plaz maachen. Well en net esou gutt Luucht kritt, huet seng Kroun sech zur Säit hin entwéckelt. Säi Stamm ass och liicht op d'Säit gekippt.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer
2023 2,79 0,89 27,30

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 142-143, Fotoen an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buchen um Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables, 2023 an der Literatur