Op den Inhalt sprangen

Conseil national du livre

Vu Wikipedia

De Conseil national du livre (CNLi) ass e konsultatiivt Organ dat dem Lëtzebuerger Kulturministère ënnersteet. En ass duerch d'ministeriellt Reglement vum 15. Januar 1998 gegrënnt ginn[1].

Am Artikel 23 vum Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter[2] gëtt den CNLi frësch bestëmmt a fonctionéiert elo ënnert der Verantwortung vum Lëtzebuerger Literaturarchiv. Am groussherzogleche Reglement vum 5. Februar 2007 gëtt d'Organisatioun vum CNLi festgeluecht. An deem Reglement gëtt och dat vun 1998 ofgeschaaft[3].

Missioun vum CNLi

Originalmissioun vun 1998[3][4]

Le Conseil national du Livre est un organe consultatif qui a pour mission générale d'analyser les demandes d'aide et de subvention adressées au Ministère de la Culture selon leur conformité avec l'objectif de promouvoir la création littéraire et la diffusion d'ouvrages à valeur littéraire.

Il a encore pour mission d'étudier, à la demande du Ministère de la Culture, des dossiers techniques ponctuels portant sur les aspects commercial, fiscal, juridique, tant à l'échelle nationale qu'internationale, de la création littéraire. A cet effet, il pourra être invité à participer à des réunions du groupe de travail interministériel « édition».

Le Conseil national du Livre sera chargé de toute autre mission qui lui sera confiée par le Ministre de la Culture, voire même par le Gouvernement, et qui rentre dans le cadre de ses attributions.

Missioun zanter 2004[2][4]

...en tant qu'organe consultatif, a pour mission d'analyser les demandes d'aide et de subvention adressées au ministre ayant la Culture dans ses attributions, selon leur objectif de promouvoir la création littéraire et sa diffusion. Il a en outre pour mission d'étudier les dossiers lui soumis par ledit ministre en rapport avec la création littéraire, les prix littéraires nationaux ou le domaine de l'édition.

Membere vum CNLi

Am Februar 2007 goufe follgend Leit fir e Mandat vun dräi Joer, dat kann erneiert ginn, an de Conseil genannt[5]:

Numm representéiert[6]
Denise Besch Ministère de la Culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche
Robert Brachmond Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle
Dirk Sumkötter Fédération des éditeurs luxembourgeois
Jean-Claude Diderich, Fédération luxembourgeoise des libraires
Alexandra Fixmer Fédération des éditeurs luxembourgeois
Germaine Goetzinger Centre national de littérature
Jhemp Hoscheit Schrëftstellerverband
Monique Kieffer Nationalbibliothéik
Paul Maas
Colette Mart Schrëftstellerverband
Jean-Marie Reding
Romain Sahr Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle
Pierre Schumacher

President vum Conseil national du livre war den Dirk Sumkötter.

De 16. Abrëll 2007 huet de Jhemp Hoscheit seng Demissioun ginn[7]. De 7. Mäerz 2008 goufen duerch e groussherzoglecht Reglement d'Alexandra Fixmer an de Jhemp Hoscheid duerch d'Susanne Jaspers an d'Carmen Heyar ersat[8].

Iwwert d'Jore koum et nach zu e puer Remaniementer an zanter August 2019 si follgend Leit Member vum Conseil[9]:

Numm representéiert
Myriam Bamberg Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Marc Binsfeld[10][11] Lëtzebuerger Bicherediteuren
Iris Depoulain Office la propriété intellectuelle
Fernand Ernster Fédération luxembourgeoise des libraires
Gusty Graas Union luxembourgeoise des bibliothèques publiques
Nico Helminger (President) Schrëftsteller
Romain Jeblick Luxembourg Organization For Reproduction Rights
Josée Kirps Archives nationales du Luxembourg
Martine Mathay Bibliothèque nationale de Luxembourg
Jean-Marie Reding Association luxembourgeoise des bibliothécaires documentalistes et archivistes
Claudia Schneider-Schoo Initiativ Freed um Liesen
Pascal Seil Centre national de littérature
Nora Si Abderrahmane Ministère de la Culture
Sophie Thoma Ministère de la Culture
Nora Wagener Schrëftstellerin

Referenzen

  1. Règlement ministériel du 15 janvier 1998 portant création du Conseil national du Livre (CNLi). - Legilux. legilux.public.lu (15.01.1998). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  2. 2,0 2,1 Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. - Legilux. legilux.public.lu (25.06.2004). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  3. 3,0 3,1 Règlement grand-ducal du 5 février 2007 déterminant les modalités de fonctionnement du Conseil national du livre. - Legilux. legilux.public.lu (05.02.2007). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  4. 4,0 4,1 Originaltext aus dem Artikel 23
  5. Mémorial B N°12 vum 26 Februar 2007 mat den éischten Nominatiounen
  6. Well am Gesetz net bei jiddwerengem steet wat fir e Verband, oder Ministère oder Institutioun e vertrëtt, ass et der Wikipedia am Ament net méiglech bei all Member déi Informatioun derbäizesetzen.
  7. Annales ALBAD 2007 / 2008
  8. Arrêté grand-ducal ënnerschriwwen de 7. Mäerz 2008. D'Wikipedia krut d'Nominatioun op Ufro beim Kulturministère iwwer E-Mail matgedeelt. Leider goufe mer och do net gewuer wéini datt d'Publikatioun am Memorial war. D'Äntwert war déi hei: Arrêté grand-ducal modifiant l'Arrêté grand-ducal du 5 février 2007 portant nomination des membres du Conseil national du livre, signé le 7 mars 2008. No Nofro de 14. Mee 2009 um Service de législation, krut d'Wikipedia confirméiert, datt den Arrêté net am Memorial publizéiert gouf.
  9. Arrêté grand-ducal du 8 novembre 2019 portant nouvelle composition du Conseil national du Livre. - Legilux. legilux.public.lu (08.11.2019). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  10. Arrêté grand-ducal du 10 septembre 2020 portant remplacement d'un membre du Conseil national du Livre. - Legilux. legilux.public.lu (10.10.2020). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  11. ersetzt de Wolf von Leipzig