Coutances

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Coutances
Kaart-Coutances.png
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Gendarmerie Nord Normandie 1.svg Basse-Normandie
Departement Blason département fr Manche.svg Manche
Arrondissement Coutances
Kanton Coutances
Code Insee 50147
Postcode 50200
Koordinaten 49° 02' 46" N
01° 26' 38" O
Fläch Uertschaft  1 251 ha
Bevëlkerung Uertschaft  9 522 (1999)


Coutances ass eng franséisch Gemeng am Departement Manche an der Regioun Basse-Normandie.

Vue op Coutances mat der Kathedral

Coutances läit op engem Vekéiersknuet deen am Zweete Weltkrich staark vun der Wehrmacht verdeedegt gouf. Dëst huet mat sech bruecht, datt déi amerikanesch Aviatioun d'Stad laang bombardéiert huet. Doduercher gouf den Zentrum praktesch ganz zerstéiert.

D'Kathedral Notre-Dame, ee vun de Bijouen vun de Gotik an der Normandie, hat zwar net vill Schued gelidden, awer d'Nikloskierch war schwéier beschiedegt ginn.

Coutances gouf den 28. Juli 1944, duerch d'Truppe vum 7. an 8. amerikaneschen Arméikorps befreit.

D'Stad läit un der Voie de la Liberté ronn 68 km vu Sainte-Mère-Église.

Coutances ass de Sëtz vun engem Bistum. D'Stad ass soss nach bekannt wéinst dem Festival Jazz Sous les pommiers.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Commons: Coutances – Biller, Videoen oder Audiodateien