Chittagong

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Chittagong (op Chittagonesch a Bengali: চট্টগ্রাম, Chôţţogram) ass den Haapthafen an déi zweetgréisst Stad am Bangladesch. Si läit um Karnaphuli-Floss an huet iwwer fënnef Millounen Awunner.

Zanter dem 9. Joerhonnert ass Chittagong eng Handelsplaz déi sech duerch eng räich Geschicht mat islameschen, hindu a buddhisteschen Aflëss auszeechent. Déi modern Stad gouf während der britescher Kolonialzäit als Handelsplattform fir ënner anerem Téi a Pëtrol ausgebaut. Gläichzäiteg huet Chittagong eng zentral Roll an der Resistenz géint déi britesch Kolonialmuecht gespillt. Och am zweete Weltkrich war d'Stad eng wichteg Militärbasis a Verfleegungsplaz fir déi Alliéiert während dem Burmafeldzug géint Japan. No der Deelung vun Indien 1947 ass Chittagong en Deel vun Ost-Pakistan ginn. 1971 huet sech Ost-Pakistan géint dem West-Pakistan säi Refus rebelléiert, d'Resultater vun den demokratesche Walen unzeerkennen, an d'Onofhängegkeet vun Ost-Pakistan (Bangladesh) gouf am selwechte Joer zu Chittagong erkläert. Als Konsequenz war d'Stad wéi de Rescht vum Land während dem Befreiungskrich Zeie vun enger Séiblockad a vu schlëmme Massaker duerch d'pakistanesch Arméi.

Haut ass Chittagong eng vun de Stied op der Welt déi am séierste wuessen an huet sech als wichtege Wirtschafts- an Industriezentrum an der Regioun entwéckelt. Well d'Stad dobäi ass, riseg Infrastrukturprojeten ëmzesetzen, dorënner en Déifwaasserhafen, hunn d'Nopeschlänner Indien a China Chittagong als regional Transitplattform am A. Den Hafe gëtt als entscheedend fir d'wirtschaftlech Entwécklung vum bannenzegen Asien ugesinn, dorënner Nordostindien, Bhutan, Nepal an Deeler vu Südchina.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]