Centre Wax

Vu Wikipedia
De Kulturzentrum Wax (Feb. 2017)
De Centre Wax vum Kreesverkéier aus gekuckt (Okt. 2012)
Dat rout Haus virum Centre Wax (Feb. 2017)

De Centre Wax ass e Kulturzentrum an der Rue de l'Église zu Péiteng, deen an der renovéierter Péitenger Millen ageriicht gouf an ënner der Gestioun vun der Konscht-Millen Péiteng a.s.b.l. steet.

D'offiziell Aweiung war den 18. Oktober 2012 a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert.[1]

Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

  • 1983: De Millebetrib gëtt agestallt, nodeem d'Millen 200 Joer laang am Besëtz vun der Famill Waxweiler war.
  • 198x: De Staat keeft d'Gebai mat dem ganze Beréng fir kënnen de Contournement vu Péiteng ze bauen.
  • 1986: D'Mille gëtt als nationaalt Monument klasséiert.
  • 2000: D'Gebailechkeete gi vun der Gemeng Péiteng ënner dem deemolege Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf fir 11,5 Millioune Frang opkaaft.
  • 2009 - 2012: Renovatioun an Ëmbau vum Gebai. Zoustänneg fir d'Renovéierung war d'Tatiana Fabeck. D'Maschinne vun der Mille sinn och erhalen a renovéiert ginn.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Rez-de-chaussée ass eng Brasserie an e Restaurant ageriicht.
  • Um éischte Stack si Konschtatelieren.
  • De Raum ënner dem Daach, dee mat enger Klengkonschtbün soll ekipéiert ginn, kann och fir Versammlungen a Receptioune benotzt ginn.

De Veräi Konscht-Millen Péiteng[änneren | Quelltext änneren]

D'Associatioun gouf den 28. Juni 2012 gegrënnt mam Zweck de Centre Wax ze verwalten a soziokulturell ze beliewen[2]. President ass de Roger Klein.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Octavie Modert assiste à l'inauguration du nouveau centre de rencontre socio-culturel, le WAX, à Pétange. gouvernement.lu, 18-10-2012.
  2. http://www.etat.lu/memorial/2012/C/Pdf/c2096238.pdf#Page=2 D'Statuten, Memorial C No 2096 vum 23. August 2012.