Dame blanche (Geheimdéngscht)

Vu Wikipedia

Dame blanche ass den Numm vun engem Geheimreseau am Éischte Weltkrich mat Schwéierpunkt an der Belsch, dee sech géint déi däitsch Besatzung geriicht huet. Dat Observatiounsnetzwierk gouf 1916 vum Walthère Dewé ageriicht an hat seng Zentral zu Léck. De Reseau huet sech iwwer d'ganz Belsch, den Norde vu Frankräich a Lëtzebuerg erstreckt. Zil war d'Observatioun vun Truppen- a Wuerebeweegungen iwwer d'Eisebunn, net nëmmen am Dag, mä och an der Nuecht.

D'Dame blanche war duerch eng streng a geheim Charta militäresch organiséiert, hir Membere goufen offiziell als Zaldoten unerkannt. Mat senge méi wéi 1.000 Memberen, dorënner eng Majoritéit vu Fraen, huet dee Geheimdéngscht iwwer den hollännesche Reseau "T" mat dem brittesche Geheimdéngscht zesummegeschafft. E gouf souguer zum Deel vum British War Office finanzéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Decock. Revue belge d'histoire militaire, XXVII-3, « La Dame Blanche 1916-1918 ».
  • Tammy M. Proctor. Female Intelligence: Women and Espionage in the First World War. New York and London: New York University Press, 2003. 205 pp. ISBN 0-8147-6693-5.
  • Pierre Decock, La Dame Blanche. Un réseau de renseignements de la Grande Guerre, lulu.com, 2010, ISBN 978-1-4452-9704-0