Scharabang

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Char-à-Bancs)
En amerikanesche Scharabang

E Scharabang (ofgeleet vum franséische Char-à-Bancs) ass eng véierriedereg Kutsch déi als Zweespänner oder Véierspänner ka gefuer ginn.

D'Kutsch huet eng laang Këscht op där a puer Reie Bänke stinn, an déi bal ëmmer zu de Säiten op ass. Dës Bänke stinn de queesche Wee op der Këscht, meeschten sinn et der zwou oder dräi. Zwou Reie kënnen och Réck widder Réck stoen.

Scharabange goufen haaptsächlech benotzt fir spadséieren ze fueren, oder fir op d'Juegd ze fueren.

Déi éischt Documentatioun déi ee vu Scharabange fënnt ass aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert, an ass an engem Artikel vum Journal helvétique vum Dezember 1764 ze fannen.

D'Englänner hunn de Scharabang eréischt 1845 matkritt. Den éischte Scharabang deen et an England gouf, war e Kaddo deen de Louis-Philippe der Kinnigin Victoria gemaach hat. E gouf vun de Paräisser Carossieren Gauthier et Picheron gebaut, an e steet haut an der kinneklecher Residenz Hampton Court.

D'Scharabange si Kutschen déi normalerweis net vun engem Kutscher gefouert ginn, mä vum Proprietär selwer. Grouss Scharabange mat bis zu 40 Plaze goufe Pauline genannt a goufen haaptsächlech zu Paräis gebraucht fir d'Leit op d'Hippodromen ze féieren.

Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker